Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fuocoammare: Géint d'Anonymitéit

Flüchtlingen

Fuocoammare: Géint d'Anonymitéit

A sengem Documentaire "Fuocoammare" kontrastéiert de Gianfranco Rosi d'Liewe vun den Dausende Refugiéen, déi um Ufer vun der italienescher Insel Lampedusa landen, mam Alldag vun den Awunner. Bei der Avant-Première vum Film hu Refugiéen, déi d'Rees iwwert d'Mëttelmier iwwerlieft hunn, hir Geschicht mat de Spectateure gedeelt.

auto_stories

4 min

Fuocoammare gëtt de Refugiéen ee Gesiicht. Foto: Météore Films

Den Documentaire "Fuocoammare", deen dëst Joer de Gëllene Bier op der Berlinale gewonnen huet, beréiert. De Film portraitéiert d'Liewen op der Insel Lampedusa, aus der Siicht vun den Awunner, zum Beispill dem zwielef Joer aale Samuele. Mee och de Bléckwénkel vun de Refugiéen, déi d'Rees iwwer d'Mëttelmier woen, gëtt gewisen. Iwwer déi lescht 20 Joer hu méi wéi 400,000 Migranten déi sizilianesch Insel erreecht. De Wee iwwer d'Mier hunn der Dausenden net iwwerlieft.

Déi lëtzebuergesch Avant-Première vum Film gouf vum Cercle de Coopération, ënner anerem mat der Ënnerstëtzung vun der Caritas, der ASTI, a Médecins Sans Frontières organiséiert.

"Vun de Nummeren ewech kommen"

"An den Zeitunge gesi mir ëmmer just Nummeren", esou d'Carole Reckinger vu Caritas Lëtzebuerg. De Film géif weisen, wien hannert dësen Nummere stieche géif. Dofir hätt een och Leit agelueden, déi bereet waren iwwer hir Erfarung ze schwätzen.

Ouni narrative Voiceover, an duerch eng gréisstendeels fix Kamera-Positioun, geléngt et dem Gianfranco Rosi, dem Spectateur eleng duerch d'Biller d'Realitéit vum Alldag zu Lampedusa ze vermëttelen. De Mellot Haile, dee selwer iwwert d'Mëttelmier op di Sizilianesch Insel komm ass, fënnt "Fuocoammare" markant. "De Film dréckt aus, wat wierklech am Mëttelmier geschitt. Wéi mir do am Waasser stierwen." Donieft géif de Film weisen, wéi d'Mënschen op Lampedusa géife leiden. "De Film ass ee gutt Beispill, wéi ee ganz Europa ka weisen, wien de Refugié ass."

Et geet ëm d'Iwwerliewen

Dem Gianfranco Rosi säi Film dokumentéiert, datt déi Italienesch Rettungsdéngschter dacks déi lescht Hëllef fir d'Migrante sinn, déi vun de Schmuggler op iwwerfëllten an onséchere Booter op d'Mier gedriwwe ginn.

"Wann een um Waasser ass geet et nëmmen ëm d'Iwwerliewen", esou den Eriträer Kidane Tesfamariam. Hien erënnert sech, datt hien Nuets guer näischt gesinn huet "Et weess ee net wat virun a ronderëm een ass. Dat ass d'Liewen um Mier." D'Leit zu Lampedusa géife vill fir d'Refugiéë maachen, seet de Kidane Tesfamariam.

Nëmmen een Deel vun der Rees

Op Lampedusa kréien d'Migranten eng medezinesch Betreiung a frësch Kleeder. Si verbréngen dacks net méi wéi 72 Stonnen op der Insel. Duerno komme si op d'Festland, wou hir Asyldemande gemaach gëtt.

"Fuocoammare" weist awer nëmmen ee klengen Deel vun der schwéierer a laanger Rees, déi d'Migrante maachen. De Mellot Haile ass zum Beispill vun Eritrea aus iwwert de Sudan, Libyen an Italien op Lëtzebuerg komm. Hien erzielt, hie wier aus engem schwierege Land an ee Land komm, dat reliéis Schwieregkeeten hätt. Dofir wier hie weider gezunn. "Du sinn ech a Libyen komm, ee Land ouni Regierung a Gesetzer. Dofir sinn ech erëm geflücht." Hien erzielt, hien hätt um Mier vill gelidden. "Stellt Iech fir, ech hunn dëse Wee iwwerlieft. Elo liewen ech an engem friddleche Land."

"Mir kommen net fir finanzéiert ze ginn"

Migrante wéi de Mellot Haile sinn op der Sich no engem friddleche Land wou se liewe kennen. Säi Land verloossen wier net einfach: Déi riskant Rees wier dacks deen eenzege Choix, deen d'Migrante maache kéinten, esou den Eriträer Kidane Tesfamariam.

D'Flüchtlinge géingen net an Europa kommen, fir vum Staat finanzéiert ze ginn, mee wéinst der schlëmmer Situatioun an hiren Heemechtslänner. Et wier schwéier, als Refugié ze liewen, seet den Eriträer. "Als Flüchtling ze liewen, ass wéi ee Kand ouni Mamm ze sinn." Mee dat wier besser, wéi dat Liewe virdrun.

Dem Gianfranco Rosi säi Film drängt dem Spectateur keen explizitte Message op. Mee e weist duerch eng subtil Géintiwwerstellung vun Zeenen op déi humanitär Tragedie hin, déi sech am Mëttelmier ofspillt.
De Film hëlleft, de Refugié besser ze verstoen an him, oder hir, ee Gesiicht ze ginn. "Fuocoammare" gëtt engem ee bessert Versteesdemech vu Lampedusa, wéi dat, wat de Noriichten ze gesinn oder ze héieren ass.