Radioen

On air

De Moien  |  Medien a Politiker am Clinch

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gast Groeber - Zweemol schwaarze Kueder

Buch-Tipp fir de Summer

Gast Groeber - Zweemol schwaarze Kueder

Den drëtte Roman - oder Novell - vum Gast Groeber huet méi ze bidde wéi just 122 Säiten Text. Engersäits bitt se den akribesche Groeber-Stil, anerersäits iwwerrascht den Auteur mat ongewéinlecher Situatiounskomik, och wann d'Story u sech net witzeg ass.

auto_stories

3 min

Fir d'Valerija Berdi ass "Zweemol schwaarze Kueder" eng absolut Recommandatioun

Eng Koppel, déi ausenaner fält, ass de Kär vun dëser skurriller Geschicht vum Gast Groeber. Eng banal Koppel, déi un déi grouss an éiweg Léift gegleeft huet a sech haut näischt méi ze soen huet. Eng gehuewe Mëttelschicht-Koppel, esou eng wéi et der Dausenden zu Lëtzebuerg gëtt.

Den Jogg, mam richtegen Numm Pierre, huet seng eminent Ziler am Liewen, e perfekte Leefer ze sinn an a senger Firma Carrière ze maachen. Hei geet et net ëm de Frick, mee ëm d'Muecht, an da seng Fra d'Florence, eng Journalistin, déi probéiert no engem dramatesche Verloscht hiert Liewen an de Grëff ze kréien, e Liewen, an deem de Pierre keng Plaz méi huet.

Déi zwee Kuederen

Mee sou banal ass d'Essenz vun "Zweemol schwaarze Kueder" net, well genee zwee Kuederen d'Existenz vum Koppelliewen op d'Kopp geheien. Deen ee Kueder gräift de Pierre nämlech bei deem sengem Supertraining un, matzen op engem Feldwee, wou deen dach grad am Gaange war seng Rekordzäit ze lafen.

Et ass keen harmlosen Iwwerfall, den Jogg, oder ebe Pierre, ass schwéier blesséiert, esou schwéier, datt hien et bal net packt, senger Fra unzeruffen an, ganz wichteg, säin Zoustand op de soziale Medien der Welt matzedeelen.

D'Fra kënnt zu Hëllef, de Pierre ass entsat - si ass a Begleedung vun engem Veterinär - an do eskaléiert alles.

E Fraepësperer?

De Gast Groeber schéngt sech als e Fraepësperer ze entlarven. A senge Geschichte sinn d'Männer meeschtens onsympathesch, egoistesch a fräi vun all Empathie. Sou och de Pierre. E Mann, wuel a senge beschte Joren, ass esou mat sech selwer beschäftegt, datt et fir hien normal ass, datt sech d'Welt just ëm hien dréit, a seng Fra - de Possessivpronomen ass dacks genuch ze liesen - ganz natierlech zu sengem Inventar gehéiert a ganz iwwerrascht ass, datt dës Fra keng Loscht méi op esou en aarmséilege Wuerm huet ...

Och wann d'Reprochen, déi d'Koppel sech un de Kapp geheien, wuel esou al sinn, wéi et ebe Koppele gëtt, sou ass am Groeber senger Novell d'Verpackung, déi ee matrappt.

Eng villschichteg Geschicht

Et ass eng immens villschichteg Geschicht. Fir d'éischt mol déi total absurd Situatioun an déi d'Protagoniste geroden.

Dann dee ganze Koup vun Themen, déi de Groeber an d'Erzielung stécht: Net just d'Liewen an der Koppel, mee och den Individualismus, den Egoismus, de Besoin no Muecht, de Verloscht, den Afloss vun de soziale Medien, d'Mësstrauen an d'Elengsinn, hei d'Sprinselen, déi net weider ausgebaut ginn, sech awer och nom Liesen am Kapp ausbreeden.

Stil a Fazit

Och stilistesch huet de Gast Groeber hei vill Opweises. Virun allem ass den Ufank an enger besonnesch poetescher Sprooch gehalen, an esou Ausdréck, wéi "eng Kaz vum Buedem plécken", sinn net just schéin, mee och bildlech passend.

Souguer an den Dialogen, déi net grad dem Auteur seng Stäerkt sinn, ass eng positiv Entwécklung festzestellen, bis op e puer grujeleg Ausnamen, an déi dem Groeber eegen akribesch Beschreiwunge langweilen net.

An den zweete Kueder? Erënnert un e bestëmmte Murakami an ... gudden Appetit ... mee hei kann ech awer wierklech soen, gutt Lecture!