Radioen

On air

Notturno  |  Debby Blackwell - Once You Got Me Going

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Wanns de net lies, brauchs de net ze schreiwen"

Prix Batty Weber

"Wanns de net lies, brauchs de net ze schreiwen"

De Georges Hausemer huet ëmmer e literareschen Usproch u seng Reesliteratur gestallt. Well dëst am allgemenge Bewosstsinn net selbstverständlech wier, ass den Auteur besonnesch houfreg op säi Batty Weber-Präis.

auto_stories

2 min

Fir säin Asaz fir de Lëtzebuerger Literaturbetrib heiheem an am Ausland huet d'Jury ënnert der Présidence vum Claude D. Conter de Georges Hausemer ausgezeechent. De Batty Weber-Präis gëtt just all dräi Joer fir d'Gesamtwierk vun engem Schrëftsteller verginn.

"Dacks huet d'Reesliteratur kee literareschen Usproch. Dat ass Journalismus", seet den Auteur. "Mir selwer war dat ëmmer ganz wichteg." Aus deem Grond wier seng Reesliteraratur och e groussen Deel vu sengem Gesamtwierk - an hätt en Undeel dorun, datt de Batty Weber-Präis un hie geet.

Virwëtz als Inspiratioun

De Georges Hausemer huet déi ganz Palett vun der Reesliteratur ausgenotzt. "Wann ech eng Rees maachen, da gëtt et verschidde Méiglechkeeten, wéi ech am Schreiwen op déi Rees ka reagéieren. Ech kann dokumentaresch dozou eppes soen, ech kann eng Fiktioun doraus maachen, ech kann Notize schreiwen oder e längeren Text. Ech kann eng Erzielung schreiwen, déi vläicht just an engem ganz klengen Aspekt mat der Rees eppes ze dinn huet, mä wou d'Rees awer zum Text gehéiert."

Als seng Stäerkt bezeechent den Auteur d'Verschaffe vu visuellen Andréck. "Virwëtzeg sinn, Saachen zur Kenntnis huelen a weiderentwéckelen. Dat ka sech spane bis a ganz surrealistesch Zeenen." E Beispill ass d'Wierk "Der Suppenfisch" vum Georges Hausemer. "Do freet sech da jiddereen: Wat ass dat? Ech hunn eng Liichtegkeet, esou Biller z'entwéckelen."

Engagement am Ausland

De Batty Weber-Präis krut de Georges Hausemer och fir säin Asaz fir d'Literatur zu Lëtzebuerg an am Ausland. Schonn a senger Studienzäit huet den Auteur Texter un auslännesch Literaturzeitunge geschéckt an éischt Kontakter geknäppt. "An den 1980er Joren hunn ech dunn am Ausland proposéiert och lëtzebuergesch Editiounen opzesetzen. Ech hat ëmmer de Besoin fir eis Literatur iwwert d'Grenzen erauszebréngen. Ech wollt déi aner Auteure matrappen." Mat der Zäit sinn ëmmer méi lëtzebuergesch Auteuren zesumme mam Georges Hausemer an d'Ausland invitéiert ginn. "Dat huet mer gutt gefall."

D'Präisiwwerreechung ass den 23. Oktober 2017 am Centre national de littérature zu Miersch.

D'Nathalie Bender am Gespréich mam Georges Hausemerplay_arrow