Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Jaguar Sun - One Day

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Geschichten aus der italienescher Immigratioun

Baru - Bella Ciao

Geschichten aus der italienescher Immigratioun

Bella ciao ass eng Bande dessinée an dräi Bänn, an där de Baru Geschichten iwwer d'italieenesch Immigratioun an den industriellen Norde vun der Lorraine versammelt. Deelweis stamen se aus dem Zeechner sengem eegenen Ëmfeld, deelweis aus der Geschicht. Zesummegehale ginn d'Erzielunge vu bestëmmte Motiver, dorënner d'Partisane-Lidd "Bella ciao", dat der Bande dessinée hiren Titel gëtt.

auto_stories

2 min

D'Buch gëtt duerch en duebele Bléck charakteriséiert, e Bléck no hannen a no vir. Et geet ëm eng Recherche vun de Originnen, déi festgehale solle ginn, fir datt och déi spéider Generatioune se nach kennen, a gläichzäiteg ëm eng Sich nom Moment, wou de Immigrant "transparent" gëtt, no baussen hin net méi als Immigrant gesi gëtt.

Lass geet et mat engem däischtere Prolog, enger Rekonstruktioun vu engem Massaker un italieneschen Aarbechter zu Aigues-Mortes am Joer 1893. De Baru fänkt hei in medias res un a spréngt an der Zäit hin an hier, esou datt een eréischt lues a lues d'Hannergrënn an d'Zesummenhäng versteet.

Dëse Prinzip fënnt een och an den aneren dräi Erzielunge vun dësem éischte Band. An der zweeter erënnert sech den Erzieler un seng Kommuniounsfeier Ufanks de Sechzeger Joren, an et ass och eng Geschicht, déi sech ganz explizitt mat der Zouverlässegkeet vun der Erënnerung auserneesetzt.

Duerno kommen nach zwou Geschichten iwwer d'Relatioun vun den italieneschen Immigranten zum Faschismus kuerz virun a wärend dem zweete Weltkrich. Dem Baru säi Papp mécht virun dësem Hannergrond eng Demande fir d'franséisch Nationalitéit unzehuelen. An enger anerer Famill gëtt sech un e Monni erënnert, deem mat den Internationale Brigaden a Spuenie gekämpft huet. Et sinn dëst vläicht déi accessibelst Erzielungen am Buch, och well se vill mat Humor an Ironie schaffen.

Insgesamt presentéiert de Baru eng déifgrënneg Reflexioun iwwer Immigratioun an Identitéit, verschachtelt a komplex erzielt, mat engem Aquarellstil, dee sech ëmmer de Geschichten upasst. E kann een dës Bande dessinée mat vill Gewënn liesen, speziell aus enger lëtzebuergescher Perspektiv, well si ass net nëmme geographesch, mee och thematesch ganz no un eisem Land drun.