Radioen

On air

One World  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gewënner vum Prix d'Art Robert Schuman 2019

Groussregioun

Gewënner vum Prix d'Art Robert Schuman 2019

Zanter 1991 iwwerreecht d'Asbl Quattropole, also den Zesummeschloss vun de véier Stied Lëtzebuerg-Metz-Saarbrécken-Tréier, all zwee Joer de Prix d'Art Robert Schuman. An all Memberstaat gëtt dofir am Virfeld e Curateur genannt, dee véier Artisten a senger Stad selektionéiert. D'Aarbechte vun alle 16 Kënschtler sinn aktuell zu Lëtzebuerg ze gesinn, an zwar an der Villa Vauban an am Cercle Cité. Gëschter Owend war Präisiwwerreechung.

auto_stories

2 min

Domat hat hien net gerechent: de Metzer Sculpteur a Moler Thibaud Schneider, Joergang 1995, an deemno de jéngste Participant, ass de Laureat vum Prix d'Art Robert Schuman 2019. An Zuele bedeit dat: eng Dotatioun vun 10.000 Euro, mee fir den Thibaud Schneider kann esou e Präis nach vill méi.

E konschtgeschichtlechen Hannergrond

En etlech Wierker vum Thibaud Schneider hunn e konschtgeschichtlechen Hannergrond, hie kennt seng Meeschteren. An der Villa Vauban huet hien aus der hausinterner Kollektioun en Tableau vum Eugène Delacroix geléint, de "Jeune turc caressant son cheval", konfrontéiert dee mat enger eegener Rummekonstruktioun, an déi hien eng kleng Schwaarzwäissfoto, eng Opnam aus sengem perséinleche Fotoarchiv vun enger Südséischéinheet, mat engem kuerze perséinlechen Text um Réck, integréiert huet.

Am Cercle Cité presentéiert hien en Hommage un dem Caravaggio säi Chef-d'oeuvre "L'incrédulité de Saint Thomas", op deem de Jesus dem Zweiwler Thomas seng Wonn weist. De Caravaggio huet am 16. a 17. Joerhonnert chrëschtlech Sujeten traitéiert, andeems hien op eng innovativ Manéier dat Sakraalt an dat Profaant bildlech zesummebruecht huet; dem Delacroix seng Motiver waren am 19. Joerhonnert d'Bretagne, Nordafrika, den Orientalismus.

Gelieft Groussregioun

Hien ass zu Saverne gebuer, war also a senger Kandheet Saarbrécke méi no wéi Metz, huet awer zu Metz Konscht studéiert, zu Metz bei Ausstellungsmontagen assistéiert, selwer zu Metz ausgestallt, an hien hat - zu Metz - eng Kënschtlerresidenz am Bliiida, dem sougenannten "Tiers-lieu d'inspiration, d'innovation & d'intelligence collective".

Den Thibaud Schneider ass gelieft Groussregioun, hien hält grouss Stécker op de Politiker Robert Schuman a gleeft un eng gemeinsam culture transfrontalière.

Als Gewënner huet ee liicht iwwer Fridde schwätzen? Déi alleréischt Laureatin vum Prix d'Art Robert Schuman war d'Lëtzebuergerin Marie-Paule Schroeder. Zéng Joer drop ass de PARS un d'Su-Mei Tse gaangen.

Zanter 18 Joer dann näischt méi. Mee bei dëser Editioun hunn d'Jurysmemberen, also Konschtexperten aus de véier Partnerstied, och nach zwou "mentions spéciales" verginn: eng un d'Metzerin Anaïs Marion an eng un déi lëtzebuergesch-belsch Artistin Aline Bouvy. Si hannerfreet an hire Skulpturen, Peinturen an Installatiounen d'Hierarchië vun etabléierte Muechtstrukturen op eng radikal Manéier.