Radioen

On air

Metal Meltdown  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Godfather um Mound

Een Thema, e Buch

Godfather um Mound

Wéi gëtt an engem Joerhonnert d'Muecht um Mound ëmkämpft? Eng ongeféier Virstellung doriwwer gëtt de Roman "Nouvelle Lune" (New Moon), den Optakt vum Ian McDonald senger Science Fiction-Trilogie "Luna".

auto_stories

7 min

''Dona Luna, l'insigne des coureurs de Lune. La sainte patronne de leur astre : Notre-Dame de la Vie et de la Mort, de la Lumière et de l'Obscurité, la moitié du visage un ange noir, l'autre un crâne blanc à nu. Dame Deux-Visages. Dame Lune.''

''C'est Dame Lune. Plus aride que tout désert, plus chaude que toute jungle, plus froide que mille kilomètres de glace antarctique. Elle est chacun des mondes infernaux jamais imaginés. Elle connaît mille manières de vous tuer. Manquez-lui de respect et elle le fera. Sans y penser. Sans pitié.''

Eng Zort "Godfather" um Mound hätt hie geschriwwen, sou den Ian McDonald. Mat "New Moon" (oder "Nouvelle Lune" an der franséischer Iwwersetzung) huet de renomméierte britesche Science-Fiction Auteur 2015 seng Luna-Trilogie lancéiert. Weidergeféiert gouf d'Serie 2017 mat "Wolf Moon" an ofgeschloss dëst Joer mat der Verëffentlechung vu "Moon Rising".

Mir sinn am Joer 2110. De Mound gëtt schonn zanter Joerzéngte vu Mënsche koloniséiert. Déi formell Herrschaft läit an den Hänn vun der Lunar Development Corporation, déi vun der Äerd ofhänkt. Déi reell Muecht awer deele sech fënnef Familljekonzerner. No den haarde Konkurrenzkämpf vun der Ufanksperiod hu si sech d'Wirtschaft um Äerdsatellit ënner den Nol gerappt. Hir Dominatioun hu si duerch géigesäiteg Bestietnisser stabiliséiert. An da gëtt et do Verschiddener, déi d'Onofhängegkeet vun der Äerd ustriewen ...

Iwwer d'Origine vun deene respektive Famille léisst sech niewelaanscht extrapoléieren, wéi sech den Ian McDonald d'Entwécklung vun de geopolitesche Kräfteverhältnisser am nächste Joerhonnert virstellt. D'Famill Mackenzie aus Australien ass mam Ofbau vu Metaller räich ginn. Zesumme mat der Famill Sun aus China, déi op Technologië spezialiséiert ass, si si d'Pionéier vun der Koloniséierung, souzesoen d'Mound-Aristokratie. Dobäi komm sinn iwwer d'Joren d'Vorontsov aus Russland: si kontrolléieren d'Transportmëttel um Mound, während d'Asamoah aus Ghana an der Landwirtschaft hir Wirtschaftsnisch fonnt hunn.

D'Famill Corta aus Brasilien

Als leschte vun de sougenannte fënnef Draachen huet sech d'Famill Corta aus Brasilien hir Plaz erkämpft. Si produzéiert den Helium, vun deem d'Beliichtung op der Äerd ofhänkt.

''Mais tout le monde ne porte pas les Corta dans son cœur, au sein des familles plus anciennes. Le Cinquième Dragon : on les considère comme des parvenus, des escrocs ayant réussi, des assassins souriants, des cowboys cariocas.''

D'Famill Corta steet och am Mëttelpunkt vum éischte Volume vun der Luna-Trilogie. Do ass zum Beispill d'Ariel, déi ambitiéis a selbstbewosst jonk Affekotin. Do ass hire Brudder Lucas, deen den Direktesch-Poste vu Corta Hélio, dem Familljekonzern am Viséier huet, ee Posten, deen awer säi Brudder Rafa besetzt. Do ass den Teenager Lucasinho, dem Lucas säi Bouf, deen de Moment weider näischt am Kapp huet wéi Party a Sex. Un der Spëtzt vum Clan: d'Adriana Corta, Grënnerin vum Familljen-Imperium. Als eenzege Familljemember war si op der Äerd opgewuess. Wéi si am Alter vun 80 Joer gewuer gëtt, datt si krank ass an net méi fir laang huet, decidéiert d'Adriana Corta fir der Responsabeler vun enger Glawensgemeinschaft hir Liewensgeschicht ze beichten.

De Lieser gëtt an d'Vergaangenheet zeréckversat, wéi déi ambitiéis Ingenieurin an hirer brasilianescher Heemecht op d'Iddi komm war, fir um Mound Carrière ze maachen, zu engem Zäitpunkt, wou dat nach fir déi wéinegst Mënschen op der Äerd en Thema war:

''Puis les infos sont passées à un autre sujet - ce n'était pas considéré comme important, personne ne s'intéressait à l'espace et aux sciences. Ce que faisaient les vedettes et les mannequins de telenovela, ça, c'étaient des infos. Je suis sortie dans le jardin du bar pour m'asseoir sur le mur, au pied des arbres poussiéreux. J'ai levé les yeux vers le ciel nocturne. J'ai vu la Lune. Je me suis dit : il y à la haut des choses avec lesquelles on gagne de l'argent.''

An engems gëtt de Liewensbericht vun der Adriana Corta Undeitungen iwwer déi sozio-ekonomesch Entwécklungen op der Äerd:

''Je ne savais pas à l'époque que Lyoto était une des premières victimes de la guerre des classes. La grande, l'ultime guerre des classes : la disparition de la classe moyenne. L'économie financiarisée n'avait pas besoin d'ouvriers et la mécanisation conduisait les classes moyennes dans une course vers l'abîme.''

De Mound an der Sci-Fi Literatur

De Mound faszinéiert d'Literatur scho laang. Dem englesche Bëschof Francis Godwin seng Utopie "The Man in the Moone" vu 1638 an, eng Dose Jore méi spéit, "Histoire comique des Etats et Empires de la Lune" vum Cyrano de Bergerac, gëllen als zwee vun den éischte Science Fiction-Romaner iwwerhaapt. Mam Usproch, de leschte Stand vun der Wëssenschaft ze respektéieren, hat de Jules Verne 1865 mat "De la Terre à la Lune. Trajet direct en 97 heures 20 minutes" a kuerz drop "Autour de la lune" d'Moundlandung vun 1969 antizipéiert.

Am 20. Joerhonnert hu Meeschtere vum Genre hir respektiv Contributiounen zur Mound-Mythologie bäigedroen. 1901 ass "The First Men in the Moon" vum H.G. Wells erauskomm. 1961, matzen am gëllene Science Fiction-Zäitalter - dem Amerikaner Neil Armstrong seng éischt Schrëtt op der gro-wäisser Kugel waren nëmmen nach eng Rei Joren ewech - verëffentlecht den Arthur C. Clarke "A Fall of Moondust", 1966 war dem Robert A. Heinlein säi Klassiker "The Moon is a Harsh Mistress" erauskomm. 1972 hat den Isaac Asimov mat "The Gods Themselves" ee weidere Meilesteen geschriwwen.

Sauerstoff, Kuelestoff, Waasser, Daten

Dem Ian McDonald säi Romanzyklus "Luna" knäppt un déi Traditioun un, besonnesch wat de wëssenschaftlechen Usproch bei der Beschreiwung vun engem méiglechen zukünftege Liewen um Mound betrëfft. An engem Joerhonnert um Mound liewen oder ze iwwerliewen, dat heescht virun allem emol d'Fixatioun op déi sougenannte "Véier Fondamentauxen": Sauerstoff, Kuelestoff, Waasser an Daten, liewenswichteg Ressourcen, déi den Individuum reegelméisseg muss akafen an där hire Kontestand him duerch eng Zort Ae-Prothees reegelrecht virun Ae geféiert, wann net vum intelligente virtuellen Assistent an Erënnerung geruff gëtt. Wien um Mound stierft, deem säi Kierper gëtt recycléiert.

''La puissance et la magie de l'argent ne sont pas dans ce qu'il vous permet de posséder, mais dans ce qu'il vous permet d'être. L'argent est la liberté. (...) Aussitôt, la tension dans ses poumons disparaît. Exhaler est un délice. Inhaler, une allégresse. Marina savoure le parfum de Méridien : électricité, poudre noire, égouts et moisissure. Et quand elle arrive au moment où l'inspiration devrait s'arrêter, il y en a encore. Elle s'emplit les poumons au maximum.''

Déi sozial Stratifikatioun fënnt hiren urbanisteschen Ausdrock: datt ee méi räich ass, datt ee méi déif ënner der Mound-Uewerfläch lieft, fir net de geféierleche Stralen ausgesat ze sinn. Performant 3-D-Printer, mat deenen a kuerzer Zäit allméiglech Kleedungsstécker aus allméigleche Perioden oder och organesch Matièrë kënnen ausgedréckt ginn; Transportmëttel wéi dës Kapselen, mat deenen ee sech wéinst der Ofwiesenheet vu Loftwidderstand präzis vu Punkt zu Punkt ka katapultéiere loossen; dës an aner technologesch Innovatiounen huet sech den Auteur vu "Luna" ausgeduecht.

Virun allem leet de McDonald Wäert op déi detailléiert Beschreiwung vum Liewensstil a vun de soziale Bezéiungen um Mound. Gesetzer ginn et keng, alles gëtt iwwer tëscheperséinlech Verträg gereegelt. Verstéiss gi viru Geriicht ageklot an noutfalls am Duell entscheet, sief et am direkte Kampf sief et via Vertrieder, mat Messeren a mat de plakegen Hänn - op Schosswaffe gëtt an engem pressuriséierten Ëmfeld besser verzicht ... D'Sexualitéit ass ultraliberal, déi ganz Bandbreet vu sexuellen Orientéierunge kann ouni Viruerteeler ausgelieft ginn, Affären nieft dem Bestietnis si kee Problem, soulaang si am Hochzäitsvertrag verzeechent sinn, souguer d'Dauer vum Bestietnis gëtt präzis festgeluecht, ka verlängert ginn oder och net.

De Muechtkampf eskaléiert

D'Gläichgewiicht vun der Muecht tëschent de fënnef Draachen ass prekär. Ee versichten Attentat mat enger ultra-sophistiquéierter Gëftméck an de Konkurrenzkampf ëm eng wichteg Industrie-Konzessioun bréngen d'Verhältnisser an d'Kippen. Oder läit déi gréisste Gefor net an der Corta-Famill selwer, wéi d'Matriarchin Adriana Corta et am Gefill huet?

''Si mes enfants apprennent que je suis en train de mourir, ils vont s'entredéchirer. Ce sera la fin de Corta Hélio.''

''Elle connaissait mille moyens de vous tuer si vous étiez idiot, négligeant ou paresseux, mais le véritable danger venait des gens autour de vous. La Lune n'était pas un monde, mais un sous-marin. L'extérieur, c'était la mort. Je serais enfermée avec ces gens. Il n'y avait ni loi ni justice, rien que de la gestion. La Lune était la frontière, mais la frontière avec rien. On ne pouvait s'échapper nulle part.''