Radioen

On air

De Moien  |  The Doobie Brothers - Listen To The Music

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gold oder Stréi?

Konscht a Kultur

Gold oder Stréi?

D’Gesellschaft ass ëmmer amgaang sech ze veränneren. Dat wëll de "Museum der Kulturen" zu Basel mat der aktueller Ausstellung "StrohGold" weisen. Am Zentrum vun der Ausstellung sti kulturell Appropriatiouns - an Transformatiounsprozesser. An déi fënnt een iwwerall.

auto_stories

3 min

D'Ketten "guinda maé" gesäit aus wéi Gold wier, et ass awer Stréi. Foto: Museum der Kulturen, Basel.

Ob Moud oder Alldagsgéigestänn, politesch Iddien oder reliéis Virstellungen, de Gebrauch vu Materialien oder Techniken. Alles verbreet a vermëscht sech, entwéckelt sech weider oder verännert sech. Zum Beispill duerch d'Kontakter tëschent verschiddene Kulturen. Mee wéi gesinn esou Prozesser konkret aus a wat huet et mam Numm vun der Ausstellung "StrohGold", zu Basel am Museum der Kulturen op sech?

Gold oder Stréi?

Déi Fro kritt ee beäntwert, wann ee sech eent vun deenen éischten Ausstellungsstécker ukuckt, eng Ketten aus dem Timbuktu. De Collier gesäit zwar aus wéi wann en aus Gold wär. En ass awer aus Stréi, erkläert d'Kommissärin vun der Ausstellung Stephanie Lovasz. "D'Ketten ass fir Leit, déi sech eigentlech keng Bijouen aus Gold leeschte kënnen. Dobäi gesäit se weder plomp aus, nach no enger bëlleger Imitatioun." Dës Ketten illustréiert, wat mat deenen Ëmwandlungsprozesser gemengt ass, em déi et bei der Ausstellung geet.

"Ob eppes Offall oder Ressource ass entscheed jidderee selwer", fënnt d'Stephanie Lovasz. StrohGold soll weisen, wat een alles aus deene Saache maache kann, déi Dag fir Dag ewech gehäit ginn. "Dat ass néideg. Dacks weess ee guer net méi wouhi mat all de Saachen." Déi nei Verwäertung géing awer och aus der Nout eraus geschéien, esou d'Stephanie Lovasz. "D'Matière Premièrë gi knapp. An an de Saachen, déi ewech gehäit ginn, stécht nach vill Potential."

Am Plastik zum Beispill. D'Matière kann net ofgebaut ginn a verknascht d’Mierer. Dobäi kéint ee souvill doraus maache fënnt d’Stephanie Lovasz. Fir dëst z'illustréieren huet si déi sougenannte PET-Fläschen an d'Expo geholl. Als Deko fir de Sall. A Form vun enger Ketten déi ausgesäit wéi eng Ketten aus Gold.

D' Ketten ass net aus Gold mee aus Stréi. Soltiss Necklace, Design Design: Florie Salnot. Foto: Museum der Kulturen, Basel

Bei engem vun den Ausstellungsstécker, engem Rack vum Designer Issey Miyake, ass de Stoft aus PET-Fläaschen. Domat géing hien net nëmmen eppes fir d'Ëmwelt maachen, mee och de japaneschen Entreprisen hëllefen, erkläert d'Stephanie Lovasz. "Di al Handwierks-Entreprisë spezialiséieren sech elo dorop dëse Stoff ze produzéieren. Doduerch kënne si iwwerliewen."

Net ëmmer friddlech

Kulturell Transformatioun ass awer net ëmmer fräi vu Gewalt, warnt d'Kommissärin vun der Expo. Et misst ee just un d’Kolonialzäit denken. Aus dëser Zäit sinn eng Rei Glaspärelen, déi an der Ausstellung ze gesi sinn. Mee firwat Pärelen?

"Et gouf eng Zäit, do si Sklave mat Pärele bezuelt ginn. Fir 10.000 Pärele krut een e Mënsch ze kafen." D'Sklave wieren dann a Südamerika oder Asie verschëfft gi fir op de Plantagen ze schaffen.

Mee haut fënnt een dës Pärelen an engem positive Kontext erëm. D'Waura-Indianer a Südamerika maache Bijouen doraus, déi si un Touriste verkafen. "Esou kënne si iwwerliewen."

StrohGold ass eng immens villsäiteg Ausstellung di eppes ganz däitlech mécht: Alles ass stänneg am Gaang sech ze veränneren. Dem Stephanie Lovasz ass et wichteg, datt de Visiteur dës Verännerungen méi bewosst erlieft. De Visiteur soll selwer op d’Sich ze goen a an dës Verännerungen a sengem Alldag entdecken.