Radioen

On air

Al Schanken  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Grand Tour. Reisen durch die junge Lyrik Europas.

Kultur

Grand Tour. Reisen durch die junge Lyrik Europas.

Mat hirer Anthologie "Grand Tour" proposéieren de Jan Wagner an de Federico Italiano verschidden Itinerairen, déi een uechter d'Länner, d'Sproochen an d'Kulturen déi jonk europäesch Lyrik kenneléieren deet. E Liestipp vum Léon Rinaldetti.

auto_stories

4 min

Et brauch ee kee Pass a kee Visum ze presentéieren, fir op déi Grand Tour duerch Europa ze goen, wéi se de Federico Italiano an de Jan Wagner virschloen. "Grand Tour" hunn si hir Anthologie genannt, déi den Hanser Verlag an Zesummenaarbecht mat der Deutsche Akademie für Sprache und Dichtung erausbruecht huet, a wou déi béid Editeuren de Lieser alueden, mat hinne "Reisen durch die junge Lyrik Europas" ze ënnerhuelen, wéi et den Ënnertitel versprécht. Déi verschidde Routen, déi si proposéieren, féieren duerch déi ofgeleeënst Sprooch- a Kulturlandschaften, woubäi een op enger Rees duerch England, Israel, Dänemark, Éisträich, Kroatien a Russland schlussendlech och op Lëtzebuerg trëfft.

De Federico Italiano an de Jan Wagner sinn an der internationaler Literaturzeen keng Onbekannte méi. De Federico Italiano huet sech mat publizisteschen Aarbechten a mat senger Lyrik iwwer d'Grenze vun Italien eraus längst en Numm gemaach, an de Jan Wagner ass ee vun den eminenten däitsche Géigewaartslyriker (vun deem mir kierzlech um radio 100,7 säi Lyrikband "Die Live Butterfly Show" virgestallt hunn). D'lescht Joer krut hien de Georg-Büchner-Präis, déi wichtegst däitsch Literaturauszeechnung.

Siwen Itinerairen duerch Europa schloe béid Lyriker vir, net nëmmen duerch d'Staaten vun der Europäescher Unioun, mee och duerch déi Länner, "die aus geographischen wie historeschen Gründen zu Europa gezählt oder mit Europa gedacht werden können und müssen."[1]

384 Lyrikerinnen a Lyriker aus 49 Länner mat Gedichter a 45 verschiddene Sproochen

D'Gedichter déi een hei an all méigleche Sproochen noliese kann, ginn am Original an an der däitscher Iwwersetzung op der nämmlechte Säit presentéiert. - Wëllt een awer méi gewuer ginn, iwwer ee Gedicht oder en Auteur, da muss een eng Weilche sichen, fir an engem zimlech oniwwersiichtlech ënnerdeelten a 50 Säiten décken Unhang, ënner de Rubrike Reesrouten, Sproochen, Nimm oder Bibliographien dat ze fannen, oder och net ze fannen, wat ee sicht.

Bei dëse "Reisen durch die junge Lyrik Europas" begéint een op der sechshonnert Säiten décker an iwwer ee Kilo schwéierer "Grand Tour" 384 Lyrikerinnen a Lyriker aus 49 Länner mat Gedichter a 45 verschiddene Sproochen. Déi soi-disant jonk Lyrik Europas fänkt beim Joergang 1967 un, obschonn initialement als Stéchdatum 1968 festgehale gouf. Fir d'Editeure waren d'Studenterevolten am Westen, d'Prager Fréijoer am Osten Evenementer vun zentraler Bedeitung fir d'Geschicht vum Kontinent[2].

E breetgefächert Themespektrum

D'Diversitéit u Stëmmen, déi dGrand Tour "aus dem herrlichen Babel, das Europa ja auch ist und bleiben wird"[3] ubitt, ass natierlech beandrockend. Do trëfft een, nieft deene geleefege Sproochen, der och mat engem gewësse Seelenheetswäert wéi Samesch, Rätoromanesch, Montenegresch, Maltesesch, Ladinesch, Bretonesch, Baskesch an Armenesch ... just kee Lëtzebuergescht, well déi béid eenzeg lëtzebuergesch Vertrieder[4], de Luc van den Bossche an den Tom Nisse hei ënner deene franséischsproochege Lyriker figuréieren. Den Tom Nisse ass heizuland an der Literaturzeen hilänglech bekannt duerch seng franséisch an däitschsproocheg Verëffentlechungen, de Luc van den Bossche dogéint huet sech bis ewell nach mat kenger eegestänneger Publikatioun bemierkbar gemaach.

Esou vilfälteg wéi d'Sprooche sinn natierlech och déi formal Gestaltungsméiglechkeeten, déi een an der "Grand Tour" fënnt. D'Themespektrum ass entspriechend breetgefächert a spigelt séier erëm, wou en Auteur sech op eng konsensual Aart a Weis an éischter deskriptiv ausdréckt, oder wou hien duerch sproochlech Verknappung nei Erfarungswäerter versicht duerzestellen. Esou fënnt een hei eng grouss Diversitéit u Bekenntnisdichtung, Liebeslyrik, Naturlyrik a politesch Lyrik mat emol méi, emol manner direkten Aussoen.

Am Algriichesche steet άνθος fir 'Bléi' oder 'Blumm' a λέγειν fir 'asammelen'. An deem Sënn ass och dës Lyrik-Anthologie e Florileg, eng Bléielies. Nach ëmmer war et d'Roll vun der Poesie, de Lieser erauszefuerderen, ze inspiréieren, onkamoud a schéin zur gläicher Zäit ervirzetrieden an Traditioune phönixhaft weiderzeféieren. Dee Prozess geschitt emol méi, emol manner prononcéiert, an all Sprooch, an all Land, a jee no den Ëmstänn, anescht. Eng Anthologie, mat engem transkulturelle Konzept, wéi d'"Grand Tour" aus dem Hanser Verlag et presentéiert, ass beschtens gëeegent, fir esou eng ënnerschiddlech Dynamik erëmzeginn. - Si ass et derwäert, gelies ze ginn!


[1] Grand Tour, S. 10

[2] idem, S. 8

[3] idem, S. 10

[4] cf. S. 556