Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Grégory Durviaux: A Spotlight at Night

Zäitgenëssesch Konscht

Grégory Durviaux: A Spotlight at Night

Referenzen, Zoufall an e Gespir fir Kompositioun: De belsche Kënschtler Grégory Durviaux schaaft säin eegene visuellen Universum. Bis den 12. August kann ee seng Aarbechten an der Galerie Nosbaum Reding um Fëschmaart gesinn.

auto_stories

2 min

Grégory Durviaux, Vue d’exposition, A Spotlight at Night, Nosbaum Reding, Luxembourg, 2016 Courtesy Nosbaum Reding, Luxembourg

"A Spotlight at Night" - ënner deem Titel huet de Grégory Durviaux aacht Tableaue regruppéiert. Aacht Aluminiums-Placken vun annerhallwem op méi oder manner ee Meter, déi mat verschiddenen Technike verschafft goufen.

Print mam Pinsel

D'Hannergrënn hunn am Allgemengen eng zwee-faarweg geuerdent, geometresch Struktur. Doriwwer superposéiert de Kënschtler organesch Motiver, déi u Beem oder Plazen erënneren. D'Wierker schéngen zweedimensional, flaach, wéi geprint. Obwuel d'Faarf ganz prezis mam Pinsel opgedroe gouf.

Hien hätt schonn ëmmer eng Virléift fir d'Aspekter vum Print gehat, erkläert de Kënschtler. Konscht hätt hie méi a Bicher gesinn, wéi a Muséeën. Och de Kino wär ee wichtegen Afloss fir hien. Well seng Supporte ganz dënn wären, an direkt op der Mauer accrochéiert, géif hie sech bei Ausstellungen dacks wéi een Editeur fillen. Wéi wann hien eng Mise en Page géif maachen.

Propositiounen an Unhaltspunkten

De Grégory Durviaux probéiert beim Betruechter Biller z'évoquéieren. Dat wär mat senge Propositioune méi efficace, wéi mat Wierker, déi eng ausgeprägte Materialitéit hätten. Och hie selwer léisst sech während dem kreative Prozess op d'Biller an. Hie schafft net no engem Masterplang, mee léisst zou, datt Saachen him zoufalen. "Wann ech Biller iwwer meng Hannergrënn leeën, déi scho ganz geometresch a verschafft sinn, entsti Saachen dozwëschent. Mee dat ass éischter eng Saach vum Zoufall."

An den Titele vun den Aarbechte gëtt de Grérory Durviaux dem Betruechter verschidden Unhaltspunkte mat op de Wee. Méi wéi ee Clin d'Oeil verstoppt sech hannert Titele wéi "Based on a true painting", "The concentration on the pattern tends to make disappear the specificity of the subject", oder "To paint as a European fascinated by American Art".

Eng Welt aus Referenzen

Hie wéilt mat verschiddene Referenzen de Wierker nach eng Zort zousätzlech Narratioun ginn. Och an der Manéier, wéi hien d'Bild-Elementer géif verschaffen, wäre Referenze verstoppt. Ganz dacks par Rapport zu Technike vun aneren Artisten. Hie gesäit seng Konscht als eng Mëschung vu Referenzen, mat deenen hien eng nei Welt schaaft.

D'Imitatioun vun digitale Glitchen, déi sëlleche Referenzen an déi dominant an zum Deel grell Primärfaarwe ginn den Aarbechte vum Grégory Durviaux e poppegen Aspekt. Wann een d'Wierker vu ganz no kuckt, offenbaart sech eng enorm Léift zum Detail an dem Kënschtler seng handwierklech Dextéritéit. D'Spannungsfeld zwëschent deem Kalen, bal scho Belibegen, an dem Gréroy Durviaux säin Talent fir Kompositioun, sinn dat Interessant a senger Konscht.