Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Grexit" - Wat Griicheland fir dat europäescht Ënnerbewosstsinn bedeit

Nei Produktioun vun Independant Little Lies

"Grexit" - Wat Griicheland fir dat europäescht Ënnerbewosstsinn bedeit

Mat engem Text-Collage wëll den Theaterkollektiv ILL iwwert den Horizont vun der Finanzkris erauskucken a versichen, nees e Bléck fir d’Gesamtbild ze kréien. D'Première ass dëse Mëttwoch den Owend an der Abtei Neimënster.

auto_stories

3 min

D'Equipe vum Stéck "Grexit"

D'Kris ëm ee méiglechen Austrëtt vu Griicheland aus dem Euro, an domat dann och aus der Europäescher Unioun, huet d'lescht Joer fir Schlagzeile gesuergt. Fir säin 20. Anniversaire proposéiert den Theaterkollektiv "Independant Little Lies" (ILL) ee Stéck, dat unhand vu klasseschen an zäitgenësseschen Texter probéiert sech nees un e Land erun ze taaschten, dat fréier emol als d'Wéi vun der europäescher Kultur an Demokratie ugesi gouf.  

"Bei 'Grexit' geet et net onbedéngt ëm d'Geschicht vu Griicheland, mee et handelt vun deem wat d'Land fir den allgemengen europäesche 'subconscient' bedeit", sou de Marc Baum, deen d'Stéck an Zeen gesat huet. Zesumme mam Ronald Dofing ass hie vun engem klasseschen Text aus der polnescher Literatur ausgang. "Le Renvoi des messagers grecs" ("Die Abfertigung der griecheschen Gesandten") vum Jan Kochanowski thematiséiert d'Verhandlungen am Virfeld vum Trojanesche Krich. De Verglach mat de Grexit-Negociatioune läit no.   

Ritsos, Kochanowski, Wolf, Graeber, Dimitriadis

Esou entstinn dräi Deeler. Fir d'éischt eng zeenesch Liesung mat dramatesche Monologe vum Iannis Ritsos. Dann de Grexit-Deel mam Kochanowski sengem Text. Dee géif awer sezéiert a verbonne gi mat Auszich aus "Kassandra" vum Christa Wolf a Reflexioune vum amerikaneschen Historiker a Soziolog David Graeber iwwert d'Schicksal vun eiser neoliberaler Gesellschaft, sou de Ronald Dofing.

Den drëtten Deel dann, deen am Kräizgang vun der Abtei Neimënster opgefouert gëtt, ass opgebaut nom Schema: Vergaangenheet-Géigewaart-Zukunft. "Dat ass esou e bëssen eng schwaarz Mass... bon, éischter en 'office des ténèbres'", erkläert de Ronald Dofing. Hei gëtt sech op "Soleil noir", ee "ganz esoteresch-propheteschen Text" vum Dimitris Dimitriadis, deem wichtegsten zäitgenëssesche griicheschen Auteur, bezunn.

Eng immersiv Experienz fir de Spectateur

Bei "Grexit" spille Jean-Paul Maes, Christiane Rausch, Pitt Simon, Max Thommes, Brigitte Urhausen a Solon Tsounis. D'Schauspiller bewege sech zesumme mam Publikum op véier Site vun Neimënster. D’Scénografie ass vum Serge Ecker.

Eng immersiv Experienz, also, een Andauchen an dräi verschidde Raim respektiv Welten: am Idealfall gëtt de Spectateur och eppes iwwert sech selwer gewuer. Well et am Stéck vill ëm Verhandlungen, Positiouns- an Identitéitswiessel geet, gëtt et kee Personnage, dee sech selwer bleift, an un deem ee sech souzesoe festhale kéint.

Gespillt gëtt “Grexit” vum 6. bis den 8. Januar am Neimënster, an de 24., a 25. Februar an der Kulturfabrik.

Lauschtert den ausféierleche Bäitrag vum Cléo Thoma: