Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Aldous Harding - The Barrel

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gudden Timing fir e Changement

Casino - Forum d'art contemporain

Gudden Timing fir e Changement

"An d'Foussspuere vum Jo Kox ze trieden ass e groussen Défi", seet d'Nancy Braun, déi den 1. Januar de Poste vun Administrateur vum Casino iwwerholl huet. Si wier awer ëmmer op der Sich no Défie gewierscht. Cléo Thoma / fa

auto_stories

3 min

Den 22. Mäerz feiert de Casino - Forum d'art contemporain seng 20 Joer a seng Reouverture. Am Moment lafen Ëmbauaarbechten. Fir d'Nancy Braun wier et dowéinst elo e gudde Moment fir d'Equipe z'erneieren. De Casino géing sech nei positionéieren a Funktionnementer géingen iwwerduecht ginn.

Der neier Administratrice vum Casino no, hätt jidderee seng Manéier ze funktionéieren. An d'Foussspuere vum Jo Kox ze triede wier e groussen Defi, mee d'Nancy Braun setzt op eng gutt Equippenaarbecht, ënnert anerem an Zesummenaarbecht mam artisteschen Direkter Kevin Muhlen, mat deem si ee bureau exécutif deelt. "Wann s du eleng uewen um Fiels stees an du hues kee ronderëmmer, da mëss du guer näischt!"

Déi Aufgaben, déi de Jox Kox parallel zum Casino hat, déi stéingen awer net a hiren Attributiounen. Den Event Nuits des musées beispillsweis, misst der neier Administratrice vum Casino no, awer onbedéngt virugefouert ginn. D'Organisatioun "Museumsmile", d'stater muséeën, wier amgaang ze kucke wéi et soll virugoen. "Dat sinn awer Projeten, déi absolut musse virugefouert ginn, well se einfach hire Succès hunn a guer net méi ewechzedenke sinn", esou d'Nancy Braun.

Vun der DP positionéiert?

An der Vergaangenheet war d'Nancy Braun de rietsen Aarm vum Robert Garcia fir d'Kulturjoer 2007 z'organiséieren, si ass am Moment nach Presidentin vum Verwaltungsrot vu Carré Rotondes, mee si war och Coordinatrice bei der DP. "Ech kéint och eng Gréng, eng Mof, eng Giel oder soss eng Faarf hunn", seet d'Nancy Braun.

Bei der DP an am Kulturministère hätt kee gewoust, datt si sech fir de Poste vun Administrateur vum Casino gemellt huet, esou d'Nancy Braun. "Ech well net soen datt et geheim war, mee et wousste ganz wéineg Leit et". Hirer Meenung no, misst gutt opgepasst ginn, datt Leit net rekrutéiert gi well se eng gewësse Faarf hunn, mee well se d'Kompetenz hunn.