Radioen

On air

Notturno  |  Modern Nature - Performance

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Haart mat aneren, haart mat sech selwer

Netflix

Haart mat aneren, haart mat sech selwer

De franséischen Drama ''Madame Claude" zeechent en differenzéierte Portrait vun der berüümter Paräisser Zuhälterin. Klassen- a Geschlechterkampf dengen hei net als Excuse, mee als Erklärung.

auto_stories

3 min

''Maquerelle de la République'' gouf si genannt. D'Madame Claude, alias Fernande Grudet, war wärend zwee Joerzéngten a Frankräich un der Spëtzt vun engem vaste Reseau vu Luxus-Prostitutioun. Vun hirem Appartement am 16. Arrondissement zu Paräis aus hat si e Pool vun honnerte jonke Fraen un d'High Society vermëttelt. Ënnert hire bekanntste Cliente sollen den John F. Kennedy oder och de Marlon Brando gewiescht sinn.

Mee net all Prominenten, zemools aus der Politik, wollt säin Numm an der Skandalpress liesen : vun all deene gouf d'Madame Claude gefaart. A well si als Informantin mat der Police kooperéiert hat an och fir soss Geheimdéngschtoperatiounen zur Verfügung stoung, konnt si souguer e gewëssen offizielle Schutz genéissen - net déi schlechtste Viraussetzung also fir en erfollegräicht Geschäft.

Prostitutioun ouni Glamour

Der Sylvie Verheyde hire Biopic mam einfachen Titel ''Madame Claude'' setzt Enn de 1960er Joren un : d'Presidence vum Georges Pompidou, déi do ugefaangen hat, war der Madame Claude hiren Héichpunkt. Wéi de Pompidou 1974 gestuerwen war a vum Giscard d'Estaing ersat gouf, goung et awer séier Bierg of.

Am Géigesaz zu villen aneren ''historesche'' Gangster-Filmer, déi e spektakulären Opstig-Fall-Zyklus mat coolem Vintage-Soundtrack an Zäitkolorit inzeenéieren, wielt deen heite Film eng relativ sober Erzielweis.

D'Prostitutioun, quitt datt et sech hei ëm déi méi edel Form handelt, gëtt net onnéideg glamouréis duergestallt. Zimmlech séier kritt ee jonk Prostituéierter gewisen, déi vun hire Cliente mësshandelt ginn. Well dat net seelen am Kader vun enger Iwwerwaachung duerch de Geheimdéngscht passéiert, gëtt déi Gewalt a Kaf geholl - et ass jo am Interêt vum Staat... An och vun der Madame Claude (Karole Rocher), déi finanziell dovunner profitéiert, ass séier wéineg Trouscht z'erwaarden : ''une bonne douche, un bon dodo, et on en parle plus !''

Ambivalenz

Der Personnage vun der Madame Claude ass ambivalent. D'Fra ass haart mat deenen anere well och haart mat sech selwer. An do si mer an der duebeler Thematik vum Klassekampf a vum Geschlechterkampf. De sozialen Opstig huet d'Provënzlerin aus aarme Verhältnesser der Prostitutioun ze verdanken. Mee si mécht sech keng Illusiounen : och wa si sech mam Establishment ophält, weess si, datt se ni wäert dozou gehéieren.

An obwuel si mat aflossräiche Männer hir Sue verdéngt, ass si sech bewosst, datt d'Muecht an deenen hiren Hänn bleift. Sex gesäit si als Waff, fir wéinstens zeréck ze schloen (''les baiser de l'intérieur'').

Relatioun mat der jonker Sidonie

Déi ganz Ambivalenz vun der Madame Claude kristalliséiert sech an hirer komplexer Relatioun zur Sidonie (Garance Marillier), déi sech séier als Vertrauenspersoun ënnert hire Prostituéierten entwéckelt. Am Géigesaz zu hir kënnt déi jonk Fra aus engem héije soziale Milieu a weess sech dofir instinktiv der selekter Clientèle unzepassen. Mee dee sozialen Ënnerscheed, deen déi zwee eigentlech trennt, ass manner staark ewéi eng Form vu weiblecher Solidaritéit an enger vu Männer dominéierter Welt.

Ass d'Sidonie doriwwer eraus net och en Ersatz fir déi reell Duechter, mat där d'Madame Claude dem Uschäin no näischt wëll ze dinn hunn ? Sou wéi si an hire Prostituéierten eng Ersatzfamill gesäit? Déi äiskal Fassad vun der Kuebemamm zerbréckelt a léisst och schonn emol eng extrem Fragilitéit duerchblécken.

Keen opportunistesche Film

Mat hirem Drama ''Madame Claude'' beweist d'Sylvie Verheyde, datt duerchaus méi aus deem kontroverse Personnage ze huele war wéi just erotesch ugehauchte Racolage, wéi dem Just Jaeckin säi ''Madame Claude'' aus dem Joer 1977.

Hei gëtt et keng Spuer vun Opportunismus, thematesch ass de Film nämlech koherent mat der Filmographie vun der Realisatrice ("Sex Doll'', 2016, "Stella'', 2008). Dobäi komme gutt Acteursprestatiounen, mat enger Partie exzellent besaten Niewerolle wéi d'Hafsia Herzi als Prostituéiert, de Roschdy Zem als Gangsterchef oder nach de Pierre Deladonchamps als Mataarbechter vum Geheimdéngscht.