Radioen

On air

Nei Musek  |  Véier spektakulär nei Instrumentalstécker

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Hannert de Kulisse vum Theater zu Lëtzebuerg

Theater

Hannert de Kulisse vum Theater zu Lëtzebuerg

Mat senger "Rede vom Theater" wollt den Dramaturg an Theaterauteur Olivier Garofalo de reflektéierten Debat iwwer d'Lëtzebuerger Theaterlandschaft nei beliewen. Ass am Lëtzebuerger Theater d'Welt an der Rei, oder ginn et berechtegt Kritikpunkten? A wann, wéi kann een deenen entgéintwierken?

auto_stories

4 min

Carole Lorang an Olivier Garofalo

An der Theaterfederatioun ass eng Ëmstrukturéierung am gaangen. Et solle Leit mat u Bord geholl ginn, déi fir d'Inhalter responsabel sinn. D'Theaterfederatioun soll eng Plaz ginn, wou zesummen iwwerluecht an analyséiert gëtt, wou déi Theaterschaffend an d'Theateremployeure gemeinsam Projeten entwéckelen. Doduerch soll och méi Kommunikatioun entstoen, erkläert d'Carole Lorang, d'Presidentin vun der Theaterfederatioun.

De Lëtzebuerger Theater ass vum franséischen Theater influenzéiert, bei deem d'Aarbecht mat Compagnië selbstverständlech ass. Et wier awer interessant, wann déi Compagnien iwwert méi e laangen Zäitraum fir e bestëmmt Theaterhaus kéinte schaffen, gräift d'Carole Lorang d'Propos vum Olivier Garofalo op, deen e Verfechter vum Ensemble-Theater ass. Eng Residenz, déi sech iwwert zwou Saisonen erstreckt, géif en Experimentéieren an eng Weiderentwécklung erméiglechen, well d'Theaterleit dann d'Bühn an de Publik kennen, fënnt den Olivier Garofalo.

Méi aktiv mat der Sproochevillfalt ëmgoen

Wou bleift d'Sproochevillfalt op de Lëtzebuerger Bühnen, a wéi kann een d'Méisproochegkeet am Theater realiséieren? D'Carole Lorang gesäit eng Entwécklung an deem Domän. Awer och d'Gefor, datt sou Projeten, wann se vu baussen imposéiert ginn, ganz iwwerflächlech géife bleiwen. Si misste sech donieft och vun engem dramaturgesche Standpunkt aus justifiéieren.

Den Olivier Garofalo fuerdert dofir eng déifgräifend Ausenanersetzung mat der Thematik. De Reiz wier, no Méiglechkeeten ze sichen, wéi Themen net just mat der geschwater Sprooch kéinte behandelt ginn, mee eng Iwwersetzung ze fannen, andeem ee mat verschiddene Stiler schafft.

Den Theater wier eng Plaz, wou ee kéint vill Saachen ausprobéieren a Modeller entwéckelen. Wann een dat am Theater realiséiert, kéinten dat Impulser fir eng gesellschaftlech Interpretatioun ginn.

Am Kanner- a Jugendtheater géife Projete ma der Méisproochegkeet gutt fonctionnéieren, seet d'Carole Lorang. D'Fro wier och, wéi een zum Beispill bei enger däitschsproocheger Virféierung déi frankophon Communautéit kéint matabezéien. Do wier de Surtitrage eng Alternativ.

Projeten, déi Multilinguismus involvéieren, misste laangfristeg geduecht sinn, fir datt se net just ee soziale Charakter kréien, sou den Olivier Garofalo. Et dierft een net Leit ausnotzen, fir dat eegent Gewëssen ze berouegen, andeems ee si just mat hirer Sprooch geziilt matabezitt.

Vill Formen, déi dem Theater notzen

Et gëtt deen Theater, deen op der Bühn ass. Et géifen awer och verschidde Forme ginn, wou een den Theater als Outil fir d'Integratioun an d'Guttspieren notze kann, erkläert d'Carole Lorang. Den Theater soll eng Plaz sinn, wou sech d'Gesellschaft versammelt, eng Plaz vum Austausch a vun der Integratioun.

Dofir wier och d'Energie vun den Zuschauer wichteg. De perséinlechen Theater fënnt den Olivier Garofalo ganz interessant. Wou de Schauspiller sech direkt un den Zuschauer wennt, seng Reaktioun opfänkt an den Owend sech da weiderentwéckelt.

Den Theater dierft sech net just op den Owend beschränken, féiert d'Carole Lorang dës Iwwerleeung weider. Et géif och zu Lëtzebuerg Comitée vu Spectateure ginn, déi um kreativen Aarbechtsprozess deelhuelen. Wann ee wéilt, datt d'Leit den Theater besser verstinn, da misst ee si och matabezéien.

Lëtzebuerg misst säin eegene Wee goen. Et wier ze kleng, fir iergendwellech Modeller aus dem Ausland z'iwwerhuelen, konstatéiert d'Carole Lorang.

Fërderung vum Theaterverständnis am Enseignement

Den Olivier Garofalo bréngt d'Iddi vun der Theaterbildung als Fach an d'Spill. Et géife Verhandlunge mam Educatiouns- a Kulturministère ginn, fir de Schüler den Theater méi nozebréngen, e weidert Fach am Enseignement gesäit d'Carole Lorang net als eng Optioun.

An de Sproochecourse misst d'Theatererzéiung mat afléissen. Et misst een iwwerleeën, ob zäitgenëssesch Theaterauteure net méi misste behandelt ginn. Et kéint een awer net vun de Sproocheproffe verlaangen, datt si nach zousätzlech Formatioune maachen. Eng Alternativ wier, eng Zesummenaarbecht mat de Leit vum Fach. D'Leit missten dofir net an den Theater kommen. Den Theater kéint och an d'Schoule goen, fir zesummen un engem Theaterstéck ze schaffen, wat och scho géif gemaach ginn.

Am Lëtzebuerger Theater géif et un engem Gesamtkonzept feelen. Et géife vill kleng Initiativen, wou no neie Weeër géif gesicht an ausprobéiert ginn, fënnt d'Carole Lorang. Dofir wier et gutt, datt sou vill diskutéiert gëtt. Mee elo wier e Punkt erreecht, wou alles gesot wier, wat ze soe war. Et misst ee sech zesummesetzen, eng Analys maache vun deem, wat zu Lëtzebuerg machbar ass a wat net an da misst e Konzept ausgeschafft ginn.

Déi verschidde Leit vun de verschiddenen Theatere misste kucken, wat si selwer interesséiert an hir Impulser erabréngen. Dat ass e Modell, deen dem Olivier Garofalo géif gefalen. D'Theaterfederatioun wier dann d'Plaz, wou déi verschidden Iddien zesummekéimen, ouni d'Amëschung vun engem Ministère.

D'Broscht méi breet maachen

De Lëtzebuerger Theater hätt seng eegen Ästhetik a seng eegen Aart a Weis ze schaffen, an déi wier ganz flott. Dofir hätt Lëtzebuerg kee Gronn, ënner iergendwelleche Mannerwäertegkeetskomplexer ze leiden, seet den Olivier Garofalo. D'Carole Lorang ka keng Mannerwäertegketskomplexer beim Lëtzebuerger Theater detektéieren. Et géifen ëmmer méi Leit kommen, déi hire Beruff kënnen a ganz selbstbewosst un hir Aarbecht eruginn.