Radioen

On air

Resonanzen  |  Jõao Pedro de Almeida Mota - Sträichquartett Nr.2 a Ré Mineur, Op. 6, IV. Finale - Cuarteto Quiroga

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Hei ass et ewéi zu Bagdad"

Netflix

"Hei ass et ewéi zu Bagdad"

Déi ëmstridde Methode vun der Police an de ''quartiers nords'' vu Marseille stinn am Mëttelpunkt vu "BAC Nord". Dëse franséische Film vum Cédric Jimenez versicht, d'Polizisten ze verstoen.

auto_stories

3 min

D'Poliziste vun der Brigade anti-criminalité vu Marseille kéinten enger gréisserer Drogeliwwerung op d'Spuer kommen. De Problem: hiren Informant verlaangt selwer fënnef Kilo Kannabis als Präis fir dëse wichtegen Tipp. Well se net op déi beschlagnaamt Stocke vun der Police dierfen zeréck gräifen, hu se eng Iddi: nom Motto "Klengvéi mécht och Mëscht" sammele se d'Drogen no an no bei der Clientèle vun den Dealeren zesummen.

"Dealer-Flicken"

Déi zweiwelhaft Methode vun der Police stinn am Mëttelpunkt vu "BAC Nord", deen op Netflix ënner dem Titel "The Stronghold" ze fannen ass. De franséische Film baséiert op enger Affär, déi 2012 nawell fir Schlagzeile gesuergt hat. 18 Poliziste waren deemools beschëllegt gi wéinst Korruptioun, Erpressung, Drogenhandel an Eegeberäicherung. Hire Service, d'BAC Nord, gouf opgeléist.

D'Urteeler an éischter Instanz am Abrëll vun dësem Joer sinn dogéint wäit manner spektakulär ausgefall. De Verdacht ass opkomm, datt déi Affär ëm sougenannten Dealer-Flicke mediewierksam opgebauscht gouf wéinst Rivalitéite bannent der Police a politesche Spillereien. Et ass och plus ou moins déi Thees, déi de Film "BAC Nord" vertrëtt.

Empathesch Approche

Och wann en déi betraffe Polizisten net heroiséiert, hëlt de Realisateur Cédric Jimenez op d'mannst emol eng empathesch Positioun an. E versicht ze verstoen, firwat déi dräi Haaptprotagonisten (gespillt vum Trio Gilles Lellouche, Karim Leklou a François Civil) esou handele wéi se handelen. Hiert Asazgebitt sinn déi traureg bekannte "quartiers nords" vu Marseille, déi a festen Hänn vu skrupellosen Drogecaïde leien, an déi sech fir d'Police zu reegelrechte "no go zones" entwéckelt hunn.

De Film weist op eng zimmlech beandrockend Manéier, wéi reduzéiert Police-Patrulle vu Banden dru gehënnert ginn, iwwerhaapt emol an déi betraffe Citéen eran ze goen. Datt de Respekt virun der staatlecher Autoritéit do géint Null tendéiert, ass en Euphemismus...

Wéi eng Methode gräifen iwwerhaapt?

Den Héichpunkt vu "BAC Nord" ass eng ganz spektakulär Razzia, déi inzeenéiert ass wéi e Kommandoasaz an engem Krichsgebitt - de Spectateur brauch sech do net laang ze froen, ob traditionell Policemethoden, déi peinlech op Legalitéit beduecht sinn, hei iwwerhaapt gräife kënnen. "Hei ass et an Tëschenzäit ewéi zu Bagdad", seet e Personnage, dee selwer aus deene Quartiere kënnt...

De Constat vum Film gouf wärend senger franséischer Kinosortie am August confirméiert. An den Nord-Quartiere vu Marseille gouf et grad eng bluddeg Serie vun zwielef Morden, warscheinlech Reglement de compten am Drogemilieu.

"BAC Nord" vs "Les Misérables"

"BAC Nord" erënnert staark un dem Ladj Ly säin zwee Joer ale "Les Misérables'', deem seng Sympathien allerdéngs resolut un déi Jugendlech an enger schwiereger Paräisser Banlieue goungen. Verschidde Poliziste goufe praktesch als Brandstëfter duergestallt, déi eng Bavure wollte vertuschen.

Ofgesi vun de respektive politesche Statements bleift "Les Misérables", vun den zwee, dee bessere Film, well en thematesch méi räich ass a visuell eng méi perséinlech Handschrëft dréit. "BAC Nord" pendelt dogéint iergendwou tëschent "Miami Vice" an de Gangsterfilmer vun engem Martin Scorsese. Dofir hätt zum Schluss net och nach "The House of the rising sun", wéi am Scorsese sengem "Casino", brauche gespillt ze ginn...

D'Co-Zeenaristin vu "BAC Nord" ass iwweregens dem Cédric Jimenez seng Liewenspartnerin Audrey Diwan, déi viru Kuerzem zu Venedeg mam Gëllene Léif fir hire Film "L'Evenement" ausgezeechent ginn ass.