20 Joer laang war den Odysseus fort vun doheem, zéng Joer laang huet hien als groussen, couragéierten an intelligente Kämpfer am Krich géint Troja säi Liewen op d'Spill gesat. Den Odysseus, Kinnek vun Ithaka mécht sech nom gewonnene Krich erëm op den Heemwee, dee sech awer net als esou einfach weist, well d'Gëtter sinn net all op senger Säit.
Net all Gott a Gëttin ass frou iwwer den Ënnergang vun Troja an et ass virun allem de Poseidon, de Gott vun de Mierer, deen zimlech sauer iwwer den Odysseus ass. Huet dësen dach dem Poseidon säi Fils Polyphem geblennt, mä och nach d'Päerd, dat dem Poseidon helleg ass, mëssbraucht, fir d'Trojaner unzeschmieren.
Mä och aner Gëtter a Gëttinne si sech net eens, de Ian de Toffoli: "Schonn an der Ilias waren d'Gëtter gespalten tëschen deenen zwee Campen. [...] D'Aphrodite war op der Säit vun de Trojaner, d'Athena war op der anerer Säit dem Odysseus seng Patréinerin."
Eng schwiereg an ustrengend Heemrees
"Gëtter selwer hunn iwwerierdesch grad esou e Clash gefouert, wéi d'Mënschen op der Äerd selwer, och do wann den Odysseus e Gott rose mécht, muss en domat rechnen, datt hien a sengen Efforten heem ze kommen no hanne gepucht gëtt", seet de Ian de Toffoli.
An esou ergëtt sech dem Odysseus seng Heemrees zimlech schwiereg an ustrengend, obwuel, wann ee sech d'Joren an Zuelen ukuckt, da war et u sech net esou dramatesch fir den daperen Odysseus, deen net just en intelligenten Zaldot war, mä och e Mann mat ville Gefiller an engem gudden Häerz. An esou war hie vun dësen zéng battere Joren der siwen an der Gefaangenschaft vun der Kalypso.
Léift spillt eng wichteg Roll
Am fënnefte Gesang hat d'Mieresnymph den Odysseus bei sech opgeholl, wou säi Schëff mat der ganzer Equipe ënnergaangen ass, an hien zu hirem Amant gemaach huet. Den Odysseus huet awer no senger Fra Penelope verlaangert, an esou ass et den Zeus, deen den Hermes bei d'Kalypso schéckt, mam Uerder, si soll den Odysseus fräi loossen. D'Kalypso follegt, mä mat schwéierem Häerz, well si ass onstierflech an den Odysseus verléift. Trotzdeem versuergt si hie gutt fir seng Rees.
An da verbréngt den Odysseus och ee Joer bei der Kirke, déi dem Odysseus verfall war. Hie léisst sech awer och net bezirzen, well hien, dank engem Kraut vum Hermes, immun ass géint hir Verféierungskonschten.
Aventure sinn net primär
Déi aner zwee Joer sinn dann awer wierklech voller Misär fir den Odysseus, mä u sech sinn all déi monstréis Gestalten an dem Odysseus seng Aventuren net primär, seet de Ian de Toffoli:
"Wann een déi verschidden Interpretatiounen drop uwennt, da kënnt een och op déi, datt den Held eréischt verdéngt huet, heem ze kommen, nodeems en duerch eng ganz Partie Epreuvë gaangen ass. Wann een d'Odyssee hëlt als eng Erzielung iwwer e Mann, deen duerch verschidde Gesellschafte muss goen, fir erauszefannen, datt seng déi ass, an déi hien zréck wëllt, dann trëfft een op déi Geschicht, vun den anere gesellschaftleche Modeller, déi den Odysseus fënnt. Engersäits fënnt hien Zyklopen, déi Kreaturen ouni Glawen an ouni Gesetzer sinn, op der anerer Säit fënnt hien d'Kirke, d'Zauberin vun där d'Mënschen all a Schwäi verzaubert gi sinn, a weider fënnt hien de wonnerbare locus amoenus vun der Nymph Kalypso, wou hien an de wonnerschéinste Pleséier hänkt."
Wat geet an de Mënsche vir?
An och de Joachim Latacz, ee vun de bedeitendsten Homer-Experten am däitschsproochegem Raum schreift am Nowuert vun der Zweitausendeins-Editioun, datt et net ëm de Plot an ëm d'Spannung geet, mä ëm d'Fro, wat an engem Mënsch virgeet, deen an esou enger Situatioun lieft? Wat geet an engem Fils vir, dee säi Papp nach ni bewosst gesinn huet? Wat an enger Fra, déi onënnerbrach tëscht Hoffnung a Verzweiwlung hin a hier gerappt ass a wat am Kinnek, am Papp, am Mann? Sech just op d'Geschicht ze fokusséiere wier déi primitiivst Lektür vun der Odyssee, fënnt de Joachim Latacz weider.
Zyklopen, an awer och Charybdis a Skylla si Monsteren, déi dem Odysseus d'Liewe schwéier maachen. Fantastesch Gestalten an enger reeller Geographie? D'Odyssee gëtt dacks als éischte Fantasy oder Science-Fiction Roman genannt.
Keen einfachen Happy-End
Op alle Fall, och hei eng Story mat Happy-End, mä souguer dee war net einfach, nodeem den Odysseus all déi Epreuven um Mier bestanen hat an endlech op Ithaka heemkoum, huet hie sech fir d'éischt mol an en alen Heeschert verzaubere gelooss a sech heemlech mat sengem Fils Telemachos getraff, déi Béis vernicht iert hien säi Kinneksräich mat Hëllef vun der Pallas Athene erëm iwwerhuele konnt.
"Homer lebt nach wie vor in uns", schreift de Joachim Latacz. Domat mengt hien net just déi gefligelt Wierder, wéi en trojanescht Päerd, auf des Messers Schneide, Achillessehn oder Sirenekläng, mä virun allem den Afloss vum Homer sengen zwee Wierker, der Ilias an der Odyssee op d'Literatur bis haut. Christa Wolf, Derek Walcott an natierlech de James Joyce. Awer net just déi, weess de Ian de Toffoli.