Radioen

On air

Notturno  |  Le Vibe - Desert Rush

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Horror als Ausdrock vun engem Trauma

Netflix

Horror als Ausdrock vun engem Trauma

Eng Koppel vun afrikanesche Refugiéë muss sech an der Wunneng mat Geeschter erëmklappen. "His House", den Debut vum Britt Remy Wekes, erzielt d'Schicksal vu Flüchtlingen a Form vun engem Horrorfilm.

auto_stories

4 min

Fir de Präis vun enger dramatescher Iwwerfaart um Mier sinn d'Rial an de Bol, zwee Refugiéen aus Südsudan, an England ukomm. Nom Openthalt an engem Centre de rétention kritt d'Koppel vun der Verwaltung eng Wunneng gestallt. Wat als Chance geduecht ass, fir en neit Liewen unzefänken, stellt sech awer als zimmlech schwiereg eraus. D'Feindséilegkeet vun den Awunner vum Quartier ass nach näischt géigeniwwer der Zoumuddung vun hirem Appartement : net nëmmen sinn d'Raimlechkeeten alles anescht ewéi appetitlech, mee si schéngen och nach vu béise Geeschter besicht ze sinn.

An deene leschte Jore koumen eng ganz Rëtsch realistesch Dramae ronderëm d'Schicksal vu Flüchtlingen eraus. Ee grousse Merite vun all dëse Filmer war et sécherlech, dem Publikum aus räichen europäeschen an anere Staaten ze weisen, datt et sech bei dëse Refugiéen net ëm méi oder manner bedreelech Mënschemassen handelt, mee ëm Persounen aus Fleesch a Blutt a Gefiller, déi aus duerchaus gudde Grënn hir Heemescht hu misse verloossen.

Allerdéngs gëtt et ëmmer méi schwéier eppes Originelles mat deem Sujet ze dréinen. De brittesche Realisateur Remi Weeks war also gutt beroden, déi realistesch Approche emol op der Säit ze loossen.

Trauma oder Scholdgefill?

Fir säin éischte Long-métrage ''His House'' huet hien den Horror-Genre gewielt, méi genee dat ultraklassescht Motiv vum Geeschterhaus. Stëmmen, déi sech lues a lues manifestéieren ; Maueren, hannert deene sech weess Gott wat verstoppt ; a soss irreell Wiesen, déi sech op eemol materialiséieren ; alles dat ass kee Selbstzweck, mee den Ausdrock vun engem déiwen Trauma, un deem d'Koppel ze knaen huet - wann et dann net éischter d'Projektioun vu Scholdgefiller ass.

De Mann, deen zwar fest entschloss ass sech an England z'etabléieren, schéngt an där besonnescher Situatioun méi Krämpes ze hu wéi seng Fra. Am Géigesaz zum Bol (Sope Dirisu) versteet d'Rial (Wunmi Mosaku) d'Natur vun dëse Geeschter - a vläicht huet si et aus deem Grond och an der Hand, fir dem Problem Meeschter ze ginn. Well, wéi seet d'Rial : ''déi Geeschter sinn näischt géigeniwwer deem wat ech Mënsche gesinn hu maachen''.

Visuell sinn d'Horror-Sequenzen effikass ëmgesat, quitt datt d'Rad hei net onbedéngt nei erfonnt gëtt. Den Horror, dee sech op Elementer aus dem afrikanesche Folklor stäipt, schläicht sech mol an der Realitéit, mol an den Dreem eran, ouni datt een direkt versteet, op wéi engem Niveau vu Bewosstsinn e grad drun ass - an dat ass och clever.

Differenzéiert Duerstellung vum ''pays d'accueil"

Wat vum Realismus am Film iwwereg bleift ass d'Beschreiwung vum allgemenge Kader, an deem déi afrikanesch Koppel gelant ass. Et ass virop eng onmënschlech Bürokratie, déi sech ëm d'Flüchtlinge bekëmmert, méiglechst restriktiv an ouni och nëmmen den Ufank vun engem Gefill ze vermëttelen, datt déi Mënsche wëllkomm wieren.

Et ass och déi geréng Akzeptanz fir d'Newcomer duerch d'Populatioun an där brittescher Klengstaat, woubäi d'Reaktiounen net all d'selwecht negativ sinn. Wann d'Flüchtlingen an enger verkommener Wunneng mussen hausen, da geet et der Lokalpopulatioun och net vill besser - objektiv gekuckt sëtzen se am selwechte Boot.

De Film verhënnert iwwerdeems eng platt Duerstellung vu Rassismus zugonschte vun engem méi diffuse Friemenhaass, zum Beispill wann d'Rial bei dräi schwaarze Schüler nom Wee freet a vun deene muttwëlleg ier gefouert a veräppelt gëtt.

D'Flüchtlingsthematik mam Horror-Genre unzegoen ass déi grouss Trouvaille vun ''His House''. Den Traitement ass fir en Debutfilm méi ewéi anstänneg, mat enger duerchaus spannender an interessanter Entwécklung vun der Geschicht.