RADIO-PRÄIS Radio-Hörspill JRRIUE
E Grupp vu Flüchtlingen, déi an engem Wéngert Aarbecht an en Ënnerdaach fonnt hunn, gi vun den Duerfbewunner verdriwwen. D'Gewalt brauch just e Fonke fir auszebriechen ...

De jonken Zeenarist Frédéric Zeimet huet am Hierscht 2015 mat sengem Manuskript JRRIUE déi éischt Editioun vum 100,7 Radio-Präis gewonnen. Den Titel ass arabesch a bedeit souvill wéi - Laf fort! D'Radiospill gräift d’Thematik vun der aktueller Flüchtlingskris op. Den Auteur beschreift en Zeenario, an deem e Grupp vu Refugiéen, déi net méi vun den Duerfbewunner toleréiert ginn, an de Bësch flüchten. D’Wierk weist, wéi séier Angscht zu engem Ausléiser vu Gewalt ka ginn a Mënsche géinteneen opbrénge kann.
Diffusioun: Sonndeg, den 23. Oktober 2016, um 19:30