Eng Saison, wou nees jiddwereen zu sengem kënnt. Sief et wann een en Adept vum Theater, vun der Oper, vum Danz oder och vum Musical ass. Mee virun allem steet d'Kreatioun ganz uewen op der Lëscht vun de Stater Theateren.
Den Direkter vun de Stater Theateren Tom Leick ass am Studio beim Jean Claude Majerus a steet him Ried an Äntwert.