Radioen

On air

Notturno  |  Westerman - A Lens Turning

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Inferno, kee grousse Worf

Hollywood

Inferno, kee grousse Worf

Déi Kéier probéiert den Ikonolog a Symbolog Robert Langdon d’Welt virun engem déidleche Virus ze retten. Dem Dan Brown säi Roman "Inferno" liest sech gutt, ass spannend an iwwerzeegt duerch historesch Detailer an d’Beschreiwung vun de Plazen. Kritären, déi dem Realisateur Ron Howard säi Film awer net erfëllt.

auto_stories

2 min

Den Tom Hanks an d'Felicity Jones. Foto: Foto: CTMG / Jonathan Prime

An "Inferno" erwächt de Professer Robert Langdon (Tom Hanks), brillanten Expert fir alles wat Symbolik ugeet, an engem Spidol zu Florenz. Hie ka sech awer u guer näischt méi erënneren. A sengem Kapp roost e Stuerm mat Visiounen, Flashbacken, Stëmmen, jee et ass de kompletten Duercherneen. Eng grouss Roll an dëse Visioune spillt och den Auteur vun der "Divine Comédie", den Dante a seng Perceptioun vun der Hell grad ewéi dem Dante seng Doudemask. Vun Ufank un iwwerschléit de Film sech, eng Polizistin probéiert de Langdon nach am Spidol ëmzebréngen. Déi jonk Doktesch Sienna Brooks (Felicity Jones) hëlleft dem Langdon fort ze kommen a bleift u senger Säit.

Déi zwee fannen eraus, datt de Biochemiker a Milliardär Bertant Zobrist (Ben Foster) en déidleche Virus entwéckelt huet, mat deem hien d’Mënschheet - oder op mannst op e gudden Deel vun der Mënschheet - wëll dout maachen. Hien well d'Surpopulatioun op der Welt bekämpfen. Aus onerkläerleche Grënn hëlt den Zobrist sech Liewen. Mä wou ass de Virus? D'Weltgesondheetsorganisatioun sicht en, mat Hëllef vum Langdon an sengen historeschen a symboldeitende Fäegkeeten. Mee kann de Robert Langdon der Sienna Broocks oder der WHO trauen?

E gudde Roman. E schlechte Film

Dem Dan Brown säi virleschte Roman mam Robert Langdon als Haaptprotagonist "The lost Sybmbol" war zimlech langweileg. Mat "inferno" hat den Dan Brown sech nees gefaangen an op e neits e spannende Roman erausbruecht - nieft villen historesche Fakten och mat flotte Beschreiwunge vu Florenz, Venedeg a Istanbul. Mat där Basis hätt ouni Zweiwel kéinten e gudde Film entstoen. Dat ass awer net geschitt.

"Inferno" feelt vu fir bis hannen de Spannungsbou, d’Geschicht hält d'Strooss net. Et tauche Personnagen op, déi am Buch kaum een Impakt haten, an hei sinn et d'Haaptrollen. Et ass e nervöse Film, bei deem vill mat Hand- oder Schëllerkamera geschafft gëtt: D'Resultat si verwackelt, stresseg an onnéideg Biller. Aplaz eng anstänneg Geschicht z'erzielen geet de Film éischter an Direktioun "James Bond" oder "Mission Impossible" - wéinst de villen Explosiounen, net wéinst der Qualitéit. D'Stied an deenen d'geschicht spillt, Florenz, Venedeg an Instanbul, komme vill ze kuerz.

Och d'Acteuren an den Haaptrollen, den Tom Hanks an d’Felicity Jones, goufen net gefuerdert a spillen ënnert hirem Kënnen. An de WHO-Agent Christoph Bruder (Omar Sy), huet ausser engem franséischen Accent am Engleschen näischt ze bidden. Wann ee schonn esou e Cast huet, da misst een en eigentlech ausnotzen.

Et kéint ee Lëscht esou weider féieren ... et ass ee Film, deen een net muss gesinn hunn.