Radioen

On air

Resonanzen  |  Wolfgang Amadeus Mozart - Sonat fir Piano Nr.10 an Do Majeur, K330, III. Allegretto - Jean Muller (Piano)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vu Bommeleeër bis Sammleritis

Bande Dessinée

Vu Bommeleeër bis Sammleritis

Fir déi 23. Kéier hunn national an international Comicfans sech de Weekend vum 16. a 17. Juli um "Festival International de la Bande Dessinée" zu Konter getraff. E Fest fir déi "néngte Konscht", wéi d'BD a Frankräich genannt gëtt.

auto_stories

3 min

Fir déi 23. Kéier vu Comicfans sech dëst Joer zu Konter getraff (Foto: Festival international de la BD)

Wéi 1994 den internationale Festival vun der Bande Dessinée zu Konter an d’Liewe geruff gouf, huet wahrscheinlech kee mat sou engem grousse Succès gerechent. Haut ass de BD-Festival een alljährlechen Treffpunkt fir d’Comic-Amateuren, Sammler an Händler aus aller Welt.

D'Zuel vun de nationalen an internationalen Auteuren déi all Joer hier neiste Wierker um Festival zu Konter presentéieren ass an Tëschenzäit vun aacht op 50 geklommen. D'Visiteuren haten de Weekend, wéi all Joer, och d’Méiglechkeet d'Comicen direkt op der Plaz ze kafen a sech vum Auteur eng Widmung an d‘ Buch schreiwen ze loossen.

"Gutt fir gutt gelaunten Depressiver"

Dem franséischen Auteur Eric Ivars säi Wierk "Suicide de ménage" ass ee vu eise Coup-de-coeuren vun dëser Editioun. "Et ass fir gutt gelaunten Depressiver. Och wann et déi vläicht guer net gëtt", beschreift den Auteur selwer seng Serie. Mat vill Humor a grelle Faarwe ginn hei "1000 an eng Manéier fir sech ëmzebréngen" duergestallt. "Et ass ee Buch fir ze laachen", verséchert den Eric Ivars.

Eisen zweete "Coup-de-coeur": Dem Lëtzebuerger Zeechner Pit Wagener seng Bommeleeër-Dokumentatioun. Datt et iwwerhaapt zu dëse Bicher koum, ass puren Zoufall, seet de Kënschtler selwer. "Ech hunn ëmmer vill um Geriicht gezeechent. A wéi de Prozess ugefaangen huet sinn ech kucke gaangen a bliwwe bis zum Schluss", erzielt de Pit Wagner.

Komplimenter vum Gaston Vogel

De Pit Wagner beschreift de Prozess als "haart Noss", och fir sech selwer: "Wann ee bis ee Mount oder zwee do war, da kann een net méi ophale soss ass d'Aarbecht ganz futsch". "Vill Komplimenter" krut e Pit Wagner iwwregens vum Gaston Vogel, onëmgänglechen Affekot am Bommeleeër-Prozess, deen déi zwee Bicher och kaaft huet. "Des oeuvres de qualité huet hien d'Bicher genannt".

Um Festival hu vill Comicfans d'Geleeënheet ergraff fir hirem Liiblingsauteur méi no ze kommen an et huet sech an der Hal vu Konter déi eng oder déi aner Schlaang gebilt. Dat huet awer kee gestéiert, schliisslech waren d'Autoren déi zwee Deeg present an hunn sech Zäit fir jidderee geholl.

"Chasseurs de dédicace" am Asaz

Déi Fans, déi dee besonneschen Event guer net méi erwaarde konnten, och nach "Chasseur de dédicace" genannt, ware scho virun der Ouverture op der Platz fir op iwwer 80 Stänn no Comicen ze sichen, déi hinnen nach an hirer Kollektioun gefeelt hunn. Nieft all Genre vu Comicen an Occasiounsbicher krut een och Figuren, Orgnialzeechnungen a signéiert Affichen ze kafen.

"Ech sammelen zanter ville Joer LTB'en, also Lustiges Taschenbicher", erzielt eng jonk Fra. Ee Visiteur aus der Belsch fënnt de Kader vum Festival vu Konter besonnesch flott. "Et ass méi gemittlech wéi grouss Festivalen, et kënnt een dowéinst einfach an d'Gespréich mat den Auteuren". E weidere Visiteur erënnert sech u seng "Sammleritis". "Fréier hunn ech alles gesammelt a wollt onbedéngt Dedicacen. Haut ginn ech dat Ganz méi entspaant un. Déi meescht Auteuren di ech bewonneren si souwisou schonn dout".

De Festival, deen iwwer de ganzen Duerfkär vu Konter verdeelt war, zitt an der Regel bis zu 8.000 Visiteuren un.