Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wat maachen, wann déi beschte Frëndin op déi schif Bunn geréit?

"Intervention" am Kasemattentheater

Wat maachen, wann déi beschte Frëndin op déi schif Bunn geréit?

Alkohol ass wuel déi Gesellschafts-kompatibelst Drog bei eis. Trotzdeem kann ee sech Suerge maachen, wann déi beschte Frëndin riskéiert ënnerzegoen, an do muss een agräifen. D'Regisseurin Sandra Reitmayer huet der Rebekka Kricheldorf hiert Stéck "Intervention" op d'Bün vum Kasemattentheater bruecht.

auto_stories

3 min

Am Mëttelpunkt steet d'Lily. Si ass de Grond fir d'Interventioun, déi hir beschte Frendin Annika decidéiert huet ze maachen. D'Annika rifft der Lily hire Monni an déi bescht Jugendfrëndin vun der Lilly zesumme fir eng Léisung fir de grousse Problem ze fannen. Si fënnt nämlech, datt d'Lilly ze vill drénkt an datt si esou um Wee an den Ofgrond ass. D'Annika selwer ass scheinbar eng glécklech bestuede Fra a Mamm.

De Monni, deen elo Akasha heescht, huet säi westeuropäescht Kapitalisteliewen opginn an huet anscheinend säi Gléck als "Aussteiger" fonnt, iergendwou an engem waarme Land, wou hie sech selbststänneg gemaach huet. An d'Frans ass um Wee vun der Karriär no uewen, wa si net grad an der Psychiatrie hir unerkannt Krankheet traitéiert.

Villverspriechenden Ufank

Déi Dräi waarden op d'Lilly, déi dann och ukënnt an natierlech a Partystëmmung ass. Wat e Schock, wou si vun dësen dräi Mënschen, déi hir am Fong geholl am nooste stinn op hir Sucht an d'Folge vun dëser opmierksam gemaach gëtt a proposéiert kritt, eng Therapie ze maachen.

Natierlech reagéiert d'Lilly mol fir d'éischt ganz aggressiv op dës Interventioun, mee no an no gesäit si de Problem an ... a virun allem mierken déi aner Dräi, datt hiert Liewen och net immens ass, datt si net esou zefridde sinn, an datt si och dem Alkohol oder aner Drogen net ofgeneigt sinn.

Eng Ëmsetzung, déi immens villverspriechend ufänkt. Psychedelesch Gestalten an d'Stëmm aus dem Off - et ass d'Drog, déi schwätzt. Wat d'Weltliteratur an d'Léift hir ze verdanken hunn, awer och all de Misär, deen op hir Kap geet, all déi futtis Famillen, déi perturbéiert Geeschter.

Den Text verléiert géint Schluss hin un Originalitéit

Dono gëtt et awer zimmlech schwaach. Net wéinst der Inzenéierung, net wéinst dem Schauspill, mee wéinst dem dach banalem Text vun der Rebekka Kricheldorf. Et gëtt mat Klischeeë geschafft, all Saz ass virauszegesinn, an do retten och mol net méi originell Aussoe wéi "Gestern Kamillentee getrunken, alles richtig gemacht, früh zu Bett gegangen. Das ergibt keine Charles-Bukowski-Gesamtausgabe".

Déi textuell Stäerkten sinn och am Ufank méi present, wat et méi zum Schluss geet, ëmsou méi verléiert den Text u Qualitéit, Inhalt an Originalitéit. Wann da bal um Enn och nach gesouert gëtt, datt een als héich gebilte Fra hir Karriär opginn huet fir Mann a Kand, da fillt ee sech direkt op Berlin Charlottenburg oder Prenzlauer Berg versat a lauschtert d'Suergen, déi wierklech d'Welt net beweegen ... a kenger Form ...

An do kann ee just der Ekipp gratuléieren, d'Eugénie Anselin glänzt an der Roll vun der Lilly an de Raoul Schlechter iwwerzeegt als alen Hippie, grad wéi d'Anouk Wagner zynesch-arrogant an d'Elisabeth Johannesdottir als besuergte Frëndin.

E puer flott Spréch, en zolidd Spill, mee eng Virlag, déi ze iwwerflächlech, deelweis moralinsauer an zimmlech verstëbst ass.