Radioen

On air

Notturno  |  Artaban - A2

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ivo Andric - Insomnia. Nachtgedanken

Literatur

Ivo Andric - Insomnia. Nachtgedanken

Schlofen, wakereg sinn, eigentlech eng Dichotomie - mee wat, wann et nach en drëtten Zoustand gëtt? Am aphoristesche Sammelband "Insomnia" vum Ivo Andrić dréit sech alles ëm d'Insomnie.

auto_stories

3 min

Wat mécht en aus, den Zoustand vun der Insomnie?

Wann et dem Nobelpräisdréier Ivo Andrić no geet, spillt d'Renconter eng zentral Roll.

An engem Spannungsverhältnis tëschent Erënnerung a Vergiesse steet de Mënsch ouni Schlof fir d'éischt emol sech selwer géigeniwwer, senge Feeler, sengem Gewëssen, sengen Ängschten.

Gesteigert Imaginatioun

Et trieden och Matmënschen op, ganz oft déi, deenen en Onrecht gedoen huet. Si fannen sech zesumme wéi op enger iwwerluedener Bün.

Op dës Manéier entsteet eng Liewegkeet, déi sech mat der akustescher Stëll an der Nuecht bäisst an eng Verschmëlzung vu Realitéit a Fiktioun ervirbréngt.

Imaginär a grujeleg Verwandlunge sinn d'Resultat vun deem, wat déi gesteigert Imaginatioun dobäi ervirbréngt:

"Nicht spukhafte Werwölfe, Feen oder weiße Gespenster sind es, die nachts an Kreuzungen und vor Friedhöfen betrunkenen Bauern oder blutarmen Greisinnen erscheinen, um sie mit ihrer leichenhaften Gestalt und phosphorenen Augen zu erschrecken. Nein, denn die Gespenster sind lebendige Menschen, mit denen wir unser ganzes Leben verbringen, bis sie von einem verhüllten, irre gewordenen Punkt unserer Phantasie ergriffen und zu Mysterien und Monstern gemacht werden, die uns den Schlaf verwüsten, die Gedanken vergiften und den Atem zerreißen. Durch eine phantastische Permutation bekannter und uns bis eben noch naher Gesichter und Beziehungen entsteht plötzlich ein schreckliches Mosaik, das blitzartig und augenblicklich das Blut gefrieren und den Blick erstarren lässt."

An de Miniaturen dominéieren déi negativ Erfarungen.

Nonchalant an humorvoll

Et gëtt vill mat Liichtmetaphorik gespillt an d'Nuecht ass op der Säit vun der Däischtert, dem Schiet, dem Ofgrond anzeuerdnen. Vill geet rieds vun der Péng an dem Leed, déi, besonnesch um Enn vum Band, wann och iwwert den Doud reflektéiert gëtt, an de Mëttelpunkt réckelen.

D'Texter behalen duerch hir Kierzt an de plazeweis nonchalanten oder humorvolle Stil zwar eng Liichtegkeet, awer just an deem Mooss, wéi et mat hiren Ziler ze vereenen ass. Sou beliichten se éischtens existenziell Froen a ginn der Conditio humana op de Fong. Gläichzäiteg sezéiert de Schrëftsteller intim Grenzerfarungen.

Interessant ze wëssen, ass, datt den Andrić selwer sech un deem zweeten Aspekt gestouss hätt.

Verëffentlechung nom Schrëftsteller sengem Dout

Him war dru geleeën, perséinlech Gedanken a Charakterzich ze verfriemen, éier en se a seng Romaner integréiert huet, wollt als Auteur ganz hannert senge Wierker zerécktrieden.

Aus deem Grond ass den Editeur an Iwwersetzer Michael Martens sech och sécher, datt den Andrić d'Publikatioun vun "Insomnia" zu Liefzäiten nimools accordéiert hätt.

Mee ee Gléck, datt d'Textsammlung eis als Lieser trotzdeem zougänglech gemaach gouf! Et geléngt hir, mat pessimisteschen Téin zum Nodenken ze verleeden, mat witzege Passagen ze iwwerraschen a si stellt ouni Zweiwel eng Beräicherung duer, sief et als Beschäftegung am Dag oder als Nuetsdëschlektür fir Momenter ouni Schlof.