Radioen

On air

Tockcity  |  Panorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Iwwer d'Geschicht vum Hip Hop zu Bréissel

Subkultur

Iwwer d'Geschicht vum Hip Hop zu Bréissel

Am Palais des Beaux Arts zu Bréissel ass de ganze Summer iwwer eng Ausstellung iwwer Hip-Hop-Kultur an der belscher Haaptstad. Hei kann ee virun allem eppes iwwer d'Geschicht vum Hip-Hop an iwwert déi véier Haaptdisziplinne vun dëser Bewegung léieren: Breakdance, Rap, DJing a Graffiti.

auto_stories

2 min

Den Hip-Hop versteet sech als Street culture. Dofir geet d'Ausstellung "Yo! Brussels Hip-Hop Generations" scho virun der Dier vum BOZAR un. Eng Graffitimauer an eng Skate-Ramp falen direkt op. Donieft gouf ee Container opgeriicht, wou dropsteet "The Biggest Public Outdoor Pool In Brussels". Et ass allerdéngs och déi eenzeg "oppe Schwämm" zu Bréissel.

D'Ausstellung ass chronologesch opgedeelt. Si weist, wéi de Bréisseler Hip Hop sech vun den 80er Jore bis haut entwéckelt huet.

Interaktive Flow

A verschiddenen Themebräicher géif ee probéieren, d'Zäit an déi verschidde Generatiounen ze verdäitlechen, erkläert de Benoit Quittelier, Kommissär vun der Expo. Hie mécht selwer och Breakdance. "D'Themeberäicher sinn de Flow, de Sampling, d'Konfrontatioun an d'Bewältegung."

De Flow wier dat wichtegst Element vum Hip Hop. Et wier d'Aart a Weis, wéi ee Kënschtler déi eenzel Elementer vu sengem Lidd, sengem Danz, senger Performance oder sengem Konschtwierk géif enchaînéieren.

Fir an dëse "Flow" ze kommen ass een Deel vun der Ausstellung interaktiv. Op engem Breakdance-Teppech kënnen d'Visiteure mat Hëllef vun engem Video selwer probéieren, wat si kënnen. "Mir wollte méi wéi eng Ausstellung maachen. Et ass eng richteg Experienz", seet d'Evelyne Hinque, Organisatrice vun der Ausstellung.

E Graffiti-Stage?

Zum Projet "Yo!" zielen och eng ganz Partie Evenementer ronderëm d'Hip-Hop-Kultur. Zum Beispill e Breakdance-Battle oder eng Debatt iwwert de Graffiti.

An Zesummenaarbecht mat Jugendhaiser ginn donieft Workshoppen organiséiert. Wéi een ee a verschiddene Sportsdisziplinne kéint Stagë maachen, géifen hei Stagen am Breakdance, Graffiti oder Rap proposéiert ginn, seet de Benoit Quittelier.

Reanimatioun vu Legenden

YO! soll awer net nëmme Jugendlecher unzéien. Et wëllt een och Gréissten aus dem Bréisseler Hip-Hop nees opliewe loossen. "Ech sinn nostalgesch. Ech sinn ee Meedchen aus den 80er. Ech wollt onbedéngt de Benny B oder RAB, well dat e Retour bei d'Quellen ass," seet d'Evelyne Hinque. Awer och d'90er Joren an déi nei Well vu Kënschtler wier wichteg.

Zu den Exponate gehéiere perséinlech Objete vun Artiste wéi dem Stromae oder dem James Deano. Awer och e puer gréisser Graffitien, déi extra fir d'Ausstellung gemoolt goufen.

D'Ausstellung "Yo! Brussels Hip Hop Generation" ass nach bis de 17. September am BOZAR zu Bréissel ze gesinn.