Radioen

On air

Notturno  |  Alan Palomo - Stay-At-Home DJ

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Iwwer d'Wichtegkeet vum Liesen

Jacques Vriens

Iwwer d'Wichtegkeet vum Liesen

De Jacques Vriens gehéiert zu de bedeitendsten zäitgenëssesche Kanner- a Jugendbuchauteuren an Holland. Eng Rei vu senge Bicher sinn och verfilmt, een dovun "Secrets of War" hei zu Lëtzebuerg. De fréiere Schoulmeeschter erzielt iwwer d'Wichtegkeet vum Liesen, säi Wee als Auteur vu Kanner- a Jugendbicher an iwwer de ganz besonnesch beréierende Roman, deen op Däitsch ënner dem Titel "Für Akkie" erauskoum.

auto_stories

2 min

De Jacques Vriens gehéiert zu den bedeitendsten zäitgenëssesche Kanner- a Jugendbuchauteuren an Holland. Iwwer 90 Bicher huet hien an de leschte 40 Joer publizéiert. Vill vu senge Wierker sinn europawäit iwwersat ginn. Eng reegelrecht Succes-Story ass de Jugendroman, an der däitscher Iwwersetzung mam Titel "Für Akkie".

En Denkmal fir eng Schülerin

De fréiere Schoulmeeschter huet hei eng reell Geschicht verschafft fir enger Schülerin en Denkmal ze setzen. D'Protagonistin ass en 12-järegt Meedchen, datt eng begeeschtert Fussballspillerin war. D'Akkie krut awer Leukemie. "Sie war so ein fröhliches Kind und Fussball war ihr so wichtig. Und ich dachte, ich möchte ein Buch über sie schreiben, und ich will, dass die Erinnerung bleibt."

Och d'Erënnerung un all déi Kanner, déi d'Akkie duerch hir Krankheet begleet hunn. De Jacques Vriens wollt mat dësem Buch och anere Kanner d'Méiglechkeet ginn, sech mam Thema vun der Krankheet an dem Doud ausenanerzesetzen.

D'Buch ass dann och verfilmt ginn:

E weidert Wierk vum Jacques Vriens huet de Wee an de Kino fonnt: "The Secrets of War". E Buch, dat d'Frëndschaft tëschent zwee Jongen an der Nazizäit thematiséiert. Et war net onbedéngt den Zweete Weltkrich, deen hien hei wollt thematiséieren, doriwwer wäre scho vill Bicher geschriwwe ginn, mee et geet hei ëm eng ganz speziell Situatioun aus dem Vriens sengem Heemechtsduerf a Südholland, wou eng ganz Rei vun de Bewunner mat den Nazie sympathiséiert hunn an awer och e Widderstand gouf a Judde verstoppt goufen: "In einem Dorf! Wie ist das? Was weiss man als Kind? Das interessierte mich! So habe ich angefangen Leute zu interviewen in unserem Dorf, die das mitgemacht haben.(...) Ich wollte in meinem Buch erzählen, dass Krieg immer bedeutet. dass man Menschen, die man liebt, verlieren kann"

De Film "Secrets of War" ass zu Lëtzebuerg gedréit ginn.

De Jacques Vriens schreift Bicher fir déi Allerklengst, awer och fir Jugendlecher. Datt Liesen a Virgelies kréien eng enorm positiv Wierkung op déi kognitiv Entwécklung vum Kand huet, ass gewosst. Vun Elteren, Grousseltere virgelies ze kréien, bereet awer och op d'Selwerliese vir. Wann d'Kanner ufänke mat Liese léieren, kënne si nach net e Buch liesen, mee si wëssen, "Dass die schwarzen Zeichen eine Geschichte sind".