Radioen

On air

Resonanzen  |  Georg Philipp Telemann - Concerto fir zou Flütten, Gei a Cello a Ré Majeur, TWV 54:D1, I. Vivace - Leela Breithaupt (Flütt), Barthold Kuijken (Flütt/Dir.), Indianapolis Baroque Orchestra

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Iwwert d'Hurra-Houfert-Konscht

Konscht a Gesellschaft

Iwwert d'Hurra-Houfert-Konscht

Wat huet Konscht an Zäite vun enger allgemenger Désorientéierung an engem neie Populismus ze leeschten? Ob sech Kënschtler mat hirem Wierk gesellschaftlech ze engagéieren hunn - doriwwer gëtt zënter Joerhonnerte gestridden. An och zu Lëtzebuerg kann ee sech dëser Deeg mat der Fro ëm d'Relevanz an ëm d'Repercussioune vu Konscht beschäftegen. Iwwerleeungen zu den zäitgenëssesche Kënschtler Beryl Koltz a Jacques Schneider.

auto_stories

3 min

Sound a Light-Show op der Fassad vum Palais (Foto: Cour grand-ducale / Charles Caratini)

Ka Konscht sech selwer ofschafen? Ka si sech sou fest un den Hoer zéien, bis si sech am Géigesaz zum Baron Münchhausen net aus dem Bulli erauszitt, mee sech sou déif eranzitt, datt se stieche bleift?

Deen Androck krut een, wann ee sech déi sougenannt Sound a Light-Show ugekuckt huet, déi leschten Donneschdeg an der Stad iwwert d'Bühn goung. Woubäi ee méi präzis muss sinn: Si goung iwwert d'Fassad, an zwar iwwert déi vum Palais Grand-Ducal. Mat Beamere goufen historesch Fotoe vun der groussherzoglecher Famill op d'Palaismaueren projezéiert. De Grond waren d'Feierlechkeeten fir 125 Joer Dynastie Letzebuerg-Nassau.

Pseudo-artistescht Geknéchels

Tatsächlech war d'Sound a Light-Show vun der Kënschtlerin Beryl Koltz net vill méi wéi eng glënnereg Fassad fir eppes, wat gréisstendeels scho Fassad ass: d'Monarchie. D'Installatioun vun der Koltz hat näischt Subversives, Kritesches oder Produktives. Si reklaméiert de Stempel "Konscht" just fir sech, fir déi eege Schaff mat enger artistescher Aura ze bepinselen. A fir ee Public unzelackelen, deen onkritesch mat oppenem Mond klatsche soll.

Sou eppes ass pseudo-artistescht Geknéchels, dat sech an den Déngscht vun eppes anescht stellt. A genee dat mécht Konscht, déi sech selwer eescht hëlt, numol net. Mat enger patriotesch-populärer Iddi an deem néidegen Handwierk kann een hautdesdaags awer vill erreechen.

Konscht als Porte-Parole vun deene Falschen

Dat weist eis zënter Joren de Jacques Schneider. Hien ass an der Konschtzeen bekannt fir seng patriotesch Tableauen a Collagen. Egal ob d'Police, de Grand-Duc oder de roude Léiw - beim Schneider geet et ëmmer an exklusiv dorëms, "Jo" a "Vive" a "Bravo2 ze ruffen. Ee vu sengen Internet-Siten heescht dann och 3xvive.lu.

Eigentlech steet et jo jiddwerengem fräi, dat ze schreiwen, ze molen an openeenzepechen, wat säi Weltbild zesummenhält. Ma genee un dësem "eigentlech" hänkt elo zimlech vill. Op Facebook gëtt et ee Site, deen sech "Onst Lëtzebuerger Land", kuerz: OLL, nennt. Do huet een Opriff fonnt, d'Sproochepetitioun z'ënnerschreiwen, ma et fënnt een och eng ganz Rëtsch Biller mat Spréch wéi "Mir wölle bleiwe wat mir sinn". Sou wäit, sou gutt a legitim. Ma op dem OLL-Site stinn och Spréch wéi: "Déi ganz Chamber ass net normal, déi solle sech ee Mol all teste loossen." Oder: "Flüchtlinge sollen raus! Soss ginn mir dat, wat mir waren, net méi."

E puer Klicks weider fënnt een dann ee Bild, dat eng méi berühmt Collage vum Jacques Schneider weist. Dorops ass de Grand-Duc ze gesinn, mam Lëtzebuerger Fändel als Hannergrond. Sou séier kann also Konscht als Porte-Parole vun deene Falsche mëssbraucht a pervertéiert ginn. Jo, et ass an dësen Zäiten net wäit vun enger naiver Hurra-Nationalkonscht hin zu engem ellene populisteschen Diskurs.

Ma sollt net all Kënschtler, deen eppes op sech hält, iwwert säin Afloss Bescheed wëssen? Wann déi eege Wierker als Verstäerker vu populistschen Iddien hierhale kënnen, ass dann net eppes schif gelaf? An ass et dann net um Kënschtler, dogéint Stellung ze bezéien? Als klengen Tipp zum Schluss: De Jacques Schneider kéint sech als Léierbouf beim Kënschterkollektiv richtung22 mellen. Et wier bestëmmt net onspannend fir seng nächst Wierkphas, wann op enger vun senge neie Collage stoe géif: "Vive Lëtzebuerg, Du hannerhältegt Stéck Schäiss."