Radioen

On air

Notturno  |  William Doyle - Now In Motion

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Manga: Wat de Bauer net kennt...

Boulevard BD

Manga: Wat de Bauer net kennt...

An enger relativer Onofhängegkeet vun deem, wat am Westen ënnert dem Begrëff Comics oder Bande dessinée leeft, huet sech an de vergaangene Joerzéngten an Ostasien, haaptsächlech a Japan, eng Disziplin entwéckelt, déi eisen europäeschen Aen zugläich ongewinnt an erstaunlech kënneg erschéngt. De Manga huet seng eegen Unhängerschaft, déi net onbedéngt identesch ass mat där vun der BD.

auto_stories

4 min

Manga? Dat ass Pokémon, oder? Eng masseweis produzéiert Bëlleg-Wuer?

Mir stelle jo wuel aner Uspréch, wéi Billercher mat zockerséisse Figuren, déi ee mat grousse blénkegen Aen a glate Bambi-Gesiichter vu bëllegem Pabeier erof ukuckt?

Ech muss beichten: Ech hu keng Ahnung vu Manga. Ma esou guer zu Angoulême, dem franséische Mekka vun der Bande dessinée, si Manga präisgekréinte Wierker. "Chiisakobé", vum Minetaro Mochizuki, zum Beispill - eng véierbänneg Familje-Saga, déi dëst Joer mam Prix de la série ausgezeechent gouf.

Do fënnt ee keng kobold-ähnlech Männercher mat groussen Aen. Keng Roboteren, a keng Effekthascherei. Dofir awer eng e pur Grafik, déi dat Alldeeglecht unhand vun Detailer erëmgëtt. An een Erziel-Rhythmus, dee sech Zäit léisst. Ass dat déi berühmten Zen-Attitüd?

Alles anescht ewéi Pokémon

De Minetaro Mochizuki schaaft eng eegenaarteg melancholesch Stëmmung. Fir méi Authentizitéit, huet hie sech een historesche Roman vum Shugoro Yamamoto aus der mëttelalterlecher Edo-Epoque als Virlag geholl, an an eis Zäit verluecht.

Et ass eng intimistesch a perséinlech Aarbecht, mat lakoneschem Realismus. D’Motivatioun dofir war… d'Katastroph vu Fukushima. Esou vill zum Thema Pokémon.

"L'homme qui marche": Dëst Wierk, vum Jiro Taniguchi, aus dem Joer 1995, hätt meng Viruerteeler vis-à-vis vum Manga scho laang misste widderleeën.

Ee Mann spadséiert duerch déi Stad wou e wunnt. Hie beobacht all déi Klengegkeeten, déi hien op sengem Wee fënnt. A mécht sech seng Gedanken doriwwer. An deenen onspektakulären Erliefnisser a Begéinungen ouni vill Dialoge läit eng duuss Poesie, déi een net esou liicht vergësst.

Manga Shop, Osaka, Japan / picture alliance

Manga an Europa

Franséisch a belsch Editeuren hu sporadesch probéiert, de Manga an Europa ze promouvéieren. Wierker vu grousse Mangaka goufen iwwersat. An et gouf een Echange, duerch deen dann och Auteuren aus dem Westen a Japan bekannt gemaach goufen.

Entstane sinn doduerch Euro-Manga Kollektiounen, ewéi dem Baru säin "L'autoroute du Soleil". Oder dem Michel Crespin säin "Elie”.

Dem japanesche Meeschter Hokusai seng weltberühmte Well - dir kënnt se sécher - huet schonn am fréien 19. Joerhonnert de Begrëff "Manga", wat souvill heescht ewéi "grotesk Zeechnungen", fir seng Holzschnëtt-Serie benotzt.

Hokusai: Beyond the Great Wave / picture alliance / Photoshot

Annerhalleft Joerhonnert méi spéit, 1990, kënnt a Frankräich d'Science-Fiction Serie "Akira" eraus. Si gehéiert zum Genre vun de Seinen Manga, déi sech u jonk Erwuessener riichten.

"Akira", geschriwwen a gezeechent vum Katsuhiro Otomo, markéiert en Tournant an der Verbreedung vun de japanesche Comics am Westen.

D'Kritiker si begeeschtert. D'Verkafszuele ginn duerch de Plafong. Déi post-apokalyptesch Saga, déi e bëssen un de Moebius erënnert, trëfft net nëmme bei jonke Lieser weltwäit ee Nerv.

Aus enger Nisch fir agefleeschte Fans gëtt ee Risen-Hype. Banne kuerzer Zäit sinn d'Rayone vun de Librairien iwwerfëllt. Een efficace Marketing, d'Zesummewierke vu Film, Videospiller an Internet suerge fir eng Moude-Well, déi sech bei Kanner a Jugendlechen ausbreet.

Manga Stand op der Frankfurter Buchmesse / picture alliance / Anke Fleig / SVEN SIMON

Europäesch BD ze intellektuell?

Um Succès vum Manga an Europa ass ee Phänomen mat schëlleg, deen engem ze denke gëtt. Vill jonk europäesch Lieser fillen sech vun de franséischen a belschë BDen net méi wierklech ugesprach. Well déi hinnen... ze intellektuell an elitär sinn.

Wat seet dat wuel iwwert eis praktizéiert kulturell Erzéiung aus? Wann eise Kids en traditionelle BD-Album ze vill Kappzerbrieches bereet, da liesen se mat Sécherheet och net déi Zort vu Mangaen, wéi se zu Angoulême ausgezeechent ginn.

Mech begeeschtert d'Bande dessinée, ob se sech elo Comic, Manga oder wéi och ëmmer nennt, als eng ausgesprache sozial Konschtform, populär am beschte Sënn. Well se sech u jidderee riicht, a fir jidderee geeschteg a materiell abordabel ass.

Ënnert der Konditioun, dass ee mat deem néidegen Engagement a Fangerspëtzegefill drun erugefouert gëtt, fir och kënne Guddes a Schlechtes vuneneen z'ënnerscheeden.

Wéi hate mer gesot? Wat de Bauer net kennt…