Radioen

On air

De Weekend  |  Calexico / Iron & Wine - Father Mountain

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Jean-Paul Jacobs ass dout

Literatur

Jean-Paul Jacobs ass dout

De Lëtzebuerger Schrëftsteller a Musekwëssenschaftler ass de leschten Dënschdeg am Alter vu 75 Joer zu Berlin gestuerwen. De Jean-Paul Jacobs war iwwer laang Jore Mataarbechter vum 100,7. D'lescht Woch nach ass dem gebiertegen Escher säi Poesierecueil "Fragmente" erauskomm.

auto_stories

2 min

Jean-Paul Jacobs (Foto: CNL/Paolo Leoni)

De Jean-Paul Jacobs hat Musikwëssenschaften, Geschicht a Latäin studéiert, an ass 1966 op Berlin geplënnert. Kuerz virdrun hat hien ugefaang mat schreiwen. Mat experimenteller Lyrik an Erzielungen hat hie säin Debut an de 1960er Jore gemaach. "Hie war ee vun deenen neien, jonken Auteuren, déi eng nei Sprooch an d'Lëtzebuerger Literatur bruecht hunn", sot d'Germaine Goetzinger.

Déi fréier Direktesch vum Mierscher Literaturarchiv charakteriséiert dem Jean-Paul Jacobs seng Schreif als provokativ, frech, ewech vum ale Schéinheetsideal, eng Literatur, déi ureege sollt, ironesch an deelweis absurd war.

Zu Berlin gelieft, mee Lëtzebuerg verbonne bliwwen

De Jean-Paul Jacobs war vun 1975 bis 2006 Mataarbechter vun der Staatsbibliothéik vu Berlin. Säi Lien mat Lëtzebuerg hätt hien awer ni verluer, sou d'Germaine Goetzinger. Unerkennung hei am Land wier him wichteg gewiescht. Bis zu sengem Liewensenn war de gebiertegen Escher schrëftstelleresch aktiv. Säi lescht Lyrikband "Fragmente" ass nach déi lescht Woch publizéiert ginn.

"Een onheemlech gebiltene Mënsch"

D'Germaine Goetzinger beschreift de Jean-Paul Jacobs als een immens léiwe Mënsch, dee sech ëm d’Leit gekëmmert huet – a mat deem ee vun Häerze konnt laachen. Mee och vu sengem Wëssen a vu senge Fähegkeete wier si begeeschtert gewiescht ("een onheemlech gebiltene Mënsch").

"Ech hu kee kannt, deen esou d'Berliner Geschicht kannt huet, vum 18. an 19. Joerhonnert, deen an der Musek esou bescheed gewosst huet". D'Germaine Goetzinger huet d'Radios-Emissiounen iwwer vergiesse Komponisten a Musekerinnen ervir gehuewen, déi de Jean-Paul Jacobs fir den 100,7 gemaach huet.