Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Jet Lag / Out of Sync

Triennale Jeune Création

Jet Lag / Out of Sync

D'Triennale riicht sech u jonk Kënschtler ënner 35 Joer. Eng Generatioun, déi "mam Internet opgewuess ass", esou d'Kuratorin. D'Schnellliewegkeet ass deemno ee Pilier vun der Expo an de Rotonden an am Cercle Cité.

auto_stories

4 min

D'Konschtausstellung Jet Lag / Out of Sync beschäftegt sech mat den Uspréch, déi eng multikulturell an individualistesch Gesellschaft un de Mënsch stellt. D'Ausstellung illustréiert de Mënsch an enger immens schnelllieweger Welt. Doriwwer eraus hieft d'Konschtausstellung ervir, wou déi mënschlech Limitten an enger hyper-connectéierter Welt leien.

Aus 121 Projete goufen am Ganze 25 Projete vu Lëtzebuerger Kënschtler a Kënschtler aus der Groussregioun ausgewielt, esou de Marc Scozzai, Responsabel vun den Arts visuels vun de Rotonden. Et wier eng Aufgab vun der Triennale, fir jonk Kënschtler visibel ze maachen a Kreatiounen iwwerhaapt z'erméiglechen.

Jet Lag

D'Anouk Wies ass Kuratorin vun der Triennale vun dësem Joer. D'Triennale riicht sech u jonk Kënschtler ënner 35 Joer. Eng Generatioun, déi "mam Internet opgewuess ass", seet d'Anouk Wies.

"Et gesäit een d'Welt duerch Ecranen. Mir hunn ëmmer eisen Telefon, eise Computer dobäi. Deen éischte Sënn vun "Jet Lag" ass deen, dee jidderee kennt. Wann ee mam Fliger op en anere Kontinent flitt an dephaséiert ass."

D'Expo "Jet Lag / Out of sync" (Foto: Bohumil Kostohryz)

Virtuell Realitéit

Déi franséisch Architektin Laura Mannelli schafft zënter enger Rei Jore mat der virtueller Realitéit. An hiren Ae géif d'Thema "Jet Lag" sech gutt eegenen, fir e Projet ze realiséieren, bei deem d'Leit mat engem spezielle Brëll a Kopfhörer an déi virtuell Realitéit kéinten andauchen. Dat wier eng ausserkierperlech Erfahrung, mengt d'Kënschtlerin. "Well d'Leit mat hirem Kierper am Raum sinn, mä duerch de Brëll gëtt een an en anere Raum projezéiert. Et kann een dee Raum net lokaliséieren, en existéiert op kenger Kaart."

De Projet vun der Laura Mannelli nennt sech "Near Dante Experience". Also een Erliefnis oder eng Visioun, déi ee kéint hu kuerz virun deem ee stierft, esou d'Laura Mannelli.

"Et geet ëm d'Sich nom Liicht. Alles ass a Schwaarz a Wäiss bannen an et geet een enger ganz staarker Luucht no. "Dante" ass een allegoresche Parcours vu sech selwer, wou een d'Luucht sicht. Wou ee probéiert sech erëmzefannen."

Camouflage géint Iwwerwaachung

De franséische Kënschtler Cyril Faucher huet ënner dem Titel "World War Witness" siwe Foularde mat engem spezielle Camouflagemuster am schwaarz wäiss realiséiert. D'Camouflagemustere sinn dobäi de Musteren no empfonnt, déi een op verschiddene Militäruniformen erëmfënnt. Zousätzlech sinn op de Foularden Aen ubruecht, fir eng zousätzlech visuell Konfusioun ze schafen.

Dem Cyril Faucher säi Projet "World War Witness" (Foto: Sven Becker)

Bei sengem Projet géing et drëms goen, d'Visiteuren drop opmierksam ze maachen, wéi si sech an der Ëffentlechkeet presentéieren. D'Foularde wieren dem Cyril Faucher no awer och als politesch Revendicatioun ze verstoen. Dat an enger Zäit, wou perséinlech Donnéeë gespäichert a verschafft ginn, esou de Cyril Faucher. De Camouflage vun de Foularde soll verhënneren, datt Iwwerwaachungskameraen een entdecken, esou de Kënschtler.

Wann haut een Evenement iergendwou op der Welt géing geschéien, da kéint dës Informatioun sech bannent Minutten iwwer den Internet global ausbreeden. Fir Informatioune géing et deemno kee "Jet lag" méi ginn, esou de Cyril Faucher.

"An d'Foularden sinn e bëssen och eng Äntwert dorop. Fir 'Jet Lag' an der Informatiounswelt ze schafen, brauch ee Biller, déi net direkt kënne verstane ginn. Et brauch een Distanz, fir d'Biller ze verstoen. An et ass do, wou den Jet lag entsteet."

Interaktiv Projeten

Am Kader vun der Triennale ginn et och Kreatiounen, un deenen d'Leit selwer kennen deelhuelen. Wéi zum Beispill beim Projet "Never Ending Pattern" vum Lucie Majerus. Déi selwecht Zäit wéi d'Congés annulés, vum 28. Juli bis de 25. August, offréieren d'Rotonden och Carte Blanchen. Hei kënnen d'Kënschtler Projete realiséieren, déi näischt mam Thema Jet Lag ze doen hunn, esou d'Anouk Wies.

D'Participante beim Vernissage (Foto: Sven Becker)