Radioen

On air

Tockcity  |  Lionlimb - Hurricane

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Jiddwereen op senger Plaz

Luxfilmfest

Jiddwereen op senger Plaz

De japanesche Film "Aristocrats" problematiséiert d'Roll vun der Fra a gehuewene Kreesser. Duergestallt gëtt eng friddlech Gesellschaft, där hir rigid Klassestruktur awer net ze veränneren ass.

auto_stories

3 min

Fir d'Hanako (Mugi Kadowaki), eng jonk Fra vun Enn 20 aus besserem Haus, gëtt et esou lues Zäit fir dee richtege Mann ze fannen. D'Famill kéint sech do gutt en Dokter virstellen, deen dann och d'Privatklinik kéint iwwerhuelen.

Wéi si de Koichiro kenneléiert, steeräichen Ierwe vun enger Industriellendynastie, iwwertrëfft d'Hanako d'Erwaardungen. No der Verlobung stéisst déi jonk Fra duerch Zoufall op deem seng Maîtresse (Kiko Mizuhara), e Meedchen aus enger bescheidener Famill.

Eng besser Hausfra

Fra sicht a fënnt de Märcheprënz: wài eng romantesch Komedie vun zwee Su fänkt et un. Mee ''Aristocrats'' vun der Japanerin Yukiko Sode entwéckelt sech lues a lues zu enger subtiller Analys vun der Roll vun der Fra a gehuewene Kreesser.

Eng besser Hausfra sinn a fir (am beschte männlechen) Nowuess suergen, dat Schicksal deele vill Frae vun der Upperclass. Ëmgedréint dierf, wien aus enger méi modester Famill kënnt, héchstens fir de Spaass vun den Alphadéiere suergen.

Datt et och anescht kéint sinn, gëtt ee sech meeschtens am Verglach mat Leidensgenossinnen aus anere Milieue bewosst.

Sozial Ënnerscheeder

Déi sozial Stratifikatioun am Film an déi domat verbonne Verhalensforme gi vun den dräi Haaptpersonnagë verkierpert: um ieweschten Niveau d'Groussbourgeoisie (oder Adel), mat hire strenge Reegelen an der Suerg, d'Verméigen ze reproduzéieren a sech gesellschaftlech Muecht via d'Politik ze sécheren (Koichiro) ; d'''bourgeoisie aisée'', déi erop wëllt an op kee Fall erof (Hanako); an de Klengbiergertum aus der Provënz, dee weder räich nach aarm ass an hëlt wat e kritt (Miki).

D'Hanako pendelt also tëschent deenen zwee Polen, personifizéiert vum Koichiro (uewen) an der Miki (ënnen). Déi jonk Fra muss duebelt leiden: wéinst de strikte Fuerderunge vun der Famill vum Verloobten a wéinst der Existenz vun enger Rivalin.

Zwou Visioune vun der Klassegesellschaft

An awer bréngt si et fäerdeg, tëschent de Contraintë vun der gesellschaftlecher Positioun an den Individuen ze trennen. Zum Koichiro (dee selwer an engem gëllene Prisong gefaangen ass) ënnerhält si am Fong eng respektvoll Relatioun. An d'Miki lieft hir e Liewen a Fräiheet vir.

''Aristocrats'' liwwert eng Visioun vun der Gesellschaft, déi esouwuel pessimistesch ass (knallhaarden Determinismus) wéi och eng Fënster opmécht (um individuellen Niveau kann ee mateneen eens ginn). De Film ass deementspriechend roueg, ouni wierklech dramatesch Momenter a mat enger doucer Geiemusek ënnermoolt

Sou gesinn ass der Yukiko Sode hire Film de komplette Géigendeel vum Koreaner Bong Joon-ho sengem präisgekréinte ''Parasite'', deen eng direkt an drastesch Konfrontatioun tëschent Bourgeoisie a Proletariat duergestallt hat. Engersäits huet een also friddlech sozial Relatioune fir de Präis vun enger Gesellschaftsstruktur, déi bleift wéi se ass. Anerersäits de Klassekampf mat der Hoffnung op sozial Verännerungen.