Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Thievery Corporation - Lebanese Blonde

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ John Constable: Painter of the English Countryside

Ausstellung an der Villa Vauban

John Constable: Painter of the English Countryside

An der Villa Vauban kann een am Moment d'Idyll vum englesche Landliewe genéissen. Mat der Ausstellung "John Constable's English Landscapes" mécht ee vun de wichtegste Vertrieder vun der englescher Landschaftsmolerei seng Première an der Groussregioun, an dat op Initiative vun der brittescher Tate Gallery.

auto_stories

2 min

Fen Lane, East Bergholt vum John Constable. Foto: Tate / Tate Images

Gréng Wisen, e groen Himmel. Do e Won, hei eng Wandmillen. Kee Kënschtler pinselt déi englesch Flouer méi wéi den John Constable.

Obsessioun mat englescher Ostküst

Gebuer 1776 am Suffolk, huet den John Constable fréi eng reegelrecht Obsessioun mam Paysage vu senger Heemecht un der englescher Ostküst entwéckelt. Säi Liewe laang waren déi brittesch Inselen seng eenzeg Inspiratiounsquell.

Am Géigesaz zu anere Romantiker déi op der Sich nom romanteschen Ideal vum Pittoresken d'Welt bereest hunn, huet de Constable d'Schéinheet an der Einfachheet vu senger Patrie gesicht, esou d'Angelika Glesius, Conservateur adjoint vun der Villa Vauban:

"Seine Kindheitslandschaft - und seine Herzenslandschaft, wie es auch gerne genannt wird - in der er aufgewachsen ist, wo er sich komplett auf die Malerei konzentrieren konnte, zu der hatte er ein sehr, sehr enges Verhältniss. Er sah im Grunde auch nur dadurch die Möglichkeit die Landschaft möglichst wahrhaftig und möglichst naturgetreu darstellen zu können in dem er sie halt auch möglichst gut kennt und möglichst gut alle Details festhalten kann. Wo ihn nichts ablenkt."

Ewech vun idealiséierter Natur

Obwuel hie sech am Verlaf vu senger Karriär méi der Idealiséierung higinn huet, weise virun allem dem Constable seng fréi Wierker ee Kënschtler deen akribesch d'Natur studéiert, fir dovunner eng Aart Copy ze produzéieren.

Dës Sich no Verbonnenheet an der "Wahrhaftigkeit" vun der Natur, déi de Constable verspiert huet, ass essentiell fir seng Konscht, erkläert d'Angelika Glesius. D'Landschaftsmoleri wier natierlech keng nei Erfindung gewiescht, mee hätt awer eng ënnergeuerdent Roll an der akademescher Mol-Traditioun gespillt.

Dofir hätt et den John Constable gestéiert, datt d'Landschaft als eegestännegt Bildmotiv am Fong net existéiert huet a wann, da just an enger ganz idealiséierter Form:

"Und das ging ihm, grade am Anfang seiner Karriere total zuwider. Er versuchte eben das Wahrhafte in der Natur ohne irgendwas beschönigen oder idealisieren zu wollen herauszuarbeiten."

Zesummenarbecht mat der Tate Gallery

D'Initiaiv fir d'Partnerschaft tëscht der Villa Vauban an der Tate Gallery ass vun der brittescher Säit ausgaangen erkläert d'Angelika Glesius, och wann den John Constable ni zu Lëtzebuerg war:

"Und die Tate ist im Grunde auf uns zugekommen und wir haben im Grunde das Angebot bekommen, diese Ausstellung machen zu dürfen, was natürlich eine riesen Ehre ist."

Vu fréie Skizzen, bis iwwer groussformateg Landschaftsmolereien fir d'Royal Academy retracéiert d'Ausstellung "John Constable's English Landscapes" dem "painter of the English countryside" säi ganzen Oeuvre, a virun allem seng ganzheetlech Faszinatioun mam Englesche Landliewen.