Radioen

On air

De Moien  |  The Libertines - Night Of The Hunter

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Joseph Kayser - De Mann, deen ëmmer laacht

Kultur

Joseph Kayser - De Mann, deen ëmmer laacht

"De Mann, deen ëmmer laacht" heescht de neie Roman vum Jos Kayser. D'Valerija Berdi hat zwar net vill ze laache mat dësem Mann, huet d'Buch awer ganz gär gelies.

auto_stories

2 min

Joseph Kayser - De Mann, deen ëmmer laacht. (Editions Schortgen)

E Mann, bei deem engem d'Laache vergeet, ass de Protagonist am Jos Kayser sengem neie Roman. De Clement Servais. E fläissege Staatsbeamten, wéi an engem ganz schlechte Billerbuch. E Mann, deen alles huet. Eng gutt Plaz, genuch Frick, en anstännegen Dach iwwer dem Kapp, en décken Auto ... e Mann, deen näischt huet, keng Frënn, keng Léift, keng Famill.

Aus dëse scho klischeegefëllten Extreme bastelt de Jos Kayser eng Geschicht, déi ënner d'Haut geet. Am Clement senger Welt kann een alles kafen, wat ee brauch: e gutt Iessen, eng Vakanz an direkt och eng Fra fir mat op d'Croisière. Sech zoumaachen, keen u sech eruloossen, keng Léift, keng Empathie, keng Sehnsucht a keng Trauer zouloossen, esou kënnt de Clement gutt duerch d'Liewen, den eegene Frust dann esou ausliewen, datt een anerer ganz subtil, oder besser gesot, ganz feig, schikanéiert - awer natierlech ëmmer am Kader vum Gesetz - ass dem Clement seng Devis.

Anere wéidoe fir déi eege Sensibilitéit ze verdrängen, geléngt dem Clement awer just esou laang, bis seng eege Welt ufänkt ze bréckelen, an do ass u sech een Dominosteenche genuch, fir datt alles d'Bach ageet. Primzuelen a Lotto, eng Croisière aus der Reesagence an eng Fra aus dem Katalog, eng penibel Familljegeschicht, eng iwwerraschend Carrière: Alles verléiert op ee Coup u Bedeitung an awer sinn et genee déi Elementer, déi zum Ënnergang gefouert hunn.

Plastesch Charakterbeschreiwung mécht virwëtzeg

De Clement Servais ass e richtege Kotzbrocken an et ass och effektiv esou, datt, wéi de Jos Kayser a sengem Prolog schreift, jiddwereen dëse Prototyp Mënsch a sengem Liewe scho begéint ass. Mee den Auteur gëtt sech eben net just dëse Prototyp a senger ganzer Onappetitlechkeet ze weisen, him geléngt et lues a lues e Mënsch mat ville Schattéierungen ze zeechnen. De Clement bleift ëmmer gro, hie gëtt net sympathesch, mee hie kritt eng Fragilitéit, déi en Deel vu senger Keelt erëm opfänkt an do läit och dem Jos Kayser seng Stäerkt: Hie ka wonnerbar Charaktere beschreiwen, Mënsche ganz plastesch duerstellen, sou datt ee beim Liesen direkt vun der éischter Säit u virwëtzeg op d'Entwécklung vum Personnage gëtt, och dann, wann ee sech absolut net mat der Persoun identifizéiere kann.

Charaktere méi ausbauen

Wat ech bedauert hunn, ass, datt den Auteur sech relativ kuerz gehalen huet. Net just de Clement, mee och verschidde Persoune ronderëm dëse rigide Beamte wieren derwäert gewiescht, méi ausgebaut ze ginn. Wann een esou gräifbar Charaktere kreéiere kann, da soll ee sech net op 115 Säite limitéieren.