Radioen

On air

Tockcity  |  bdrmm - Be Careful

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Ech a mäi Selfie"

Buchkritik

"Ech a mäi Selfie"

Hutt Dir Iech net scho gefrot op Individualitéit iwwerbewäert gëtt? A maacht Dir Iech Gedanken iwwer d'Gesellschaft vun haut? Dann ass dat neit Buch vum Josiane Kartheiser eng agreabel Lecture.

auto_stories

4 min

"Ech a mäi Selfie" – Do fällt engem direkt "Me and my monkey" an, de Beatles-Titel deen eigentlech "Everybody’s got something to hide except me and my monkey" heescht, a vun deem déi eng schwieren et géif sëch beim Ausdrock "Me and my monkey" ëm eng Allusioun op Heroinkonsum handelen, déi aner sech awer op dem John Lennon seng Ausso bezéien där no "Me and my monkey" hien an d’Yoko Ono wieren, déi an hirer éischter Verléiftheet eben absolut fräi a kloer an hirer Siicht op d’Welt wieren.

Sou oder sou, et war relativ sécher net der Josiane Kartheiser hir Absicht, op "Me and my monkey hinzeweisen. Trotzdem kann een eng Parallel zu verschiddenen Iddien an dësem Buch, voll mat klengen Dialogen, Geschichten, gesellschaftskriteschen Texter a kuerzen Erzielungen zéien: déi meescht vun eis ginn dovun aus, datt hier perséinlech Siicht op d’Welt déi kloerst, richtegst an och eng fräi ass.

Kommunikatioun vu Mammebauch zu Mammebauch

A vill vun eis sinn – trei dem Zäitgeescht – Junkië vun der Technologieswelt, déi eigentlech scho guer net méi nei, mee ëmmer méi verbreet ass. Si verhënnert, datt Mënschen am Resto – oder soss anzwousch – matenee schwätzen, a féiert souguer éischter dozou, datt der zwee vis-à-vis sëtzen a via Facebook, déi aner, déi net donieft sëtzen, wësse loossen, datt si do sëtzen an erwaarden, datt dat vun deenen déi soss anzwousch sëtzen an de Smartphone ze glotze méiglechst fläisseg kommentéiert gëtt.

Dëst Onverméigen eent zu eent mateneen ze schwätze liwwert dem Josiane Kartheiser Stoff fir sou munch Geschicht. Bëssen anescht verhält et sech bei der fantastescher Iddi vun den zwee Embryoen déi sech via Smartphone vu Mammebauch zu Mammebauch mateneen ënnerhalen, an zwar iwwer "déi wichtegst Grondreegel vum Zesummeliewen: I, me and myself" a wéi wichteg et ass, déi egozentréiert Positioun schonn am prenatalen Alter gedanklech ze kultivéieren, fir se dann no der Gebuert a wa méiglech e Liewe laang zerguttstert ze fleegen.

Eng kloer Sprooch, typesch Josiane Kartheiser

Iwwer en iwwerfëllte Manifestatiounskalenner, an deem een zwar keng Manifestatiounen, mee bal exklusiv Events fënnt, déi mat de superlativste Superlative beschriwwe ginn a jidderengem, deen opgrond vu sengem gewéinleche Liewen, net op all Dëppefest a Manifestatioun ka rennen d’Gefill gëtt wéi wann dat richtegt Liewen nëmmen an ausschliisslech bei deenen Events geschitt, an een ergo permanent nieft dem liewe laanschtschliddert.

Ee battere Constat mecht d'Josiane Kartheiser: "Dat do ass dat richtegt Liewen, dat wat engem Kraaft gëtt, fir sech duerno erëm eng Woch laang ausbeuten ze loossen". Mat der vum Josiane Kartheiser bekannter dréchener Kloerheet an der Sprooch, dem kloren Observatiounsdon an der liichter Ironie bis bei déi bäissend sarkastesch Nout – hei kann een sech wonnerbar iwwer déi modern Gesellschaft an hier Absurditéite moquéieren, an sech selwer och ëmmer mol nees doran erkennen.

"I love deadlines"

Iwwer den Nationbranding, iwwer d’Onsënnegkeet vun eisem Konsumverhale – well mer dacks brauchen a wëllen net méi kënne vuneneen ënnerscheeden – an de relativ wahrscheinlech guer nët sou seelene Wonsch vun engem neien Ufank, vum Rausklammen aus dem confortabele Liewen, oder dem Wonsch no "endlech méi Zäit", déi eis vläicht den néidege Recul géif gi fir ze gesinn, datt et eis richteg gutt geet – doriwwer denkt d’Josiane Kartheiser am éischten Deel mat Lëtzebuerger Texter vun dësem Buch no.

Am zweeten Deel sinn et dann däitsch Texter, et gëtt e Luef op d’Lidderegkeet an dat herrlecht Zitat vum Douglas Adams: "I love deadlines. I like the wooshing sound they make as they fly by."

De Sënn vum Wuert

Aneren nët manner interessante Sujet: d’Wuert u sech. A wéi eigentlech permanent nei Wierder musse geschaafe ginn, well e Wuert op e Phänomen gesat dat Diffust, dat Ongräifbart vun enger neier Entwécklung entschäerft an net seelen en héije Marketingwäert kann hunn. Wat – sou d'Josiane Kartheiser – awer net noutgedrongen heescht, datt dat Wuert dofir och e Sënn huet, respektiv een sech kann iwwerleeën ob oder ob net een dat Wuert och selwer gebraucht oder net.

Nieft thematesch ganz diversen Texter sinn am zweeten Deel vun "Ech a mäi Selfie" och nach dräi kuerz Erzielungen déi am bekannt onprätentiéisen, kloren an direkte Josiane-Kartheiserstil verfaasst vun der iwwerraschender Trouvaille vun enger Bäckeschduechter, der spéider awer ganz onerwaarter zweeter Carrière vun enger eelerer Sino-Amerikanerin a vun enger italienescher Iwwermamm an där hirem mysteriéise Verschwannen erzielen.