Radioen

On air

Tockcity  |  Owespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Juste la fin du monde: Emotional-hysteresche Familljendrama

Groussen Ecran

Juste la fin du monde: Emotional-hysteresche Familljendrama

D’Adaptatioun vum Jean Luc Lagarce sengem Theaterstéck mam selwechten Numm erzielt d'Geschicht vum doudkranke Louis, brilliant gespillt vum Gaspard Ulliel. Hien decidéiert no 12 Joer zeréck heem bei seng Famill ze goen. Fir déi ass hien allerdéngs scho symbolesch Doud. Den Challenge fir de Louis ass et elo senger Famill ze soen dass hien och an der Realitéit wäert stierwen.

auto_stories

3 min

Ee Familljendrama. Foto: Shayne Laverdière / Sons of Manual

De Louis gëtt doheem vu senger hysterescher Mamm Martine, gespillt vun der Nathalie Baye a vu senger verluerener Schwëster Suzanne, gespillt vum Léa Seydoux, erwaart. Grad ewéi vum Vincent Cassel, deen de lästege Brudder Antoine incarnéiert. A vun deem senger onsécherer Fra der Catherine, gespillt vun der Marion Cotillard.

D’Haaptfro déi sech am kanadesche Realisateur sengem Film stellt ass: Op d’Famill iwwerhaapt bereet ass fir dem Louis nolauschteren? Well doheem hu si éischter d'Tendenz fir een deen aneren unzeblären an ze jugéieren. Ee vun den Haaptgrënn wisou de Louis fort gaangen ass: De 34 Joer jonke Mann ass homosexuell. Seng Famill kënnt net esou eriwwer, wéi wa si e Verstees-de-mech dofir hätt. Et keeft een dem Louis of, datt et him net liicht gefall ass no 12 Joer zeréck heem ze goen. Virun allem wann hie sengem Kolleg um Telefon seet : "Ech hunn Angscht viru menger Famill."

Grouss Emotiounen a wéineg Aktiounen

Obwuel een déi éischt Sekonn mengt dass de Retour e Succès wäert ginn, mierkt ee séier datt een net vun enger "Happy Family" schwätze kann. Déi insupportabel Tensioun duerch de ganze Film kreéiert de Xavier Dolan eleng duerch déi excellent Kameraféirung an d'Direktioun vun de Schauspiller. Quasi de ganze Film besteet aus "Close ups" op d’Gesiichter vun den eenzele Personnagen. Eleng hir Expressioune leeden de Spectateur duerch d’Geschicht.

"Juste la fin du monde" besteet aus groussen Emotiounen a wéineg Aktiounen. De Spectateur steet ënner Stroum, vun Ufank bis zum Schluss. Hien waart nëmmen drop, datt de Louis endlech säi Geheimnis opdeckt an op d’Reaktioun vun der Famill.

Eng emotional Erausfuerderung fir de Spectateur

De Realisateur vu Montréal kreéiert d'Tensioun duerch een hektesche Montage bei deem et engem dronke ka ginn. D'Cuts wiessele séier tëschent de "Close ups" vu Persounen am Sträit hin an hier. Dobäi kënnt eng Musek, déi d’Nervositéit op den Héichpunkt bréngt. Wat méi gebläert gëtt, wat Musek méi haart gëtt. Esou wéi wann d’Lidder d’Gejaitzt wéilten iwwertéinen. Deen aneren Ament héiert een näischt méi, ausser d’Reendrëpsen oder de Kuckuck aus der Guckucksauer.

De Xavier Dolan befreit sech vun engem klasseschen Theaterstéck, konservéiert trotzdem de Geescht dovunner, an dat elleng duerch d’Sprooch. An engem Genre, dee wuel zu deene schwieregsten am Zinema gehéiert - dem Familljendrama - bréngt de Xavier Dolan et fäerdeg, seng Zuschauer zum Verzweiwelen ze bréngen. An op der anerer Säit eng emotional ënnerlech Spannung ze schafen. Et ass ee Film, deen een net verpasse sollt.