Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Cabaret: Ënner sech

Kritik

Cabaret: Ënner sech

"Si mer nach ze retten?" heescht en neit Kabaretsstéck vum Roll Gelhausen a Pierre Puth, a Mataarbecht mam verstuerwene Jay Schiltz entwéckelt. Näischt manner wéi de politesche Cabaret zu Lëtzebuerg héichhalen hu sech d'Auteure vum Stéck virgeholl.

auto_stories

3 min

De Rideau geet erop, a mir gesinn an e Wiertshaus. Eng Bar, e puer Hocker an doropper nëmme Stacklëtzebuerger. Mir sinn am Escher Theater an de Mann un der Bar philosophéiert iwwer d'Ausstierwe vu senger Spezies, well Stacklëtzebuerger, där gëtt et jo bekanntlech ëmmer manner.

Vläicht hu se jo och dofir d'Grenzen zougemaach, freet hie rhetoresch. Eng staark Hand bräicht et nees, e Leader, dee fir eis denkt, mengt hie weider. Dann awer erkläert hien informéiert iwwer den Immobiliëmarché op. Datt 65 Prozent dovunner a privater Hand wieren, a een deemno net soe kéint, datt d'Auslänner eis den Immobiliëmarché vreckt méichen, wéi munch ee behaapte géif.

"Auslännerfeindlech"? Nee dat wier een net, mengt de Barmann. Wa mer eng Stonn mam Auto fuere géifen, wiere mer souwisou all Auslänner. Iwwerhaapt, ëmmer déi politesch Korrektheet! D'Frontalieren, déi eis Autobunne verstoppen, méichen dach insgesamt méi Problemer, wéi déi Flüchtlingen, vun deenen ëmmer rieds géing. Déi kéime wéinstens zu Fouss oder schéi gestapelt a Camionnetten, mengt de Mann un der Bar. Ëmsou méi droleg fënnt hien et, datt eis Regierung si mam Fliger expulséiert. "Do misst hien ausnamsweis de Klimawandel virun de Rassismus stellen".

En ambivalent Bild

"Si mer nach ze retten" dat neit Cabaretsstéck vum Roll Gelhausen, Pierre Puth, ënner Mathëllef vum verstuerwenen Jay Schitz entwéckelt, weist de Stacklëtzebuerger als e Wiesen, deem säi latente Rassismus sech ni ganz artikuléiert. Sief et well en impotent un engem untrainéierte Pragmatismus scheitert, dee mam Lëtzebuerger Wirtschaftsmodell zesummenhänkt, an deem Auslänner nu mol eng grouss Roll spillen. Dat wier da mam Risiko verbonnen, datt säi Rassismus inoffensiv oder sympathesch eriwwerkomme kann. Sief et, well d'Auteure vu "Si mer nach ze retten" hir Personnagen selwer am Zam halen. An ëmmer dann, wann et tendenziéis gëtt, op Mainstream-Iddien ëmschwenken.

Egal wéi entsteet en ambivalent Bild. Datt dobäi ëmmer erëm vun enger politescher Korrektheet rieds geet, déi eis d'Liewe schwéier mécht, drängt d'Fro op, wat hei eigentlech agefuerdert gëtt. D'Recht de sougenannte Mann vun der Strooss op der Bün schwätzen ze loossen, well dee kee Blat virun de Mond hëlt, d'Wourecht seet an dobäi och mol iwwer d'Sträng schléit? Dat ass jo legitim an och Usus am Kabaret. Oder awer kënne Witzer ënner sech, dat heescht ënner Stacklëtzebuerger, ze maachen, am engem Land, dat engem net méi eleng gehéiert?

Ee Versuch, sech selwer ze retten

E bëssen huet een d'Gefill, datt mat "Si mer nach ze retten?" virun allem de Versuch gestart gouf vun engem gewësse Lëtzebuerger Cabaret, sech selwer a seng Stammclientèle ze retten. Wéi een et dréit a kéiert, et bleift den Androck vun engem Bléck vu Lëtzebuerger op sech selwer. Dobäi hätt et dem Lëtzebuerger Cabaret guttgedoen, wann en e puer vun deenen neien oder guer net mol esou neie Lëtzebuerger mat op d'Bün gefrot hätt. Do hëlleft och net eng entsetzlech laang satiresch Verkierperung vun der Grand-Duchesse. Vergiesse mer net, datt zu Esch a ville Restauranten déi groussherzoglech Koppel hänkt, an ee mat engem franséischen Accent am Lëtzebuergesche keen un d'Laache kritt.

"Si mer nach ze retten" wëllt de politesche Cabaret zu Lëtzebuerg erëm beliewen a bleift dach am "entre nous". An am "entre nous" ka just eng Promiscuitéit entstoen, déi een dohinner bréngt um Enn och iwwer Saachen ze laachen, iwwer déi een eigentlech net laache wëllt.