Radioen

On air

Resonanzen  |  Catch Music Festival

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kaffee und Zigaretten vum Ferdinand von Schirach

Buch-Tipp fir de Summer

Kaffee und Zigaretten vum Ferdinand von Schirach

De Ferdinand von Schirach huet a senge viregte Bicher wéineg Emotioune gewisen. A "Kaffee und Zigaretten" bleift den däitschen Auteur ganz äerdeg, erzielt vu perséinleche Glécksmomenter, vu senger Melancholie a Solitude. "Kaffee und Zigaretten" - ee Buch-Tipp fir de Summer vum Claude Faber.

auto_stories

4 min

Net nëmmen, well ech selwer fëmmen an eng Kaffis-Tuut sinn, ass mir den Titel vum Ferdinand von Schirach sengem neie Buch an d'A gesprongen. 2003 hat den Jim Jarmusch och e Film gedréit - "Coffee and Cigarettes" - an deem d'Protagonisten an eenzelen Episoden iwwer déi verschiddenst Themen diskutéieren. "Kaffee und Zigaretten" ass dann och an 48 appetitlech, kleng Kapitelen opgedeelt, autobiographesch Erzielungen, Aperçuen, Notizen a Beobachtungen, déi deels fir sech eleng stinn, Deels aneneegräifen, oder sech och nach wiesselsäiteg spigelen - 48 Episoden, déi sech a mengen Ae fir eng liicht Summer-Lektür predestinéieren.

De Ferdinand von Schirach - fir déi Leit, déi hie vläicht nach net kennen - ass den Enkel vum Baldur von Schirach, deen am Nazi-Regime Reichsjugendführer war. Ee vu senge Urgrousspäpp war och den Hitler-Fotograf Heinrich Hoffmann, an - dat mécht et dann och immens interessant - ee weidere Virfahren, vu Säiten vu senger Urgroussmamm Emma Middleton von Schirach, nämlech den Arthur Middelton, huet d'Onofhängegkeetserklärung vun den USA mat ënnerschriwwen. Eleng dëse familiäre Background vum Ferdinand von Schirach ass schonn extrem sprëtzeg, a seng Aussoen a Schrëftstécker iwwer den Nazi-Regime ginn net nëmmen an Däitschland héich geschat. Dobäi kënnt dann nach, datt de Ferdinand von Schirach vu Beruff Affekot am Strofrecht ass. En Ëmfeld also, aus deem hien ëmmer nees neit Material fir seng Erzielungen a Bicher kann erauszéien.

Eng zeréckhalend, humorvoll an deelweis ironesch Sprooch

Säi Schreifstil gëtt allgemeng vun de Kritiker als wonnerbar zeréckhalend a spillend elegant beschriwwen. Hie benotzt dobäi eng Sprooch, déi trotz sengen déifgräifenden Themen duerchaus mol ironesch a mat engem dezenten Humor dohierkënnt. A "Kaffee und Zigaretten" geet et ëm Erliefnesser a Renconteren, déi de Ferdinand von Schirach gemaach huet, an déi hien och perséinlech getraff hunn. A senge viregte Bicher huet hien zimlech wéineg Emotioune gewisen. Mir ass an éischter Linn méi seng Mënschlechkeet a seng Mënsche-Frëndlechkeet opgefall. An och a "Kaffe und Zigaretten" bleift de Ferdinand von Schirach ganz äerdeg, erzielt awer vu ganz perséinleche Glécksmomenter, vu Melancholie a Solitude, vun Heemescht ... an och säin Empfannen vis-à-vis vun der Konscht an der Entwécklung vun eiser Gesellschaft sinn Thema. Villes kommentéiert hie mat Gedichter, Zitater an Anekdoten, wat deem Ganzen dann eng gewësse Villsäitegkeet gëtt.

"Vor 54 Jahren, am Tag meiner Geburt, verhängte die Liga der Arabischen Staaten einen Import-Boykott über einen englischen Hersteller von Regenmänteln, die Firma Burberry. Zur Begründung hieß es, die Firma mache Geschäfte mit Israel. Die Liga boykottierte damals mehrere Firmen, in denen Lord Mancroft im Vorstand saß. Er war jüdischen Glaubens. In London blieb man gelassen. Ein Sprecher der Firma teilte mit, in arabischen Ländern regne es ohnehin selten und bisher seien "lächerlich wenige" Regenmäntel dorthin exportiert worden."

Haaptsächlech Gedanken iwwer de Rechtsstaat an d'Mënschewürd

De Ferdiand von Schirach versicht a sengen Ausféierungen ni ze uerteelen, mee proposéiert dem Lieser Siichtweisen, déi - éierlech gesot - och mol schockéiere kënnen oder mol déif traureg sinn. An natierlech kommen och nees droleg Geriichtsaffären op den Dësch, woubäi sech seng Gedanken dann haaptsächlech ëm de Rechtsstaat an d'Mënschewürd dréien.

"Die Würde des Menschen ist die strahlende Idee der Aufklärung, sie kann den Hass und die Dummheit lösen, sie ist lebensfreundlich, weil sie von unserer Endlichkeit weiß, und erst durch sie werden wir in einem tiefen und wahren Sinn zu Menschen."

Melancholie an en Hauch Hoffnung

"Kaffee und Zigaretten" ass sécherlech dat perséinlechst Buch vum däitschen Auteur, an deem hie sech - besonnesch viru sengem familiären Hannergrond - als "Heimatlosen" bezeechent, als nodenkleche Melancholiker an Affekot, dee stänneg vun der Fro gedriwwe gëtt, wéi dat Béist am Mënsch ëmmer nees optauche kann, a virun allem, wéi eng Ausdrocksformen dëst unhuele kann. Mee et stécht awer och vill Hoffnung tëschent den Zeilen, a seng direkt a präzis Sprooch huet mir ëmmer nees Loscht gemaach weiderzeliesen. Allerdéngs ginn et och Passagen, déi mir perséinlech net esou gutt gefalen, well déi ugeschwaten Usiichten oder Grondiddien ze pathetesch oder ze iwwerflächlech verpaakt sinn:

"Wenn wir heute Minderheiten nicht schützen - ganz gleich, ob es Juden, Migranten, Asylbewerber, Homosexuelle oder andere sind -, fallen wir wieder zurück ins Dumpfe und Dunkle."

Mir huet och deelweis eng gewësse Kohärenz gefeelt. Et kéint ee bal mengen, datt déi eenzel Episode scho bal willkürlech zesummen gewierfelt sinn, fir net ze soen, an dësem Buch hunn all déi Texter Plaz kritt, déi den Auteur bis ewell nach net an senge viregte Bicher verwäerte konnt. Mee vläicht grad wéinst dëser latenter Flüchtegkeet ass "Kaffee und Zigaretten" fir mech eng wonnerbar Summer-Lektür. E Buch, dat ee bei engem Patt, engem Kaffi, enger Zigarett op enger Terrass kuerz eraushëlt, fir sech vun där enger oder anerer Episod iwwerraschen ze loossen. Déi 49 Kapitelen op ronn 180 Säiten bidden op alle Fall genuch Substanz, fir de ganze Summer duerch vill eraus op eng Terrass sëtzen ze goen.