Radioen

On air

Resonanzen  |  Mariano Mores (arr. Werner Thomas-Mifune) - Cafetin de Buenos Aires - Mandelring Quartett

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kal a knapp, mat engem rasanten Tempo

"Die sanfte Gleichgültigkeit der Welt"

Kal a knapp, mat engem rasanten Tempo

"Das eigene Leben noch einmal erleben. Soll man sich das wünschen?" Déi Fro ka jiddweree just fir sech eleng beäntwerten. Dem Peter Stamm sengem Protagonist op dëser komplexer an irféierender Aventure, déi d'Logik vun der Zäit op d'Kopp geheit, ze follegen, soll sech awer keen entgoe loossen.

auto_stories

2 min

Meng Geschicht - deng Geschicht - dem Peter Stamm geléngt mat sengem schmuele Roman "Die sanfte Gleichgültigkeit der Welt" - e Roman voller Widderspréch, voller Froen a Reflexiounen. De Christoph an d'Magdalena - de Chris an d'Lena. Zwou Koppelen, zwou Zäiten - eng Geschicht, oder just bal.

(Bal) Dat selwecht Liewen

De Christoph ass e Schrëftsteller, deen awer just ee Roman geschriwwen huet. E Wierk, dat awer direkt grousse Succès hat, an him e gutt Liewen erméiglecht huet - e Coup, deen awer eemoleg war, den Erfolleg an de Roman si 15 Joer hier, grad esou wéi seng Relatioun mat der Magdalena, enger beléifter an erfollegräicher Theaterschauspillerin.

Dann de Chris an d'Lena. De Chris wäert e Roman schreiwen an d'Lena ass grad esou wonnerbar wéi d'Magdalena. De Christoph begéint dem Chris, der Lena, déi vill méi jonk ass, a bei engem laange Spadséiergang mat der jonker Fra kommen d'Froen op: Wat ass Erënnerung, wat sinn d'Erwaardungen? Wat ass d'Wourecht?

E komplexen a villschichtege Roman

De Chris ass de Christoph an d'Lena ass natierlech d'Magdalena. De Christoph erlieft am Peter Stamm sengem Roman säi Liewen nach emol, et ass hien, et ass seng Frëndin, mee trotzdem ass dës Renconter mat der Vergaangenheet net esou einfach, well ee mat der Erfarung vun haut genee déi selwecht Geschicht ganz anescht erlieft.

Et war d'"Agnes", ee vun den éischte Wierker vum Peter Stamm, dat mech fir dëse Schwäizer Schrëftsteller viru ronn 20 Joer begeeschtere konnt. Tëschemënschlech Bezéiungen, de Sënn vum Liewen, d'Sich no Léift an Erfëllung, d'Vergänglechkeet, d'Muecht a Manipulatioun sinn ëmmer erëm de roude Fuedem am Peter Stamm senger Prosa, esou och an dësem komplexen a villschichtege Roman.

Gedanken, déi sech iwwerschloen

"Die sanfte Gläichgülteges der Welt" - wou een nieft der déifsënneger Geschicht dem Schwäizer Auteur säin onverkennbare Stil genéisse kann. Kal a knapp an awer an engem rasanten Tempo, begleet een de Christoph an dëser iergendwéi fantastescher Geschicht.

Et sinn awer net seng Erliefnesser, déi sech iwwerstierzen, mee seng Iwwerleeungen, Perceptiounen a Gefiller. Seng Freed a Verzweiwlung: e weideren Antiheld huet de Peter Stamm hei kreéiert. Et ass bestëmmt net dem Peter Stamm säi beschte Roman, mee et soll een e liesen a vläicht kritt een dann d'Loscht op "Agnes", "Nacht ist der Tag", "Weit über das Land", "Sieben Jahre".