Kee Rock 'n' Roll an der Natur

De Food Dor Your Senses sicht schonn nees een neie Site. De beléiftene Festival fir alternativ Musek a Konscht soll vum 24. bis de 26. Juli iwwer d’Bühn goen.

Am November 2014 hat d’asbl, déi d’Manifestatioun zanter 2009 organiséiert, schonn een Opruff gemaach. De Site zu Bissen, op deem déi zwou lescht Editiounen ofgehal goufe, kann net méi exploitéiert ginn.

Nom Appel de leschten Hierscht huet d’asbl een Accord mat enger anerer Gemeng fonnt. An no eegenen Aussoen och fir d’éischte Kéier ee Partner, deen den Esprit vum Festival verstan hätt a bereet gewiescht wär, den Evenement richteg ze ënnerstëtzen. Kuerz iert de Kontrakt sollt ënnerschriwwe ginn, koum rezent e Refus vum Ëmweltministère. De Luka Heindrichs vun der asbl Food For Your Senses:

 

Um Site  gëtt all Joers eng Open Air Manifestatioun organiséiert. Dofir ass d’Gemeng dovun ausgaang, dass et ok wär fir och de Food For Your Senses hei ze organiséieren. Awer déi aner Manifestatioun géif just een a keng dräi Deeg daueren, housch et als Begrënnung vum Vertrieder vum Ministère.

Dofir sicht d’asbl elo een Terrain vu ronn 6 Hektar, mat Parking-Méiglechkeet a Proximitéit, mat Stroum a Waasser, an op d’mannst zwee Accèsen:

 

De Food For Your Senses huet d’lescht Joer all Dag zwëschent 4.000 a 4.500 Leit emfaangen. D’Museksprogrammatioun ass ganz ofwiesslungsräich zwëschent elektronescher Musek, Indie-Rock, Rap, Pop a Metal.  Bis elo sinn Artisten opgetrueden, wéi Kadavar, Kakkmaddafakka, Jacco Gardner, Milky Chance, Turbostaat oder XXYYXX. Niewent de Concerten ass och all Joer eng grouss Konscht-Ausstellung.

Hei kann een d'asbl kontaktéieren: info@ffys.lu
en Internetsite: ffys.lu

Net verpassen

  • Offre d'emploi: Redakter/Redactrice Web

    radio 100,7

    Den Média de service public 100,7, deen de radio 100,7 bedreift, sicht en/eng neie/nei Redakter/Redactrice fir d'Onlineredaktioun mat engem Aarbechtskontrakt op onbestëmmten Dauer (CDI) fir 40 Stonnen d'Woch.

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Am November gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Hëtzt & Dréchent

    2022 ass bis elo vun héijen Temperaturen an extreemer Dréchent markéiert. Wéi eng Impakter huet dat op Mënsch an Ëmwelt?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen