Radioen

On air

Notturno  |  Bartleby Delicate - Joe The Cat 20 (Schlofzëmmerbléck)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Keen Equivalent"

Italienesche Kino

"Keen Equivalent"

En Highlight vum italienesche Filmfestival zu Villerupt war d’Präsenz vum Michel Ciment, dem Chefredakter vun der Kinoszäitschrëft "Positif". Hien hat um Festival eng Carte Blanche iwwer den italienesche Realisateur Francesco Rosi. Den Tom Dockal huet sech mat him ënnerhalen.

auto_stories

5 min

De Filmkritiker a Journalist Michel Ciment

Den 2015 verstuerwene Francesco Rosi zielt zu de wichtegsten europäesche Realisateuren zënter de 1960er Joren. De Chefredakter vun der franséischer Filmzäitschrëft "Positif", de Michel Ciment, huet de Cineast perséinlech kannt. Hien hat um Festival vum italienesche Film zu Villerupt eng Carte Blanche iwwer den italienesche Realisateur.

"D'Liewe vum Rosi erënnert mech un ee Film vum Rosi", seet de Michel Ciment iwwer den 2015 verstuerwene Francesco Rosi. Si géifen nämlech haaptsächlech den Doud thematiséieren. "Et sinn Discoursen iwwert ee Kadaver. Et geet ee vum Kadaver aus, fir gewuer ze ginn, wien oder wat hannert deem Doud stécht." Et géif ëmmer gesot ginn, de Francesco Rosi hätt politesche Kino gemaach, mee seng Filmer wieren och metaphysesch gewiescht, mengt de Michel Ciment. "Et ass keng Poursuite tëscht Gutt a Béis. Hie stellt déifgrënneg Froen iwwert de Mënsch."

Keen Equivalent

De Francesco Rosi hätt mat senge Filmer de politesche Kino revolutionéiert, seet de Michel Ciment an zitéiert de Film "Salvatore Giuliano", deen 1962 an d'Kinoe koum - Dee géif duerch de fragmentéierten Erzielstil an de Fait, datt de Film no engem Personnage benannt wier, deen am Film net gewise géif ginn, iwwerraschen. De Film wier ewéi en Theorem, fënnt de Filmexpert, ma gläichzäiteg wier et eng Zort Gedicht iwwer Sizilien. "Ech hu bis dohin nach kee politesche Film mat esou enger Dimensioun gesinn."

Dem Francesco Rosi seng Filmer hätte vill Cineaste vum politesche Kino beaflosst. Mee keen hätt den Esprit vu senge Filmer wierklech verstanen, mengt de Michel Ciment. "Well ech fanne keen Equivalent"

Afrika an Italien

Ee roude Fuedem am Rosi sengem filmesche Wierk ass d'Géintiwwerstellung vu Nord a Süd. De Rosi wier ee "Mann vum Süden", erkläert de Kritiker. Hie wier zu Neapel gebuer ginn, hätt duerno awer zu Roum gewunnt. D'Italiener hätten eng Ausso, "Africa a casa, Afrika an Italien", fir de Gruef tëscht Süden an Norden, tëscht de méi a manner entwéckelte Gesellschaften ze beschreiwen. De Rosi géif dat a senge Filmer opgräifen, mee och ëmdréinen.

Ee Beispill dofir wier de Film "Cristo si è fermato a Eboli" op franséisch, "Le Christ s’est arrêté à Eboli". Dëse Long-métrage hätt zënter den amerikaneschen Presidentewahlen eng immens Aktualitéit, fënnt de Michel Ciment. Am Film léiert de Personnage vum Gian Maria Volonte - en Turiner, deen am italienesche Süden an engem klengen Duerf internéiert ass - d’Gewunnechten an d'Leit mat der Zäit kennen a versteet, firwat si d’Faschisten ënnerstëtzen.

Echec vun der Konscht?

An enger Zäit, an där liberal Presseinstanzen d’Stëmmung vun engem ganze Land falsch verstoe géifen, kréich dëse Film eng zäitlos Komponent, esou de Michel Ciment. Dem Rosi seng Filmer wieren ëmmer didaktesch. "Hien huet ëmmer gesot, wat wichteg wier, wier d'Bildung. Hie wollt de Leit erklären, wat an der Welt geschitt."

Ma um En vu sengem Liewen, wier de Francesco Rosi awer desillusionéiert gewiescht. "Wann een un de grousse politesche Kino an Italien denkt - an do gehéiert de Rosi dozou - an et gesäit een, datt e Berlusconi un d'Muecht kënnt ... dat ass e bëssen en Echec vun der Konscht, wann een dru gleeft, datt d'Konscht d'Mentalitéit vun de Mënsche beaflosse kann." Esou en Echec hätt een elo och bei den US-Presidentschaftswahlen. "Bicher, Filmer, Analyse versichen z'erklären, wéi d'USA fonctionnéieren. An da kënnt e Milliardär, dee sech domat bretzt, datt hien nach ni Steiere bezuelt huet ... Da freet ee sech, ob alles fir näischt ass." Ganz fir näischt wier et awer net, schliisslech wiere literaresch, filmesch a kënschtleresch Wierker derbäi entstanen. "An déi si schéin a sti fir sech. Mee si sinn net efficace."

Il caso Mattei

Ee vum Francesco Rosi senge Filmer géif sech duerch e ganz besonneschen Ëmstand auszeechnen, esou de Michel Ciment. An zwar "Il caso Mattei", op Franséisch "L'affaire Mattei" vun 1972, mam Gian Maria Volonté an der Haaptroll. "De Film existéiert net", seet de Kritiker. E wier net disponibel. Et wéist een nämlech net bei wiem d'Rechter géife leien.

Wéi de Film an den 1970er erauskoum, wier en iwwerdeems kontestéiert gewiescht, erzielt de Filmkritiker. An den USA wier de Film zum Beispill ni diffuséiert ginn: Nodeem "L'affaire Mattei" zu Cannes d'Palme d'Or kritt hat, hat de Filmproduzent Paramount - deen enger Pëtrolsgesellschaft gehéiert huet - d'Rechter kaf, fir datt en an den USA net erauskéint kommen. De Film wier als Gefor fir déi kapitalistesch Gesellschaft ugesi ginn. Op där anerer Säit awer wier de Francesco Rosi vu maoistesche Kritiker als "reformistesche Bourgeois" betitelt ginn: Lächerlech, fënnt de Michel Ciment.

Keen Equivalent

Géif een de politesche Film an Italien haut kucken, esou géif et keen Equivalent vu Cineasten, wéi dem Francesco Rosi ginn, mengt de Filmexpert. Haut wier et awer wahrscheinlech och schwéier, de néidege Finanzement ze fannen. Dat géif awer net heeschen, datt déi Zort Filmer hautdesdaags net méi géif fonctionnéieren, betount de Michel Ciment. Mee de politesche Kino géif haut anescht gemaach ginn.

Ee Beispill wieren d'Filmer vum Marco Bellocchio, déi komplex, psycho-analystesch a gläichzäiteg politesch a sozial wieren. "Hie mécht iwwerhaapt net dee selwechte Kino wéi de Rosi, an awer gläiche sech hir Filmer duerch déi recherchéiert, komplex an ondemagogesch Analys vun der soziopolitescher Situatioun."


Interview mam Michel Ciment (Deel 2)play_arrow