Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Loren Kramar - Hollywood Blvd

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Keng Helden, keng Verdeedeger vum Vollek"

Film

"Keng Helden, keng Verdeedeger vum Vollek"

Déi renomméiert serbesch Actrice a Realisatrice Mirjana Karanović, déi schon dacks mam Kusturica geschafft huet, war viru kuerzem zu Lëtzebuerg. Si huet d'Jury vum CinEast-Festival presidéiert an hiren éischte Film hannert der Kamera virgestallt. Interview iwwer Serbien an den Ëmgang mat Krichsverbriecher.

auto_stories

4 min

Mirjana Karanović a Valerija Berdi

D'Mirjana Karanović gehéiert a Serbien zu den bedeitendsten Actricen. Gespillt huet si ënnert der Regie vu bekannte serbesche Cineasten, wéi Goran Paskaljević oder Goran Marković, a virun allem och vum Bosnier Emir Kusturica, mat grousse Rollen a Filmer wéi "Papa est en voyage d’affaires", "Underground" an "La vie est un miracle".

A "Grbavica" vun der bosnescher Regisseurin Jasmila Žbanić (Gëllene Bier op der Berlinale 2006), huet d’Mirjana Karanović eng bosnesch Fra gespillt, déi vu serbeschen Zaldoten vergewaltegt ginn ass. Eng engagéiert Haaptroll, déi hir virun allem a Serbien virgeworf gouf.

Couragéiert Decisioun vum Krichsverbriecher senger Fra

Och hire rezenten éischte Film hannert der Kamera "Dobra žena" (A Good Wife) thematiséiert d’Krichsverbrieche vu Serben während dem Krich am Balkan ugangs de 1990er Joren. D’Protagonistin (vum Mirjana Karanović selwer verkierpert) fënnt eraus, datt hire Mann sech un der Ermordung vun Ziviliste bedeelegt huet, an hëlt do eng ganz couragéiert Decisioun...

D‘Mirjana Karanović war viru kuerzem zu Lëtzebuerg als Jury-Presidentin vum CinEast-Filmfestival, op deem "Mellow Mud" vum litauesche Regisseur Renars Vimba mam Grand Prix ausgezeechent ginn ass.

Valerija Berdi: Mirjana, Äre Film "The Good Wife" wollt Dir virun allem fir de serbesche Publik maachen, d’Première zu Belgrad war fir Iech besonnesch wichteg. Firwat?

Mirjana Karanović: Dat, wat ech wollt matdeelen, ass fir Leit wéi mech geduecht, fir Mënschen aus mengem Entourage. Ech wollt do näischt fuerderen an och kee pädagogesche Film an iergendenger Form maachen a Lektiounen ausdeelen. Mäi Wonsch war et, op eppes opmierksam ze maachen, dat mir an dëser verréckter Iwwergangszäit, an all deem, wat passéiert ass, vergiess hunn - eng Dimensioun vu Mënschlechkeet. Hannert all dëse politesche Schachzich stinn iergendwellech Leit. Si misste Verantwortung droe fir hir Decisiounen, déi anere Mënsche Leed bruecht hunn.

Bis elo waart Dir als Actrice bekannt. „A Good Wife” ass Ären Debut als Realisatrice. Wat huet Iech dozou motivéiert, hannert d’Kamera ze goen?

Dat war ni meng éischt Ambitioun. Ech hat guer net driwwer nogeduecht, Realisatrice ze ginn. Et war mer vill méi wichteg déi Geschicht z’erzielen, déi ech am Kapp hat. Ech hunn do missen den Abléck an d’Kontroll behalen iwwert d’Manéier, wéi déi Geschicht gezielt gëtt, wéi sech d’Zeene forméieren, also op d’Mise en scène. Sou hunn ech entscheet, mäi Projet als Autorin esou anzekreesen, datt ech mech dra wuel fillen, fir en zum Schluss als mäi kënnen ze bezeechnen.

A Serbien sinn an der lescht eng Rei Filmer iwwer serbesch Krichsverbrieche gemaach ginn. Beispillsweis den Dokumentarfilm „Dubina dva“ vum jonke Cineast Ognjen Glavonić, de Verbrieche vun der regulärer serbescher Arméi opdeckt. Äert Thema ass och de Krich am fréiere Jugoslawien. Firwat ass dëse Sujet fir Iech nach ëmmer esou wichteg?

Et ass wichteg, datt d’Leit d’Konsequenze vun hirem Behuelen droen, an iergendwéi geschitt dat och am Liewen op déi eng oder aner Manéier. Ech gleewen un iergendeng gëttlech Gerechtegkeet. Mee wat fir eis relevant ass - an net just fir Serbien, mee fir déi ganz Regioun -, ass datt all d’Täter oder Ënnerstëtzer vu Krichsverbriechen haut nach als eng Zort Helde gefeiert ginn, als Verdeedeger vum Vollek - wat se einfach net sinn.

Déi Leit haten hir perséinlech Intressien a Ziler. D’Optioun, fir déi si sech agesat haten, war déi vun engem politesche Grupp, an deem Fall déi serbesch Regierung an den 1990er Joren. Ënnert dem Slobodan Milosevic war et d’Zil, ee méi groussen Territoire ze dominéieren. Dat hat deemools keng patriotesch, mee – wéi sech erausgestallt hat - ganz minabel Ursaachen.

Nach ëmmer existéiert eng staark Propaganda, déi dat Bild vum Patriot oprecht erhält. D’Relatioun zu deenen, déi sech Patrioten nennen, huet sech geännert, well Dag fir Dag hir wierklech Beweggrënn entlarvt ginn. Et kënnt zum Virschäin, firwat si sech esou eng bedeitend Etiquette opgepecht hunn.

Interview Mirjana Karanovićplay_arrow