Radioen

On air

De Moien  |  Foxygen - Follow The Leader

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kennt Dir d'Jacqueline Wilson?

Jugendliteratur

Kennt Dir d'Jacqueline Wilson?

Bei eis ass si praktesch onbekannt, a Groussbritannien zielt déi 72 Joer al Schrëftstellerin Jacqueline Wilson zu de bedeitendste Jugendbuchautorinnen. Iwwert honnert Bicher huet si geschriwwen, eng Rei dovun sinn och verfilmt ginn. Elo krut si eng ganz besonnesch Auszeechnung a fir si war dat och de Moment, hir Vue op déi Jonk an op d'Liesen ze thematiséieren.

auto_stories

3 min

Kanner sinn haut méi veronséchert a besuergt wéi fréier, seet déi britesch Schrëftstellerin Jacqueline Wilson bei der Iwwerreechung vum Bafta-Children's Special Award. Si krut dës Auszeechnung de 26. November fir d'Verfilmunge vun hire Bicher.

"Hetty Feather","Tracy Beaker" a "Girls in Love" sinn d'Titelen, déi vun der britescher Tëlee verfilmt goufen, an natierlech fillt sech d'Jacqueline Wilson immens geéiert. Anerersäits mécht si sech awer vill Suergen ëm d'Kanner vun haut. Fréier, virun der www-Ära, hätten d'Meedercher sech net esou vill Gedanken iwwert hiert Ausgesinn an hir Wierkung op déi Aner gemaach. Sou wéi an der Geschicht vum Ellie. Si ass ee grousse Fan vum John Lennon a mécht sech ebe Gedanken iwwer hiert Gewiicht an de Succès bei de Jongen.

"Den éischte Schouldag no der Summervakanz. Ech ginn zu Fouss, well ech de Bus verpasst hunn. Kee gudden Ufank. Déi néngt Klass. Wéi d'Joer wuel wäert ginn? Number nine. Number nine. Number nine. Dat Stéck ass aus dem legendären White-Album vun de Beatles. Déi verréckt Nummer um Schluss. Ech hu mech ëmmer séileverwandt mam John Lennon gefillt. Och wann e schonn dout war, wéi ech op d'Welt koum. Ech hunn hie gär, well en déi verréckt kleng Zeechnunge gemaach huet an e Brëll mat ronne Glieser hat. A well e witzeg war an ëmmer dat gemaach huet, wat e wollt. Ech maachen och verréckt kleng Zeechnungen, hunn ee Brëll mat ronne Glieser a meng Frënn fanne mech witzeg. Mä et léisst ee mech net maachen, wat ech wëll."

D'Kanner a Jugendlech wiere vun de soziale Medien dominéiert, seet d'Jacqueline Wilson. Et wier eng Welt, déi sech immens séier weiderentwéckelt. A wa si doriwwer schreift, wieren hir Geschichte schonn iwwerholl, wa si bis publizéiert sinn.

Geschichten iwwer Aussesäiter

Mä et sinn net just déi sozial Medien, déi d'Jacqueline Wilson thematiséiert. Hir ProtagonistInne sinn dacks Aussesäiter. Si musse sech mat der Scheedung vun Elteren, Mobbing, Mëssbrauch oder aneren zäitgenëssesche Problemer ausenanersetzen.

D'Jacqueline Wilson ass eng Zort modernen Charles Dickens. Dat spigelt sech och ganz staark an der Geschicht vum "Hetty Feather" erëm. E Kand, dat vu senger Mamm verlooss gëtt, bei enger Fleegefamill ënnerkënnt an am Alter vu sechs Joer placéiert gëtt.

"Mäin Numm ass Hetty Feather. Maach net de Geck. Et ass net mäi richtege Numm, mä net vill iwwert mech war jee reell."

D'Jacqueline Wilson ass a Groussbritannien eng Bestseller-Autorin. Si huet eng Onmass vu Jugendbicher publizéiert a si schreift schonn zënter 35 Joer. Si huet eng Abberzuel vun Amateure vun hire Wierker, déi mat hirer Literatur opgewuess sinn, an déi elo hire Kanner d'Bicher vun der Wilson weiderginn.

Déi aktuell Zäit hannert sech loossen

Trotzdeem ass déi beléifte Schrëftstellerin net zefridden. Virun zéng Joer hätten nach vill Leit am Zuch gelies. Haut wier si déi eenzeg. All déi aner géifen un hire Smartphones pechen oder Maile liesen. Dat elektronescht Liewe géif d'Buch eliminéieren, bedauert si an engem Interview mat der BBC-Journalistin Annabel Rackham.

Vläicht ass dat och ee vun de Grënn, firwat si elo an hirem neiste Jugendroman "Wave me goodbye", déi aktuell Zäit hannert sech léisst an an d'Jore vum Zweete Weltkrich zréckgeet. Et ass September 1939, a London bereet sech op de Krich vir. Dat zéngjäregt Shirley wonnert sech iwwert d'Behuele vu senger Mamm, an datt si an d'Vakanz solle fueren. Obwuel si dach keng Suen hunn. A wéi kënne si och an d'Vakanz goen, wann de Papp just als Zaldot fortgaangen ass?