Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Klaakt et oder klaakt et net?

Sooner.lu

Klaakt et oder klaakt et net?

Eng Koppel trennt sech, ee vun de Partner gëtt domat manner gutt eens: Den amerikaneschen Independant-Drama "The Killing of two lovers" baut mat clevere Mëttele Sprengpotential op.

auto_stories

2 min

Den David an d'Nikki hu sech viru Kuerzem getrennt. Si hu sech zwar nach gär, mee iergendwéi brauch d'Koppel emol eng Paus. Hir véier Kanner verstinn net, firwat de Papp, mat deem si frou sinn, elo 100 Meter ewech beim Bopa muss wunnen. An obwuel et Deel vun hirem Accord ass : den David packt et einfach net, mussen nozekucken, wéi seng Fra mat hirem neie Frënd verkéiert...

''The Killing of two lovers'' vum Amerikaner Robert Machoian ass ee mat wéinege Mëttele gedréinten Independant-Drama, deen d'lescht Joer um Sundance-Filmfestival Première gefeiert hat. D'Filmkuliss ass eng kleng rural Uertschaft am US-Staat Utah, wou een deen anere kennt an de Bléck an d'Onendlechkeet géif reechen, wann en net un de Bierger am Hannergrond géif hänke bleiwen.

Spannung opgebaut

Wéi wann déi familiär Situatioun vun de Protagonisten net scho genuch ugespaant wier, suerge verschidden Elementer fir zousätzleche Sprengstoff. De Filmtitel suggeréiert eng kriminell Handlung, den Ufank vum Film deit och direkt an déi Richtung.

A sporadesch begleet eng verstéierend Geräischkuliss déi 84 Minutten vun ''The Killing of two lovers'' : wärend mer e rosenen David (Clayne Crawford) hannert dem Steierrad vu sengem Pick-up gewise kréien, héiere mer Geräischer vun enger Autosdier, déi zougeklaakt gëtt, sou eppes ewéi Schléi op Blech respektiv Schëss. Et ass, wéi wann dee Soundkonstrukt den Drama géif virewech huelen. De Spectateur mécht sech also op dat Schlëmmst gefaasst...

Falsch Pist?

Wärend deenen a laangen Opname gefilmte Gespréicher tëschent dem David a senger Fra respektiv senge Kanner spiert een, datt et zu all Moment kéint knuppen. Mee nee : De Mann erweist sech an der Interaktioun als gefillsvolle Mënsch, fir deen een eigentlech, jo, Sympathie ëmfënnt.

Am Kontrast dozou stinn natierlech all déi Momenter, an deenen den David eleng ass, senger Roserei fräie Laf léisst an zu allem schéngt fäeg ze sinn. Mee Hand op d'Häerz : wie behëlt sech net schonn heiansdo wéi e Psychopat, wann en, wäit ewech vu frieme Blécker, déi sozial Mask däerf ofleeën ?

Et gesäit esou aus, wéi wann ''The Killing of two lovers'' mat senge filmesche Mëttelen de Spectateur op eng falsch Pist géif schécken. D'Potential fir eng fatzeg Explosioun ass an deem ganze mënschleche Film op jiddwer Fall do.