D'Geneviève Mersch ass ënnert anerem bekannt fir kuerz Documentairen ewéi "Le Pont rouge", "John" oder nach "Roger".
An Optrag vum Centre national de l'audiovisuel (CNA) huet si elo Filmmaterial vu Lëtzebuerger Amateuren aus den 20er bis 40er Jore verschafft. D'Resultat besteet aus fënnef Kuerzfilmer vun all Kéiers ëm déi fënnef Minutten, déi zesummen d'Serie "Komm, ech filmen dech!" erginn:
1) "De Johny Quaring erzielt"
2) "Wéi geet dat dann?"
3) "Wéi war et fréier?"
4) "Wat films de dann?"
5) "Firwat films de dann?"
Net nëmme loossen déi Filmercher e Stéck Lëtzebuerger Vergaangenheet opliewen. Op eng dacks witzeg Manéier erzielen si och, wéi Amateurcineasten deemools mat enger Kamera ëmgaange waren.
Am Gespréich mam Michel Delage erkläert d'Geneviève Mersch, wat si un deenen alen Amateurfilmer gereizt huet, a wat sech filmtechnesch iwwer se soe léisst:
Zënter Mëtt den 90er Jore sammelt de CNA geziilt Lëtzebuerger Amateurfilmer. Hir Archivéierung ass nawell e laange Prozess, erkläert d'Viviane Thill, Responsabel fir de Filmdepartement:
D'Serie "Komm, ech filmen dech!" leeft vun dësem Mëttwoch un an de Cinextdoor-Kinoen (fréier CDAC) uechter d'Land, all Woch een anere Film, als Virspann zum respektiven Haaptfilm.