Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Komm mir maachen eng kulturell Revolution"

Kanner a Literatur

"Komm mir maachen eng kulturell Revolution"

Liese misst erëm als cool ugesi ginn, fuerdert de Schrëftsteller Jhemp Hoscheit. D'Erzéiungsfuerscherin Simone Mortini ënnersträicht, datt Liese wichteg fir d'Entwécklung vun engem Kand ass.

auto_stories

3 min

"Si wëssen net, wat si verpassen, wa si net mat hire Kanner liesen", war den Appell vum Schrëftsteller Jhemp Hoscheit un d'Elteren.

De physesche Kontakt, dat beieneen duckelen, op enger Fotell, an engem Bett, an engem Kanapee, en Aarm ëm d'Schëller leeën, hätt en immense Méiwäert, deen iwwer d'Buch ka geschafe ginn, huet den Auteur erkläert an e weideren Opruff gemaach. D'Liese misst erëm als cool gëllen.

Dem Handy entgéintwierken

Fir der Konkurrenz vun Handy a Co entgéintzewierken, hätt et kee Sënn d'elektronesch Apparaten, déi eng eminent Roll an de Kanner hirer Fräizäitbeschäftegung spillen, ze verdäiwelen, mee dat Ganzt ëmdréien, an deem d'Liesen als eppes méi Cooles misst gëllen, wéi um Handy ze spillen.

Moude géife jo permanent änneren an et wier un der Zäit en neien Zäitgeescht opkommen ze loossen. Et misst een den aktuellen Trend kippen a Liesen erëm attraktiv maachen. Wat méi Kanner liesen an dat och weisen, ëmsou méi kréich een och fir d'Buch begeeschtert. "Komm mir maachen eng kulturell Revolutioun", sou de Jhemp Hoscheit a mengt weider, d'Loscht um Liese misst erëm eraus gekëddelt ginn.

Aner Messagë ginn haut vermëttelt

Kannerliteratur ass u sech eréischt als Folleg vun der Unerkennung vun der Kandheet als en Deel vum Liewen entstanen. War d'Kannerliteratur an de vergaangene Joerhonnerten dacks moraliséierend, sou sinn haut aner Messagen, déi solle vermëttelt ginn.

"Kannerliteratur soll de Kanner virun allem Freed maachen", sou d'Christiane Kremer. An dat geschitt, wann een de Kanner Geschichten erzielt a se hinne weist, erkläert d'Christiane Kremer. Si als Editrice an Autorin wëllt de Kanner mat de Bicher eppes mat op de Wee ginn. Fir Kanner wier et wichteg, datt si an de Bicher déi Theme fannen, mat deene si sech selwer beschäftegen. Et musse Situatiounen aus de Kanner hirer Liewenswelt sinn. Theme wéi Frëndschaft - Frënn hunn oder keng hunn - ass eppes, wat all Kanner betrëfft a beréiert.

An de Bicher sichen, fir sech selwer ze fannen

A fir dës Liewenswelt ronderëm sech selwer ze verstoen, wiere Bicher am fréikandleche Beräich ganz wichteg, huet d'Erzéiungsfuerscherin Simone Mortini erkläert. An och, datt d'Geschichten an de Bicher ganz vill mat Emotiounen ze dinn hunn. Och an der weiderer Educatioun hätten d'Bicher eng ganz grouss Wichtegkeet am Sproocheléieren, an der Erzielfäegkeet vu Kanner.

Fir d'Identitéit vum Kand wiere Bicher och ganz bedeitend: "Kanner ginn an de Bicher sichen, fir sech selwer ze fannen". Kanner géife sech ganz dacks mat de Figuren identifizéieren. Et hätt en immensen Effet op d'Sozialfäegkeeten an op Emotiounen, wa si sech mat engem Protagonist identifizéieren. Doduerch kënnen d'Kanner Empathie entwéckelen. Weider géife si sech hir Liewenswelt duerch Bicher kënnen erklären, an doduerch dann och wie si selwer sinn, wat dann zu der Identitéit vum Kand bäidréit.

Zesummespill vu Sproochen

D'Méisproochegkeet uLëtzebuerg wier ganz spannend, konnt d'Danielle Mertes vun der Erwuessenebildung erzielen. Doduerch, datt si vill mat Autorinnen an Auteuren an d'Klassen erageet, och wann d'Kanner mol net alles versti wat gezielt gëtt, géif duerch d'Zesummespill vun de Sproochen an der Gestik eng flott Dynamik entstoen.