Radioen

On air

Kultur um 5  |  Phoebe Bridgers - Kyoto

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Komm net kräischen"

Buchbespriechung

"Komm net kräischen"

Déi lescht Joeren war d'Claudine Muno méi musikalesch wéi schrëftstelleresch aktiv. Elo ass eng nei Erzielung vun hir bei "Op der Lay" erauskomm. Déi turbulent Gefillswelt vun de Protagonisten gëtt präzis an iwwerzeegend beschriwwen, mee an engem manner individuelle Stil, wéi een et vun der Lëtzebuerger Kënschtlerin gewinnt ass.

auto_stories

5 min

Cover-Ausschnëtt vum Claudine Muno sengem "Komm net kräischen" (©Op der Lay )

Mat 16 huet d'Claudine Muno hiert éischt Wierk "The Moon of the Big Winds" publizéiert a gouf als Wonnerkand gefeiert. 2004, nëmmen aacht Joer méi spéit, krut si de Servais-Präis fir hire Roman "Frigo". No "La Mamouthe", dat 2011 publizéiert gouf, huet déi haut 36 Joer al Lëtzebuergerin eng Bicherpaus ageluecht. Lo kënnt dat mëttlerweil zwieleft Buch am Verlag "Op der Lay" eraus.

"Komm net kräischen" - dat huet wuel jiddereen als Kand schonn eng Kéier vu sengen Elteren ze héieren kritt. Meeschtens, wann ee fir d’éischte Kéier eng eegen Entscheedung hëlt mat där si net averstan sinn. An engem gewësse Sënn geet et och genau dorëms an der Claudine Muno hirer neier Erzielung: Um Beispill vum Marie, engem introvertéierten a sensibele Meedchen, dat zu Lëtzebuerg an den 90er Joeren opwiisst, erzielt d’Schrëftstellerin vun den éischten, onséchere Schrëtt an d’Onofhängegkeet, vum schwierege Wee vum Teenager zum Erwuessenen.

D’Marie ass an de Paul verléift. U sech näischt Ongewéinleches. Wann de Paul net de Papp vum Theo wier, dem Marie sengem beschte Kolleg. De Paul ass Ingenieur an elengerzéiende Papp, seng Fra ass viru Joren u Kriibs gestuerwen. D’Marie verbréngt souvill Zäit wéi méiglech beim Theo, virun allem fir méi no beim Paul ze sinn. Dobäi ass him Mol net kloer, wat hatt fir hien empfënnt. Sicht hatt nëmmen en Ersatz-Papp? Ee Papp vum deem et all dat kritt, wat et doheem vermësst: Versteesdemech, Opmierksamkeet a Gebuergenheet? Oder sinn do nach aner Gefiller am Spill?

Emanzipatioun

Mat vill Sensibilitéit beschreift d’Claudine Muno hei déi ambivalent Emotioune vum pubertäre Meedche, dat sech selwer eréischt kenne léiere muss. "D’Kandheet ass opgebraucht", schreift den Erzieler iwwert d’Marie an dach "wosst hatt nach net, datt een eppes anescht un engem Mënsch begiere konnt wéi seng Gesellschaft". 

A kuerzen Episode ginn d’Lycées-Joeren vum Marie skizzéiert. Nieft senger Schwärmerei fir de Paul, geet et och ëm seng schwiereg Frëndschaft mam Theo, dee seng éischt Frëndin kritt. An et geet ëm dem Marie seng schrëttweis Emanzipatioun vu sengen Elteren.

Et wier einfach, dem Haaptpersonnage seng turbulent Gefillswelt ironesch ze hannerfroen an als Pubertéits-Gejéimers ofzedoen. D’Claudine Muno awer hëlt hir Figuren an hir Gefiller eescht. Hiren Erzieler bleift ganz no un der Perspektiv vum Meedchen an erlaabt sech nëmmen heiansdo e kritesche Kommentar. Obwuel déi ugeschwaten Themen a Motiver al a bekannt sinn, geléngt der Schrëftstellerin esou en iwwerzeegenden Abléck an d’Gefillswelt vun engem Teenager.

Konventionell Approche

Geschriwwen ass déi kuerz Erzielung vu ronn 100 Säiten an engem poetesch-melancholeschen Toun a mat vill Sënn fir authentesch Detailler. Stilistesch ass dat manner verspillt-humoristesch, manner individuell, wéi dat, wat een en soss vum Claudine Muno gewinnt war. Mee schlussendlech ass dës méi konventionell Approche och eng Reflektioun vun der traditioneller Geschicht, déi erzielt gëtt.

Um Enn steet fir d’Marie d’Erkenntnis, datt hatt net op de Paul oder iergendeen anere waarde kann, fir endlech de Courage ze fannen, säin eegent Liewen ze liewen: "Wéi kann ee sécher wëssen, ob een de Wollef fäerte muss, wann een en nach ni gesinn huet? Weess een et net eréischt sécher, nodeems een him an d’Gesiicht gekuckt, säin Otem ageotemt oder sech bäisse gelooss huet, just fir erauszefannen ob een et aushält", reflektéiert den Erzieler - am Marie senger Plaz - um Schluss vun der Geschicht.

Trotz e puer Längten an enger wéineg elaboréierter Intrig ass "Komm net kräischen" vum Claudine Muno eng gelonge Coming-of-age Geschicht, déi sech un éischter Plaz wuel u Jugendlecher riicht. Awer och deen een oder aneren erwuessene Lieser wäert sech bei der Lecture u seng eege Jugend erënnere kënnen.