Radioen

On air

Notturno  |  John Holt - You'll Never Find Another Love Like Mine

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Komparatistik, Foucault an e Colloque

Literaturwëssenschaft

Komparatistik, Foucault an e Colloque

Dëse Weekend organiséiert d'"Societé luxembourgeoise de littérature générale et comparée" fir d'drëtt e Colloque iwwer vergläichend Literaturwëssenschaften. Wat sinn d'Themen a wat ass iwwerhaapt d'SLLGC? E Gespréich mam Dr. Sébastian Thiltges, dem President vun der Gesellschaft.

auto_stories

3 min

Den Dr. Sébastian Thiltges ass President vun der SLLGC.

Valerija Berdi: "Epistémè de la littérature comparée" ass den Titel vum Colloque, deen d'SLLGC - d'Societé luxembourgeoise de littérature générale et comparée - dëst Joer organiséiert an dat am Mierscher Servais-Haus. Mee zeréck zum Titel, wat ass iwwerhaapt en épistémè, Sébastian Thiltges?

Dr. Sébastian Thiltges: Epistémè ass ee bësse bretzegen Toun, ech ginn et zou. Epistémè ass een Therme vum Philosoph Michel Foucault, hien huet Ephistémè definéiert als "les conditions de possibilité des connaissances", dat heescht, et ass drëm gaangen e Bléck drop ze werfen, wéi eng Konditiounen et erméiglechen, wéini wéi ee Wëssen ze produzéieren.

Domat mengt de Foucault net esou eng linear Perspektiv op de Progrès, wéi zum Beispill: ech muss d'Rad erfannen ier ech de Vëlo erfannen. Méi generell gesi mengt hien domat - philosophesch gesinn - datt déi Aart a Weis, wéi mir d'Welt gesinn an d'Welt denken, definéiert och dat Wëssen, dat mer kënnen iwwer d'Welt produzéieren.

D'Motiv vun der Fra ass dann d'Thema vum Intervenant Abdulaye Samaké: "Das Motiv der eingesperrten Frau". De Literaturfuerscher geheit e Bléck an d'Mëttelalter, an de "Roman des sept sages" an hie kuckt, wéi dësen an der däitscher an italienescher Sprooch verschafft ginn ass. Ee vu villen Themen, déi d'Komparatistik iwwer de Weekend beschäftegt.

Motiv an Themefuerschung ass eben een Deel, ee grousse Pilier vun der Komparatistik. Wann een d'Literatur vergläicht, kann een historesch vergläichen, et kann ee kulturell a sozial Kontexter vergläichen, et kann ee Sprooche vergläichen, et kann een awer och Motiver an Theme vergläichen, wéi Landschaftsbeschreiwung oder wéi hei, d'Motiv vun der Fra.

Literatur an d'Gesondheet a Literatur an Ëmwelt waren déi lescht zweet Joer d'Theme vun de Colloque vun der SLLGC. D'Societé luxembourgeoise de littérature générale et comparée ass 1980 gegrënnt ginn, vun Enseignante fir Enseignanten. D'Gesellschaft ass e wichtege Moyen fir kënne Literaturfuerschung ze bedreiwen, mee an der leschter Zäit huet sech awer esou munches geännert.

Elo zanter zwee Joer ass de Conseil ganz geännert. Mir sinn elo eng nei Equipe. Mir stellen eis dauernd d'Fro, wat mer kënne proposéieren. Dofir och den Appell un d'Leit, déi sech fir d'Literatur interesséieren, sech fir d'Literaturfuerschung interesséieren. Vläicht och fir Leit, déi selwer wëlle Literaturfuerschung maachen awer vläicht mengen, net déi strukturell Moyenen ze hunn, déi d'Ënnerstëtzung net hu fir Saachen ze organiséieren. Dat hu mir mat der SLLGC, dofir onbedéngt op eise Site kucke goen, mir sinn och elo op Facebook.