Net nëmme Skulpturen a Relief-Maquetten dierf a soll een ausdrécklech upaken. Fir sech nach besser mat de Protagoniste vun engem bestëmmte Konschtwierk identifizéieren ze kënnen, kann ee sech souguer mat zäitgerechte Kostümer verkleeden an um Enn e puer Fotoe vun dësem Erliefnes mat Heem huelen.
"Variations" heescht déi nei Ausstellung, déi et elo an der Villa Vauban ze entdecke gëtt.