Radioen

On air

Metal Meltdown  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wa Groussfamillen traueren

Filmkritik

Wa Groussfamillen traueren

Nieft dem Christian Mungiu mausert sech de Cristi Puiu zur neier wichteger Stëmm vum rumänesche Kino an der Welt. Säi leschte Film, deen zejoert zu Cannes an der offizieller Competitioun gewise gouf, leeft elo am Kino. "Sieranevada" erzielt op eng dokumentaresch a gläichzäiteg poetesch Manéier vun engem chaotesche Famillentreffen an engem Bukarester Appartement.

auto_stories

3 min

(© 2016 Mandragora – Produkcija 2006 Sarajevo / Studioul de Creatie Cinematografica)

Den éischte Film vum Cristi Puiu hat 90 Minutten, deen zweeten an dee véierte ronn zwou an eng hallef Stonn, deen drëtten an deen elo fënnefte Film dauere gutt dräi Stonnen. Deemno gehéiert dem Cristi Puiu säin neiste Wierk "Sieranevada" vun der Spilldauer hier zu senge méi laange Filmer.

Versicht de rumänesche Realisateur mat systematescher Iwwerlängt aus dem klenge Grupp vu zäitgenëssesche Filmemaacher erauszestiechen? Iwwerdeems de Christian Mungiu et sech net lompe léisst, fir all Film zu Cannes ausgezeechent ze ginn? Dem Cristi Puiu dat ze ënnerstelle wier natierlech net immens intelligent. An awer ass et derwäert, eemol e Bléck op déi laang Spillzäite vu senge Filmer ze geheien.

Eng Dose verréckt Personnagen

"Sieranevada" spillt sech an engem Post-Charlie-Hebdo-Bukarest of. Eng Famill a Kollegen treffe sech beim Nusa doheem. D'Nusa ass zënter eppes méi wéi engem Mount Witfra an invitéiert op en traditionellt Mëttegiessen, fir dem Mann, Papp, Grousspapp a Monni Emil ze gedenken.

Iwwer eng Dose Personnagen treffen an deem al-sozialisteschen Appartement openaner. Dorënner der Nusa hiren Neveu, deen der fester Iwwerzeegung ass, dat 9/11 en Inside Job war. Dann hir Schwëster, déi kuerz virum Kollaps ass, well hire Mann scheinbar friem geet. Dobäi ass och eng eeler Dame, déi versicht, déi Jonk dovunner z'iwwerzeegen, datt ënnert dem Ceausescu net alles schlecht war.

Eng Niess daucht mat enger schwéier alkoholiséierter kroatescher Bekanntschaft op. An den Dokterfils, dee sech um Wee fir bei seng Mamm nawell fatzeg mat senger Fra am Auto zerstridden huet. Dat si just e puer vun de Personnagen.

Wéineg Raum, vill Frust

Si alleguerte wëllen dem Emil seng lescht Éier erweisen, an dem Nusa eng Freed maachen. Méi einfach gesot wéi gemaach: Als éischt léisst de Paschtouer laang op sech waarden. Dann ass de Kostüm ze grouss, deen den Neveu symbolesch fir säi verstuerwene Monni soll undoen. An da muss ee Monni aus der Dier gekiert ginn, deen oninvitéiert do steet an Terror mécht.

En attendant Godot? Éischter: En attendant le souper. An dat Ganzt ass fir Verschiddener d'Occasioun riets a lénks hire Frust ofzeloossen. An zwar op enkstem Raum.

Den Tschechow ass net wäit an d'Diere ginn op an zougemaach wéi an engem franséische Boulevardsstéck. An iwwerhaapt kéint ee mengen, déi Geschicht wier besser am Theater opgehuewen. Tatsächlech spille sech op d'mannst zwou Stonnen an 20 Minutten nëmmen am Appartement of.

D'Kamera am Gank

De Puiu a säi Kameramann Barbu Balasoiu stelle sech bei deem ganze Chaos an der Wunneng scho bal an den Abseits. Besser gesot an de Gank, aus deem se riets a lénks schwenke kënnen an an engem falschen dokumentaresche Stil d'Dialogen an d'Situatiounen opfänken. Heiansdo entscheede se, fir sech an en Zëmmer eranzequëtschen.

Ass et de Geescht vum Verstuerwenen, deen dat bont Dreiwe vu senger verschassener Famill ameséiert nokuckt? Oder ass de Spectateur nach e weidere Personnage an der Wunneng, wann och stomm?

Déi al russesch Poete wiere stolz op de Puiu a senger Familljefresk. Dëse Portrait seet och eppes iwwer Rumänien aus. Manner op eng explizit politesch Manéier, wéi aus engem humanistesche Gestus eraus.

Ee laange Film, deen nawell ze kuerz ass

Mat immens laangen Astellunge léisst de Realisateur sengen exzellente Schauspiller den Espace, dee se brauchen, fir dës à la Base klassesch Familljegeschicht opbléien ze loossen. Dee luese Rhythmus dierft ufanks schwiereg sinn.

Mee wann ee bis emol verstanen huet, wéi déi ongeféier familiär Liene sinn, dann däerf ee sech op en alt nees gratifiant trauregen a witzege Film aus dem spannendsten europäesche Filmland freeën. Well um Enn wënscht ee sech, datt de Film nach zwou Stonne méi laang gedauert hätt.