Déi eelefkäppeg Equipe vu Camera Obscura huet eegenen Aussoen no keng grouss kënschtleresch Uspréch. Et wier een éierlech mam Public an et géif een déi eege Produktiounen als dat verkafe wat se sinn, nämlech Divertissement. "Kropemann" ass eng Mëschung vu Mysterythriller a Slasher. Et war der Equipe ronderëm dës Produktioun wichteg, datt de Film seng Wuerzelen zu Lëtzebuerg huet. Virun allem war hiert Zil et awer, ee memorabel béise Charakter ze schafen.
Popcorn-Film fir e grousse Public
"Kropemann" erzielt d'Geschicht vun enger Mordserie am Studentemilieu zu Lëtzebuerg. Zwee Polizisten, de Kommissär Meyer (Ben Turco) an den Inspekter Thill (Vincent Meyer) si mat der Enquête chargéiert. Parallel dozou maachen awer och d'Studenten, d'Frënn vun den Affer, eng eegen Enquête, well méi hannert den Morde stécht. Doriwwer eraus huet d'Police keng Spur.
De Film baséiert op der Lëtzebuerger Legend ronderëm de mysteriéise Personnage vum Kropemann. D'Produktioun huet also Lëtzebuerger Originnen: Et spille Lëtzebuerger Acteuren an de Film ass op Lëtzebuergesch. D’Iddi hannert dem Film "Kropemann" war et fir e sougenannte Popcorn-Film ze maachen, esou de Patrick Ernzer vu Camera Obscura: E soll sech un de grousse Public riichten an hätt dofir eng Thematik, déi méi Leit géif uspriechen wéi den "Zombie-Film". "Eis Zilgrupp sinn Teenager an dat wat d'Amerikaner Young Adult nennen. Am Fong all déi Leit, déi gären an de Kino ginn an déi einfach wëllen ënnerhale ginn."
E Film mat Ënnerhalungswäert
De Film ass de Member vu Camera Obscura no eng underground- an onofhängeg Produktioun. E gouf iwwert eng Zäitspan vun aacht Joer realiséiert an hat e Produktiouns-Budget vu 25.000 Euro. De Film kéint awer och mat méi deiere Produktioune mathalen, esou de Patrick Ernzer. Dëst, well de "Kropemann" e groussen Ënnerhalungsäert hätt. De Patrick Ernzer mengt, de Film bräicht sech virun enger 200 Millioune Produktioun net ze verstoppen.
"Leit déi owes an de Kino ginn, wat wëllen déi", freet de Realisateur. Si wéilte nëmmen ënnerhaale ginn. "Deenen ass et am Endeffekt egal op de Film 1.000 Euro kascht huet, op en eng Millioun kascht huet, dräi Milliounen oder 200 Milliounen." Et géif een an de Kino goen, fir d'Welt vergiessen, seng Suerge vergiessen a well ee wéilt 90 Minutte laang gutt ënnerhale ginn.