Kulturchronik: Stay Hungry
D'lescht Woch gouf de Food For Your Senses ofgesot, well d'Organisateure keen Terrain fonnt hunn. Wéinst verschiddene "Contraintes environnementales" hunn all d'Siten, op deene bis elo geschafft gi war, misse fale gelooss ginn. Vun ëffentlecher Säit gouf et fir d'asbl, déi d'Manifestatioun zu 100% op bénévoler Basis organiséiert, kaum Hëllef.
D'Kulturchronik vum Yves Stephany.
Obwuel d'Enttäuschung an de Gesiichter vun de Leit vum Food grouss war, war den Enthusiasmus an den Optimismus, dass et fir d'nächst Joer mam Site wäert klappen, an dass een 2016 nach ee bessere Festival wäert op d'Been stellen, méi grouss.
Et ass och genee dësen Optimismus, deen de Food For Your Senses esou besonnesch mécht. Et ass net just d'Qualitéit vun der musikalescher Programmatioun oder d'Konscht-Ausstellung, déi fir de spezielle Vibe responsabel ass. Et ass d'Léift fir d'Saach, déi bis an dee klengsten Detail ze spieren ass, an déi ganz wäit hannert der Büh ufänkt a sech duerch d'Artistinnen an Artisten an d'Équipe op de Public iwwerdréit, déi d'Manifestatioun zu engem eenzegaartege Moment vun Harmonie an Gemeinschaft wuesse léisst. Ween op de Food kënnt, erlieft fir 3 Deeg eng Welt, déi an Uerdnung ass, eng Gesellschaft, déi funktionéiert. Well Profit a Kommerz hei keng Roll spillen.
Dass et dee perfekte Moment dëst Joer net wäert ginn, ass schlëmm. De Grond ass den Impakt op d'Ëmwelt vun dësem Festival, dee pro Dag bis zu 4.500 Mënschen empfänkt. Wéi ech de Moie mam Vëlo vun der Gare op de Kierchbierg pedaléiert sinn, an op der Kräizung hei vir bei der Coque vun engem décke BMW um Zebra-Sträif mat ewech geholl gi wär, wann ech keng Vollbremsung gemaach hätt, hunn ech mech gefrot, wat da wuel den Impakt vun deene 450.000 Autoen, Motoen, Camionen an Tracteuren op d'Ëmwelt ass, déi hei am Land ugemellt sinn.
Plus déi sëllechen, déi all Dag vu baussent de Grenzen dobäi kommen. Wéi een Impakt déi 152 Kilometer Autobunn, déi sech wéi Läinzeechen duerch déi säfteg lëtzebuerger Wisen a Bëscher zéien, op d'Zuchviggel an d'Fliedermeis hunn. Vun deene 85.000 Fligeren, déi all Joer um Findel fortfléie guer net ze schwätzen. Well déi Suen an d'Kees bréngen, ass dat dann net sou schlëmm. Dat léisst sech relativiséieren.
An dunn hunn ech nees missen un dee lächerlechen Nation Branding denken, an dee bis zu 2 Milliounen Euro gestach ginn. Um Food For Your Senses trieden all Joer ronn 40 lëtzebuerger Gruppen op, an et weise bal genee souvill Kënschtlerinnen a Kënschtler hir Aarbechten. Et gëtt keng besser Vitrine vun der Kreatioun zu Lëtzebuerg. Gitt dach mol dohinner kucken, amplaz sou een debillen Opruff ze maachen!
Et ass kloer, dass et net um Kulturministère war, fir dem Festival een Terrain z'organiséieren. Dass et awer vun der Ministesch guer keng Reaktioun op déi sëllechen SOS-Messagen an der Press gouf, an dass d'Direktioun et mol net fir néideg fonnt huet fir op E-Mailen an Telefons-Apellen ze äntweren, ass lamentabel. An no engem Bréif, an deem de Bob Krieps d'Wichtegkeet vum Event fir d'lëtzebeurger Kulturlandschaft ënnerstrach hat, an nodeems d'Maggy Nagel d'lescht Joer perséinlech iwwer de Rock-a-Field stolzéiert war a sech vum Eldo als cool Ministesch feiere gelooss huet ass et carrément heuchleresch.
Lëtzebuerg brauch de Food For Your Senses. Et ass een Deel vun eisem pop-kulturelle Patrimoine. An domat och ënner der Responsabilitéit vum Staat, deem hektareweis Lännereie gehéieren.