Als éischt misst ee sech froen, wat Kulturgeschicht eigentlech wier, esou d'Jeanne Glesener. Haut wier een an der Kulturfuerschung op deem Punkt wou ee géif soen, datt Kultur net just déi "schönen Künste" wier. Et wier net nëmmen d'Höhenkammliteratur, d'klassesch Musek oder d'Konscht. Haut hätt een do e wierklech anere Gesiichtspunkt drop. Et géif ee soen, dat alles Kultur ass, wat an der Gesellschaft eben och Bedeitung zougeschwat géif kréien.
Als Kulturfuerscher géif ee sech fir déi materiell Artefakter vun der Kultur interesséieren, also Wierker, Texter, Biller, Performance, a sou weider. Wichteg wier awer och d'Sënnzouschreiwung, also d'Bedeitungen, déi een dësen Artefakte vun der Gesellschaft géif zouschreiwen, esou d'Jeanne Glesener. Da géif ee sech och fir Institutiounen, Politiken oder d'Wirtschaft interesséieren. "Deemno wär et eis ebe wichteg, eng Struktur ze fannen déi Bedeitungszouschreiwungen [...] och z'erfaassen", esou d'Jeanne Glesener.
Terminer vun der Virliesungsrei:
27. Februar | D'Kulturgeschicht vu Lëtzebuerg an enger transnationaler Perspektiv (Michel Pauly) |
6. Mäerz | Lëtzebuerg am 19. an 20. Jorhonnert (Michel Pauly) |
13. Mäerz | Industrialisation et société luxembourgeoise (19e-21e s.) (Denis Scuto) |
20. Mäerz | Wéi Lëtzebuerg dräisproocheg ginn ass (Fernand Fehlen) |
27. Mäerz | Vernetzung vu Literatur- a Kulturgeschicht unhand vu Beispiller aus dem 19. bis 21. Joerhonnert (Jeanne E. Glesener) |
10. Abrëll | En Iwwerbléck vun der professioneller Theaterlandschaft zu Lëtzebuerg, vun hiren Ufäng bis haut (1964-2017) (Ian De Toffoli) |
17. Abrëll | L'Art au Luxembourg (1815-1975) (Edmond Thill) |
24. Abrëll | Art contemporain et photographie au Luxembourg depuis 1980 (Paul Di Felice) |
8. Mee | Lëtzebuerger Musek am 19. Joerhonnert aus enger museksethnologescher an -historiographescher Perspektiv (Damien Sagrillo) |
15. Mee | Luxemburgische Musik des 20. Jahrhunderts (Alain Nitschké) |
22. Mee | Entwécklung vu Film an Televisioun zu Lëtzebuerg (Paul Lesch) |
29. Mee | Mediegeschicht: Radio, geschriwwe Press an Internet (Yves Steichen) |